Wat ass Rechtsstaatlechkeet?

Rechtsstaatlechkeet ass en Term, dee bannent de leschte Méint, zemools am Zesummenhang mat de Verstéiss géint dee Grondprinzip vun der EU an der Haaptsaach vu Polen an Ungarn, vill thematiséiert ginn ass. Mä wat bedeit Rechtsstaatlechkeet eigentlech? Firwat ass et e Grondprinzip vun der Europäescher Unioun?

Enner Rechtsstaatlechkeet versteet een allgemeng, dass jiddereen dem Gesetz ënnerläit, dat heescht, dass jidderee sech un déi Gesetzer muss halen, déi an deem Land an deem ee wunnt, gëllen. Dat gëllt fir eenzel Leit, grouss Konzerner an och Regierungen. Doduerch soll verhënnert ginn, dass eenzel Leit, ma och Gruppe vu Leit, der Laun vun deem, dee grad um Rudder setzt, zum Affer ginn. Fir dass de Prinzip eppes wäert ass, muss d´Justiz en onofhängegen Acteur sinn, dee fräi ka kucken, ob d´Gesetz respektéiert gëtt oder net.

Fir e Bierger bedeit dat konkret, dass hier Grondrechter respektéiert ginn an dass se net kennen einfach esou, well een dat grad fir gutt hält, zum Beispill zum Dout veruerteelt ginn oder se eng Strof net misste bezuelen, well se vill Afloss a Suen hunn. Dat mag an eisem Zäitalter an do wou mir liewen vläicht komesch kléngen, mä dee Prinzip ass net selbstverständlech a gëtt och a groussen Deeler vun der Welt net applizéiert.

Trotz dem Fait, dass de Bill Gates vill Suen an Afloss huet, huet hie sech zum Beispill virun e puer Joer virun engem amerikanesche Geriicht missten veräntweren, well en accuséiert ginn ass, e Monopol ze hunn, wat Browseren ugeet. Dat ass géint eng Rëtsch amerikanesch Gesetzer gaangen. Dat steet zum Beispill am Géigesaz zu enger Rëtsch anere Mënschen an aneren Deeler vun Welt, déi sech wéinst hirem Afloss a Suen net hu missten veräntweren.

Et kann ee soen, dass Rechtsstaatlechkeet véier universell Prinzipien huet. Dat ass éischtens Rechenschaftspflicht, wat bedeit, dass Regierungen, Entreprisen an och eenzel Persounen fir déi Verstéiss, déi se maachen, kenne verantwortlech gemaach ginn; gerecht Gesetzer, wat esou vill bedeit ewéi, dass d´Gesetz gerecht applizéiert gëtt, andeems Grondrechter, d´Sécherheet vun eenzelen Persounen, Besetz a Mënscherechter respektéiert ginn; eng transparent Verwaltung an accessibel an onparteiesch Konfliktresolutioun.

Rechtsstaatlechkeet gëllt och als eent vun de Valeuren vun der europäescher Unioun. Dat ass drop zréck ze féieren, dass et an der Vergaangenheet op europäeschem Terrain eng ganz Rei autoritär Systemer gouf, ënnert deene Leit massiv gelidden hunn. Doduerch versicht d´Unioun dofir ze suergen, dass Rechtsstaatlechkeet wéinstens um Territoire vun der Unioun garantéiert ass. Fir an d´Unioun anzetrieden, mussen déi Valeuren respektéiert ginn. Wann een allerdéngs scho Member ass, gëtt et eigentlech keen effikasse Mechanismus fir och dofir ze suergen, dass déi agehale ginn.

Déi rezent Verstéiss géint Rechtsstaatlechkeet a Polen an an Ungarn, nämlech de Fait, dass d´Regierunge vun deenen zwee Länner d´Onofhängegkeet vum Justizsystem a Fro stellen an deem de deem verschidde Rechter ewech huelen an deelweis an d´Responsabilitéit vun der Exekutiv setzen, stelle Problemer duer, well matzen an der Unioun vu Valeuren am Gaange sinn, sech Staaten ze bilden mat autoritären Zich, déi d´Valeuren net respektéieren. Dat Eenzegt wat d´Traitéen zu dem virgesinn, ass dass eng Prozedur kann ageleet ginn, fir deem Land d´Stëmmrecht am Conseil ewech ze huelen, wat am Fall vu Polen an Ungarn schwiereg gëtt, well d´Länner sech géigesäiteg schützen an de Vote misst unanime sinn, fir dass den Artikel 7 och kéint lancéiert ginn.

 

Artikelen:

Englesch:

Hei gëtt Rechtsstaatlechkeet erkläert.

https://worldjusticeproject.org/about-us/overview/what-rule-law

Den Artikel, zwar vu virum Stemme vum Artikel 7 am Europaparlament geschriwwen, schwätzt haaptsächlech iwwer partei-intern Consideratiounen bannent der EVP wat Ungarn an Fidesz ugeet.

https://www.theguardian.com/world/2018/sep/10/european-parliament-hungary-anti-european-policies-viktor-orban

D´Thema hei ass, ënnert anerem, d´ Suergen, déi sech Membere vun der EVP maachen, iwwert dat wat kéint geschéien, sollt Fidesz aus der EVP austrieden.

https://www.ft.com/content/52a293f8-b67e-11e8-bbc3-ccd7de085ffe

Hei ginn d´Protester a Polen am Juni thematiséiert, déi stattfonnt hunn, wou de President Duda déi nei Justizreformen ënnerschriwwen huet, déi Rechtsstaatlechkeet a Fro stellen.

https://www.theguardian.com/world/2018/jul/26/poland-protests-thousands-cry-shame-against-judicial-reforms

D´Haaptthema ass hei de Vote vum Parlament fir d´Artikel 7 Prozedur anzeleeden, esou wéi partei-intern Suergen vun der Säit vun der EVP, genee esou wéi d´Suergen, déi vun aneren Deputéierte iwwer en Afrostellungen vun demokratesche Wäerter an Ungarn.

https://www.washingtonpost.com/world/europe/eu-lawmakers-move-against-hungary-over-rule-of-law/2018/09/12/6717a0bc-b67e-11e8-ae4f-2c1439c96d79_story.html?noredirect=on&utm_term=.c223bf25c41e

Deen hei Artikel schwätzt iwwer Rumänien an déi rezent Reformen, déi Efforten fir Korruptioun ze bekämpfen gestoppt hunn, an deem se an der Vergaangenheet korrupte Leit, d´Méiglechkeet ginn ouni vill Strof dovun ze kommen.

https://www.ft.com/content/d4e89022-c7bf-11e8-ba8f-ee390057b8c9

Däitsch:

Hei ass eng genee Erkläerung iwwert de Rechtstaat.

https://www.juraforum.de/lexikon/rechtsstaat

D´Haaptthema hei, ass wéi den EVP Fraktiounschef Manfred Weber d´Situatioun an Ungarn gesäit, an dass hie sech, trotz dem Fait, dass e bereet ass Kompromësser anzegoen, dofir entscheet huet, géint Ungarn ze stemmen, well hien, d´Rechtsstaatlechkeet och a Fro gestallt gesäit.

https://www.zeit.de/politik/ausland/2018-09/ungarn-manfred-weber-evp-verfahren-rechtsstaatlichkeit

Den Artikel schwätzt iwwert d´Reaktioun, déi Ungarn géintiwwer vum Vote vum Parlament gewisen hunn, nämlech, dass se de Vote wëllen ufechten.

https://de.reuters.com/article/eu-parlament-ungarn-idDEKCN1LS2C6

Source vum Europaparlament, déi d´Bedenke vun Parlament opzielt an déi nächst Etapp an der Prozedur erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/austria/de/aktuell-presse/meldungen/meldungen-2018/september-2018/pr-2018-sept-5.html

 

Franséich:

An der Haaptsaach schwätzt den Artikel iwwert d´Justizreform an dem Stäerken vun der Exekutiv a rechtleche Froen.

https://www.lemonde.fr/idees/article/2018/07/02/pologne-et-etat-de-droit-dangereuse-impasse_5324414_3232.html

Hei gëtt nach méi am Detail iwwert d´Justizreform a Pole geschwat a wat dat fir de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet bedeit.

https://www.lemonde.fr/idees/article/2017/07/18/pologne-l-etat-de-droit-en-danger_5161935_3232.html

Den Artikel beschreift d´Reformen a Polen, esou wéi d´Resistenz vun der Presidentin vun der Cour supreme a Polen, déi trotz dem Fait, dass se gezwonge gëtt an d´Pensioun ze goen, op d´Aarbecht kennt fir hiert Mandat, wat vun der Constitutioun virgesi gëtt, anzehalen.

https://www.touteleurope.eu/revue-de-presse/etat-de-droit-en-pologne-la-commission-europeenne-entame-une-nouvelle-procedure-d-infraction.html

De Blogpost schwätzt iwwert d´Reform, mä erkläert virun allem den Ursprong vu Fidesz a PiS, mä erkläert och wéi et kéint weidergoen.

https://eulogos.blogactiv.eu/2018/07/25/etat-de-droit-en-pologne-leurope-dans-limpasse/

Hei gëtt d´Situatioun a Rumänien weider thematiséiert an iwwert d´Diskussioun mat der rumänescher Premierministesch am Europaparlament déi lescht Woch geschwat.

https://www.lepoint.fr/monde/l-ue-menace-la-roumanie-de-sanctions-pour-proteger-l-etat-de-droit-03-10-2018-2259887_24.php

 

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.deutschlandfunk.de/rumaenien-und-die-eu-die-justiz-ist-nicht-mehr-unabhaengig.795.de.html?dram:article_id=423867

Bild2:http://www.taz.de/!5518965/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *