Wat sinn Cum-Ex-Geschäfter?

Steierrechtler a Professere schwätze vum „gréisste Steierraub an der Geschicht vun Europa“. Rezent verëffentlecht Dokumenter weisen, dass Banker a Finanzleit verschidden europäesch Staaten nach méi hannergaange hunn wéi bis elo ugeholl. An dëser Editioun vun„a 500 Wierder“ erkläre mir, wéi kriminell Aktionäre mat Cum-Ex-Geschäfter déi europäesch Steiersystemer em Milliounen bedrun hunn.

Fir „Cum-Ex Deals“ ze verstoen, muss ee fir d’éischt wëssen, dass en Aktionär, deen an eng Entreprise investéiert huet an en Deel vun hiren Aktië besetzt, all Joers eng gewëss Zomm vum Benefice vun der Entreprise ausgeschott kritt. Dëst nennt een eng Dividende, d’“Zënsen“ vum investéierte Kapital. Op dëser Dividende gëtt eng Steier an den europäesche Staaten erhuewen, zu Lëtzebuerg läit dee Steiersaz bei 15%. Wann een awer schonn eng Akommessteier am Ausland bezilt, ass et méiglech, als Aktionär déi bezuelte Steier vum Staat zréck ze froen, fir eng duebel Besteierung vu sengem private Verméigen ze verhënneren.

Genau do fänkt den Trick mat de Cum-Ex Geschäfter un. Stelle mir eis vir, de Michel, d’Amandine an de Kim wéilten zesumme méi Profit aus hirem Kapital schloen. De Michel besëtzt Aktië vun der Association Narin, déi dëst Joer e Benefice gemaach huet an deen a puer Deeg a Form vun Dividenden un d’Aktionnären ausgeschott gëtt. An deem Moment verkeeft d’Amandine Aktië vun der Association Narin, déi si nach guer net besëtzt, un de Kim. An der Ekonomie nennt een dëse Verkaf „short selling“. De Michel kritt säin Deel vun der Dividende, a kann seng dorops bezuelten Tax op legalem Wee vum Staat zréck froen (cum/mat Dividende). Allerdéngs ass d’Amandine dem Kim nach ëmmer Aktië schëlleg, an déi keeft si elo dem Michel of fir dem Kim se ze ginn. Zum Zäitpunkt, wéi d’Association Narin hire Gewënn verdeelt huet, war de Kim formell awer schonn Aktionär a ka mat engem Steierzertifikat behaapten, dass hien d’Steier vum Dividende bezuelt huet. D’Finanzamt weess awer net, dass de Kim ni eppes mat enger Dividende a Steier ze dinn hat, a gëtt him déi Steier erëm (ex/ouni Dividende). Sou konnten déi dräi eng Steier vum Staat duebel revendiquéieren, déi nëmmen eng Kéier vum Michel bezuelt ginn ass.

Dës illegal Pratique gouf a Lëtzebuerg bis elo nach net grouss thematiséiert, mee d’Gesellschaft fir Recherchë “Correctiv” huet de Fall analyséiert a erausfonnt, dass europawäit iwwer Joerzéngte ronn 55 Milliarden Euro vum Steierzueler esou ofgezweigt gi sinn, dovunner de gréissten Deel an Däitschland, mee och an Dänemark an an der Belsch. Fir déi gigantesch Zuel an e Kontext ze setzen: 55 Milliarden Euro entspriechen dem kompletten PIB vu Lëtzebuerg.

Et ass extrem schwéier fir d’europäesch Länner, esou Steiertricken ze dechiffréieren, well d’Kompetenz an deem Fall op d’Nationalstaaten fält. Wärenddeem d’EU-Staaten Mechanismen erschaff hunn, fir z.B. Donnéeën iwwer Flüchtlingen an Terroriste mateneen ze deelen, ass et méi schwéier fir ee Land, Accès op auslännesch Steiererklärungen ze kréien. Soumat ass et bal onméiglech, eng kloer Transparenz an dësem Dossier ze kréien. Och wann e Whistleblower elo fir d’éischt an engem Reportage vu Panorama (ARD) iwwer de Steierbedruch schwätzt, ass et extrem schwiereg, fir all Bedeelegten ze verfollegen, well et sech net em Eenzeltäter, mee em e ganz komplexe System handelt.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Cum-Ex-Geschäfter aus lëtzebuerger Siicht.

https://www.wort.lu/de/business/naechste-etappe-in-der-cum-ex-affaere-5bc8c0e4182b657ad3b96408

-Eng gudd Grafik fir d’Cum-Ex-Files duerzestellen

https://www.zeit.de/wirtschaft/2017-05/cumex-skandal-steuern-verlorene-gelder-deutschland

Franséich:

Cum-Ex-Files a Frankräich

https://www.lemonde.fr/cumex-files/article/2018/10/18/cumex-files-en-france-plusieurs-milliards-d-euros-d-impots-sur-les-dividendes-echappent-chaque-annee-au-fisc_5371230_5369767.html

Eng Erklärung vum System op franséich

https://www.lemonde.fr/cumex-files/article/2018/10/18/cumex-files-quand-jerome-kerviel-alertait-les-senateurs-sur-le-scandale-aux-dividendes_5371379_5369767.html

Englesch:

Politik réagéiert op d’Cum-Ex-Geschäfter

https://uk.reuters.com/article/us-banks-dividendstripping-europe/european-politicians-call-for-clampdown-on-tax-trade-trick-idUKKCN1MT1OR

Cum-Ex System Erklärung

https://www.independent.ie/business/world/santander-is-latest-bank-targeted-in-germanys-giant-tax-fraud-probe-37436260.html

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.focus.de/finanzen/boerse/mehr-als-50-milliarden-euro-beutezug-auf-steuerzahler-kosten-schaden-durch-cum-ex-deals-groesser-als-gedacht_id_9781046.html

Bild2:http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/f-a-z-exklusiv-die-erste-anklage-wegen-cum-ex-geschaeften-steht-bevor-15135282/bei-so-genannten-15069192.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *