Wat si „midterm elections“ an den USA ?

Nächst Woch en Dënschden sinn an den USA déi sougenannte „midterms“. Wat sinn d’ “midterms” a wat bedeiten si fir den aktuelle republikanesche President Donald Trump? Dat gitt dir dës Woch am Artikel gewuer.

Den Donald Trump ass elo schonn zwee Joer de President vun den USA an elo sti „midterms“ virun der Dier. Dës Wale gëllen als Stëmmungsindikator vun den Amerikaner mat der Politik vun hirem President Donald Trump. Wéi den Numm et schonns ë wéineg verréit, sinn et Zwëschenwalen, déi all zwee Joer ëmmer um éischten Dënschden am November ofgehale ginn. Dowéinst falen déi Walen och al zwee Joer mat den amerikanesche Presidentewalen openeen. D’Amerikaner ginn an den Zwëschenwalen dozou opgeruff, een Deel vum Kongress néi ze wielen. De Kongress besteet aus dem Representantenhaus an dem Senat an d’Wielerschaft wielt een Drëttel vum Senat an dat ganzt Representantenhaus.

Aktuell hunn d’Republikaner 51 vun 100 Sëtz am Senat, dovu ginn elo 9 Sëtzer nei gewielt. D’Demokraten hunn 49 vun 100 Sëtz a sti 26 Sëtz zur Wal. Also mussen d’Demokraten all hier 26 Sëtz behalen a minimum zwee Sëtzer vun de Republikaner bäikréien, fir eng Majoritéit am Senat ze kréien. Mee fir d’Demokrate wäert et duerch déi wéineg zur Wal stoend Sëtzer vun de Republikaner schwéier ginn, eng Majoritéit ze forméieren.

Besser gesäit et fir d‘Demokrate bei der ganzer Wal vum Representantenhaus aus. D’Republikaner hunn 236 Sëtzer, d’Demokraten hunn 193 Sëtzer am Representantenhaus a 6 Sëtzer si vakant, also am Ganze 435 Sëtzer. Fir dat d’Demokraten eng Majoritéit am Representantenhaus kréie mussen si 23 Sëtzer dozou gewannen, fir d’Majoritéit ze kréien. Aktuell kéint et no Ëmfroen no sinn, dat d’Demokraten déi 23 Sëtzen gewanne kéinten.

D’Demokraten hunn nach ni esou vill Fraen als Kandidatinne gehat ewéi bei dëse „midterms“. Och hunn sech vill méi Frae mobiliséiert fir fir d’Zwëschenwale wielen ze goen. Dat kann een duerch déi vill Debatte vun der #metoo- Beweegung erklären an och vum ëmstriddene Riichter Kavanaugh, deen als streng konservativ gëllt. Et sinn och méi jonk Wieler registréiert, well si sech och mobiliséiert hunn an sech méi géint eng liberal Waffepolitik ausschwätzen, géint de Klimawandel protestéieren, sech fir en bessere Gesondheetssystem interesséieren an och fir eng méi liberal Immigratiounspolitik sinn.

Wann d’Demokraten an deenen zwee Haiser oder och an engem Haus d’Majoritéit kréie géifen, da kéinten si wichteg Gesetzer vun de Republikaner blockéieren oder och duerch wichteg politesch Instrumenter wéi zum Beispill „subpoena power“, domat kéinten d’Demokraten Enquêtë lancéieren. Eng Majoritéit am Representantenhaus kéinten d’Demokraten och een Amtsenthiewungsverfahren (Impeachment) aleeden. Allerdéngs brauch een dofir am Senat Zweedrëttel vun de Stëmmen. Den Donald Trump huet als President déi héchste Muecht an den USA, dowéinst tendéiert et éischter dozou, dat et zum politesche Stëllstand komme kéint. Wann alles esou bléift, dat d’Republikaner hier Majoritéiten an deenen zwee Haiser verdeedege kënnen, dat kann den Donald Trump déi nächst zwee Joer erëm esou weiderfuere wéi déi lescht zwee Joer.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

 

Däitsch:

Midterms an déi politësch Spannungen zwëschend den Republikaner an den Demokraten

https://www.focus.de/politik/ausland/usa/kongresswahlen-2018-trump-und-die-midterms-wahlen-in-einem-gespaltenen-land_id_9841357.html

D’Serie vun den Bréifbommen an den USA

https://www.sueddeutsche.de/politik/hillary-clinton-donald-trump-barack-obama-1.4187737

Englesch:

Déi aktuell Migratioun aus Südamerika an den Walkampf

https://edition.cnn.com/2018/10/31/media/media-coverage-migrants-donald-trump/index.html

Analyse dat Demokraten eng Majoritéit am Representantenhaus kréien

https://edition.cnn.com/2018/10/31/politics/nancy-pelosi-house-democrats-midterms-voting/index.html

Franseich:

Vill Kandidatinnen bei den midterms

https://www.liberation.fr/planete/2018/10/19/midterms-les-femmes-menent-la-charge_1686558

Trump mecht säin Walkampf

https://www.lemonde.fr/elections-americaines-mi-mandat-2018/article/2018/10/27/midterms-trump-electrise-les-electeurs-republicains_5375437_5353298.html

 

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.express.co.uk/news/world/1040078/Midterm-elections-2018-What-do-midterms-mean-for-Donald-Trump

Bild2:https://www.welt.de/politik/ausland/article182338790/Midterm-Elections-2018-Was-ist-das-Was-bedeuten-sie-fuer-Trump.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *