Gëtt Geoblocking wierklech ofgeschaf?

Den 3. Dezember trëtt an der ganzer EU eng Veruerdnung a Kraaft, déi de sougenannte “Geoblocking” reegelt. Kann een also elo alles vun iwwerall bei sech heem liwwere loossen, z.B. Schong aus Däitschland op Lëtzebuerg?

U sech si mer an der EU an engem eenzege Bannemaart, an deem also Wueren a Servicer sech ouni Grenze beweegen dierfen, a jiddereen onofhängeg vu senger Nationalitéit a sengem Wunnsëtz muss behandelt ginn. Dat ass net selbstverständlech, wien ausserhalb vun der EU reest muss z.B. dacks fir Entréeën dropbezuelen, well an Auslänner ass.

Internetsäiten erkennen awer automatesch vu wéi engem Land aus een op hir Säit zougräift, beim Beispill mat de Schong wëssen se z.B. dass ee grad net an Däitschland sëtzt. Wann de Schongbuttek eng extra Säit fir Lëtzebuerg huet, da kritt een deemno wéi just déi ze gesinn, an domat och e Choix a Präisser déi anescht si wéi an Däitschland. Ab dem 3. Dezember muss dowéinst jiddereen Accès op all déi aner Länner-Säite kënne kréien, z.B. fir Präisser ze vergläichen – ganz egal, wou ee wunnt a wéie Pass een huet.

Dat heescht net, dass d’Firma an der ganzer Unioun di selwecht Präisser muss ubidden: Wann d’Schong an z.B. engem Land grad guer net fort ginn huet d’Firma nach ëmmer d’Recht, se do zou engem méi bëllege Präis unzebidde wéi am Nopeschland, wou et grad en Hype fir se gëtt. D’Firma muss och net an all Land liwweren, se muss awer erlaben dass jiddereen d’Schong an deene Länner, wou hi geliwwert gëtt, se zu de selwechte Konditiounen a Präisser ofhuele kann wéi een dee se vun deem Land aus bestellt.

Ween also zu Iechternach wunnt, huet d’Recht, d’Schong op di aner Säit an Däitschland sichen ze goen an dobäi di selwecht Konditiounen ze hunn wéi en Däitschen. Dat kléngt ëmständlech, mee vu dass d’EU de gréisste Bannemaart op der Welt ass, si potenziell immens vill Suen ze verdénge mat Servicen, déi Bestellunge ofhuelen a se bei de Client bréngen.

Ähnlech ass et iwwregens, wann ee Servicen an engem anere Land bucht: Wann z.B. eng schwedesch Touristin vun doheem aus en Auto oder en Hotel fir seng Vakanz a Spuenie reservéiert, muss d’Internetsäit hir déi selwecht Präisser (an eventuell Rabatter) gi wéi engem Spuenier, dee vun doheem aus iwwert den Internet bucht.

Mat der Veruerdnung wäert ee wuel och net méi frustréiert si wann ee sech laang duerch eng Säit geklickt huet mee finalement net bezuele kann, well ee keng Kreditkaart aus dem Land vun der Firma huet. Dat ass ab dem 3. Dezember verbueden: Wann eng Säit eng Bezuelmethod an engem Land ubitt, da muss déi Bezuelmethod an der Reegel fir jidderee vun där hallwer Milliard Europäer disponibel sinn.

A wat ass mat Spotify, Netflix, Youtube etc.? Ween op ee vun dëse Servicen abonnéiert ass ka se wéinst enger anerer EU-Veruerdnung bei kuerzen Openthalter an anere Länner weider benotzen, d’Firmen hunn awer hei nach ëmmer d’Recht fir an all Land aner Saachen unzebidden. Dat hänkt domat zesummen, dass d’Auteursrecht z.B. a Frankräich traditionell ganz staark ass, wärend et an anere Länner manner grouss geschriwwe gëtt. Zu honnert Prozent ass de Geoblocking also nach net fort, mee ëmmerhi steet an der Veruerdnung dass an zwee Joer e Bilan gemaach soll ginn, a sech och bei deem dote Punkt Saachen doe sollen.

 

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

Wou et awer nach Ausnahme gëtt, kënnt der hei liesen:

https://www.nzz.ch/wirtschaft/die-eu-schleift-binnengrenzen-fuer-das-online-shopping-ld.1354918

Wat ass den europäesche Bannemarché?

http://www.bpb.de/internationales/europa/europaeische-union/42858/grafik-binnenmarkt

 

Franséisch:

Verschidde Leit fuerderen, dass ee méi wäit goe misst:

https://www.touteleurope.eu/actualite/marche-numerique-unique-et-apres.html

Ee méi alen Interview, an deem et em de gemeinsamen digitale Marché geet:

https://info.arte.tv/fr/entretien-avec-andrus-ansip

 

Englesch:

Wat ännert sech genee fir mech als Client?

https://ec.europa.eu/digital-single-market/en/faq/geo-blocking

Dass d’Avantagen vun Europa net selbstverständlech sinn, kënnt der hei fir de Fall vum Brexit liesen:

https://www.independent.co.uk/life-style/gadgets-and-tech/news/spotify-netflix-blocked-brexit-no-deal-watch-eu-blocked-uk-british-holiday-latest-a8580901.html

Sourcë vun de Biller:

Bild 1:https://www.rundschau-online.de/ratgeber/finanzen/geld/-grenzgaenger-shopping-rechte-beim-einkaufen-in-europa-4334032

Bild 2:https://twitter.com/eu_commission/status/735423768852635649

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *