Déi nei Seidestrooss

Queesch duerch d’Welt investéiert China a nei Transportweeër an a Firmen, och an Europa. Wisou stoussen dës Investitiounen op Kritik?

Viru manner wéi 40 Joer war China eent vun den äermste Länner op der Welt, nach 1981 hunn hei 88 vun 100 Leit mat manner wéi 1,90 Dollar den Dag gelieft. Reformen hunn d’Land dunn zur zweetgréisster Wirtschaft op der Welt gemaach, kee Land exportéiert haut souvill wéi China. Gläichzäiteg ass d’Land ëmmer manner zréckhalend, wann et drëm geet Afloss an anere Länner auszeüben, virun allem säit de Xi Jinping 2012 d’Leedung vum Land iwwerholl huet. Kuerz no sengem Untrëtt huet hien de Projet vun enger “neier Seidestrooss” lancéiert, an där Asien, Europa an Afrika besser matenee verbonne solle gi fir den Handel tëscht de Länner unzedreiwen. Dofir musse vill Stroosse gebaut, Gleise geluecht an Häfen erriicht ginn, a China ass bereet vill Suen dran z’investéieren – vun iwwert enger Billioun US-Dollar gëtt geschwat.

Dës Investitiounen, déi an der Reegel iwwer Kreditter fonctionnéieren, solle fir Wuesstem a Wuelstand an de betraffene Länner suergen, an dat sinn der vu Vietnam bis Holland iwwer 60. A ville Länner sinn d’Investitiounen an Infrastrukturë wëllkomm, an oft ka China déi mat eegenem Knowhow, eegene Firmen a souguer eegenen Aarbechter liwweren.

Dass dës Kreditter an déi wirtschaftlech Ubindung u China d’Länner oft vum Rise-Räich ofhängeg maachen, stéisst awer mëttlerweil och an Europa op Widderstand. Besonnesch Opmierksamkeet krut hei de griicheschen Hafe vu Piräus, an deem eng staatlech chinesesch Firma säit knapps dräi Joer d’Soen huet a wou se massiv investéiert. Den Hafe läit perfekt fir chinesesch Importer vum Schëff op Zich ëmzelueden a weider erop an Europa ze schécken, weltwäit wiisst keen Hafe méi séier. Dat si gutt Nouvellen an engem Land, wou méi wéi ee vun dräi Jonke keng Aarbecht huet.

Doduerch gëtt China wichteg fir Griicheland, a säit den Investitiounen huet den EU-Member sech a verschiddene Saache géint seng europäesch Partner an op déi chinesesch Säit gestallt – notamment wann et drëm gaangen ass, zesummen als EU Mënscherechtsverletzungen a China unzeschwätzen. A Portugal an Tschechien gesäit et ähnlech aus.

Parallel wëll China zum High-Tech-Leader ginn, a keeft sech dofir a vill europäesch Firmen an (Volvo, Mercedes-Benz, …). Grouss Länner wéi Däitschland si mëttlerweil dorop opmierksam ginn, notamment och wéinst Stroumnetzer, un deene chinesesch Firmen sech bedeelege wollten. Zwee Mol huet déi däitsch Regierung déi chinesesch Bedeelegung an dësem sécherheetsrelevanten Domaine ofgewiert. D’selwecht ass et engem belsche Stroumnetz ergaangen, de Geheimdéngscht huet hei viru chinesescher Spionage gewarnt.

Véier Deeg nodeems déi Iwwernam an Däitschland verhënnert gouf, gouf zu Lëtzebuerg eng ugekënnegt: China Southern Grid (CSG) besëtzt säit dem Summer 2018 knapps e Véierel vun Encevo, där mat Creos an Enovos déi zwee wichtegst Acteuren um Lëtzebuerger Energiemarché gehéieren. Besonnescht Creos ka vill vu CSG léieren, déi mam zweetgréisste Stroumnetz op der Welt vill Knowhow besëtzt. Dat z.B. an der Elektromobilitéit a beim Asaz vu Batterien, wou Europa China hannendruleeft. Op der anerer Säit dierft d’Nouvelle grad an Däitschland keng Freed bereet hunn: Zu Encevo gehéiert och Creos Deutschland, dat an Däitschland e Gas- a Stroumnetz bedreift. Doduerch konnt China also schlussendlech trotzdeem op den däitsche Marché virdrängen.

Et bleift also ofzewaarden, ob déi europäesch Staate sech an Zukunft vu China splécken a lenke loossen oder mat enger eegener Strategie äntwere – China huet op jidder Fall eng.

 

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

D’Neue Zürcher Zeitung iwwert déi nei Seidestrooss a Portugal:

https://www.nzz.ch/wirtschaft/portugal-glaubt-an-die-seidenstrasse-ld.1442317

Wéi Däitschland bei Iwwernahme vun däitsche Firmen duerch chinesescher Firme matschwätze wëll, beschreift dësen Artikel aus dem Handelsblatt:

https://www.handelsblatt.com/politik/deutschland/investoren-aus-dem-ausland-bundesregierung-will-huerden-fuer-uebernahmen-aus-china-erhoehen/22886982.html

 

Franséisch:

Reportage vu France Info iwwert d’Virléift vu chinesesche Firme fir den europäeschen Energiesecteur:

https://www.francetvinfo.fr/monde/chine/energie-les-appetits-chinois_2918191.html

RTS iwwert d’Scholden, déi vill Länner fir d’Seidestrooss maachen:

https://www.rts.ch/info/economie/9813770-les-nouvelles-routes-de-la-soie-chinoises-font-s-envoler-les-dettes.html

 

Englesch:

Iwwersiicht vu Bloomberg iwwert Investissementer, déi China an europäesch Firme getätegt huet:

https://www.bloomberg.com/news/articles/2018-11-26/china-makes-new-friends-in-europe-s-former-crisis-nations

Foreign Affairs iwwert dem Xi Jinping seng Vue op d’Welt:

https://www.foreignaffairs.com/articles/china/2018-05-10/how-xi-jinping-views-world

 

Quelle vun de Biller:

Bild 1:https://www.hongkongfp.com/2016/10/15/hidden-strategic-goals-one-belt-one-road-marshall-plan/

Bild 2:http://www.badische-zeitung.de/wirtschaft-3/china-will-die-seidenstrasse-neu-beleben–136820520.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *