Wat ass de gilets jaunes-Mouvement?

Wat am November als simpele Protest géint d’Erhéijung vun den Accisen um Diesel ugefaangen huet, huet sech no puer Woche vu Protester Ufank Dezember zu enger sozialer a politescher Kris a Frankräich établéiert.

D’Manifestanten – déi en gielen Sécherheetsgilet als Symbol vun hirem Mouvement benotzen – sinn déi éischte Kéier de 17 November op d’Stroossen gaangen fir géint déi néi Mesuren vun der Regierung ze protestéieren. Zënterhier hunn d’gilets jaunes op weidere Weekender gréisser Manifestatiounen an den Groussstied organiséiert fir Drock op den President Macron auszeüben.

De Mouvement ass ënner anerem schwéier ze définéieren, well en immens dezentraliséiert ass. Et gëtt keng « Symboulfigur » déi de ganze Mouvement representéiert. D’franséisch Manifestante sinn aus de verschiddensten Altersklassen an aus de verschiddenste politesche Parteien. Deementspriechend spigelt d’Varietéit vun de Profiller sech och an hire Revendicatiounen erëm.

Eng Majoritéit dovunner setzt sech fir en méi fairen Taxesystem an, wärend anerer eng Erhéijung vum Mindestloun verlaangen, well d’Kafkraaft vun der Populatioun hirer Meenung no drastesch noléisst an d’Aarmut a Frankräich eropgeet. D’Schüler an d’Pensionnaire déi dem Mouvement iwwerdeems bäigetruede sinn, fuerderen och Changementer par Rapport zum Educatiounssystem an zu der Pensiounsreform.

D’gilets jaunes hunn d’Bierger dozou opgeruff d’Stroossen an de franséische Groussstied ze blockéieren. Verschidde Leit hunn awer och net gefaart fir op Gewalt zeréck ze gräifen fir sech Geheier ze schafen. Dëst huet natierlech negativ Auswierkungen op d’franséisch Ekonomie an d’Reputatioun vum Land, vu que dat den Ëmsaz vu ville Geschäfter, Hoteller, Restauranten etc. erofgaangen ass, dat d’Unzuel vun den Touristen  ofgeholl huet, an dat d’Beléiftheet vum Emmanuel Macron nach méi niddereg ass ewéi virdrun. Verschidde Manifestanten verlaangen souguer dat de  franséische President  aus senger Funktioun zerécktrëtt an seng Regierung opgeléist gëtt.

De President Macron huet dunn Ufank Dezember eng ganz Reih Mesuren annoncéiert fir den Demanden vum Mouvement entgéint ze kommen. Dës koumen nodeems eng éischt Annonce dass d’Hausse vun den Taxen op Bensin net géifen emgsat ginn. Ënner anerem soll de Minimum-Salaire em 100€ erhéicht ginn an et solle keng Steieren op d’Iwwerstonnen am Joer 2019 an op d’Bonussen fir d’Joer 2018 erhuewe ginn.

Wéi sech dës annoncéiert Mesuren op de Budget auswierken ass eng wichteg Fro. Dem President Macron seng Reformideen fir d’Eurozone baséieren um Verspriechen, dass Frankräich d’Budgetsreegelen vun der EU anhält an seng Staatsschold reduzéiert. Ausserdeem bleift ofzwaarden wéi dëse Revirement d’Kapassitéit vun der Regierung fir d’Land ze reforméiere wäert beaflossen. De President Macron huet e feste Plang fir Reformen a villen emstriddene Froen fir de Rescht vu sengem Mandat firgesinn.

Säit deem d’Mesuren annoncéiert goufen si sech d’gilets jaunes oneens doriwwer ob si sollen de Mouvement weiderféieren. D’Zuel vun Demonstranten ass och an de leschte Wochen zeréck gaangen, woubäi een awer och a Betruecht muss zéien, dass kuerz no dem Macron sengen Annoncen eng Terrorattack op de Stroossbuerger Chreschtmaart geschitt ass.

Et bléift also weider ofzewaarden ob déi zwee Campen op en gemeinsamen Nenner kommen wäerten, ouni dat d’Regierung seng ekonomesch an ekologesch Pläng fir d’Zukunft ze vill beanträchtegen muss.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Déi franséisch Regierung kënnt der “gilet jaune Bewegung” entgéint.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/frankreich-zusagen-an-gelbwesten-kabinett-beschliesst-sozialpaket-a-1244652.html

Wat fuerdert de Mouvement?

https://www.stern.de/politik/ausland/frankreich–das-sind-die-forderungen-der-gelbwesten-8479118.html

Englesch:

Ee Gesiicht vun der Beweegung gouf festgeholl

https://www.telegraph.co.uk/news/2019/01/03/arrest-yellow-vest-figurehead-prompts-calls-hardening-french/

Eng Erklärung firwat den Emmanuel Macron net méi esou populär ass

https://www.independent.co.uk/voices/emmanuel-macron-gilets-jaunes-protests-france-election-politics-malaise-brexit-theresa-may-a8676621.html

Franséisch:

Eng Analyse vun den Originne vum Mouvement

https://www.lemonde.fr/societe/article/2018/11/28/les-gilets-jaunes-le-symptome-d-une-france-fracturee_5389616_3224.html

Eng Analyse iwwert d’Beweegung

https://www.nouvelobs.com/societe/20190104.OBS7956/la-colere-va-se-transformer-en-haine-des-gilets-jaunes-ecrivent-a-macron-avant-l-acte-8.html

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.20minutes.fr/societe/2408235-20190104-gilets-jaunes-mobilisation-baisse

Bild2:https://www.valeursactuelles.com/politique/gilets-jaunes-le-gouvernement-sagace-du-traitement-mediatique-100931

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *