Däitschland – Aus fir d’Kuelekraaftwierker

Däitschland huet um Samschdeg Moien decidéiert bis Ënn 2018 kee Stroum méi duerch Kuelen ze produzéieren. Wéi kennt et zu dësem Beschloss an ass dëst realistesch?

Schonn 2011 huet Däitschland decidéiert bis 2022 komplett op Atomstroum ze verzichten. De nächste Schrëtt a Richtung nohaltege Stroum huet d’Bundesregierung dunn de 6. Juni 2018 gemaach. Eng nei Kommissioun, genannt Kommissioun fir Wuesstem, Strukturwandel a Beschäftegung, gouf agesat fir, ënnert anerem, no a no ëmmer méi op ökologeschen a nohaltege Stroum ze setzen. De 26. Januar huet elo déi genannte Kommissioun hire Bericht un d’Regierung weider ginn. Dobäi ass ze betounen dass dës Kommissioun do ass fir hier Meenung ofzeginn, ze recherchéieren an e Kompromëss aus ze schaffen. D’Politik muss awer duerno d’Decisioun huelen op dëst ëmsetzbar ass. Deemno solle bis 2038 déi lescht Kuelekraaftwierker ofgeschalt ginn.

Fir dass dëst méiglech ass gëtt déi däitsch Regierung bis deen Datum 40 Milliarden un d‘Bundeslänner fir dësen Ausstig ze erméiglechen, ouni dass d’Stroumpräisser an d’Luucht ginn an den Aarbechtsmarché wéi och déi sozial Leeschtungen ofgeséchert sinn. Dei betraffe Bundeslänner sinn virun allem Nordrhein-Westfalen, Sachsen, Sachsen-Anhalt a Brandenburg. Si géifen am meeschte vun de finanziellen Entlaaschtungen déi d’Regierung hinnen zou sprieche soll, profitéieren. 2032 soll gekuckt ginn op et méiglech ass dësen Ausstig schon 2035, also 3 Joer éischter ze vollzéien. Dobäi misst dann awer e Kompromëss mat alle Bedeelegte fonnt ginn, virun allem d’Betriber missten domadder averstane sinn.

Eng gutt Partie u Leit sinn dobäi vun deser Entscheedung concernéiert. Vun Aktiviste fir d’Ëmwelt, déi mengen dass dëse Kompromëss net duer geet fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes ze erreechen, also d’Äerderwiermung op 1.5 Grad ze begrenzen, bis Energiekonzerner, wéi beispillsweis RWE, déi fäerten Däitschland géif esou hier Wettbewerbsfäegkeet verléieren an d’Stroumpräisser géifen ze séier an d’Luucht goen.

Mat déi wichtegst Fro um Verhandlungsdësch fir dëse Kompromëss zu staanen ze bréngen, war wéi séier an a wéi enge Schrëtt Gewënnung vu Stroum aus Kuele soll zu Enn goen. Ongeféier een Drëttel vum däitsche Stroum kennt aus Kuelekraaftwierker. Am ganze sinn dat 45 Gigawatt, déi just vu Kuelekraaftwierker kommen. Bis 2022 sollen elo 12,5 Gigawatt Leeschtung vum Netz geholl ginn, dovun 3 aus Kuel, da bis 2030 solle just nach 9 Gigawatt Brongkuel an 8 Gigawatt Steekuel um Netz hänken.

Dobäi dierf net vergiess ginn dass an deem Sektor vill Leit beschäftegt sinn, mee och dorun huet d’Kommissioun geduecht. Deemno sollen d’Betriber finanziell entschiedegt ginn a Reegelungen opgestallt gi fir d’sozial Ofsécherung vun den Aarbechter ze garantéieren. E Staatsvertrag soll och déi nächst Regierunge kontraktlech un dëse Kompromëss bannen. Niewebäi proposéiert d’Kommissioun de Bësch “Hambacher Forst” dee vu RWE sollt ofgeholzt ginn a schonn eng Zäitche vun Aktiviste verdeedegt gëtt, erhale bleiwen.

Wann d’Regierung dëse Rapport esou ëmsetze géif wéi d’Kommissioun et virschléit, géif Däitschland e Virreider fir nohaltege Stroum ginn an e grousse Schrëtt a Richtung ökologesch Zukunft maachen.

Weider Artikelen fir ze liesen

Däitsch:

Gëtt de Stroum an Däitschland méi deier?

https://www.handelsblatt.com/politik/deutschland/kohlekommission-der-ausstieg-aus-der-kohle-wird-fuer-unternehmen-und-steuerzahler-teuer/23909538.html?ticket=ST-4354979-EZy1afIBTgbpzeeRnYO7-ap5

Wéi gesäit d’Zukunft fir déi betraffen Bundeslänner aus?

https://www.deutschlandfunk.de/kohleausstieg-das-macht-den-leuten-sorgen.694.de.html?dram:article_id=439800

Franséisch:

Allgemeng Info

https://www.rtbf.be/info/monde/detail_l-allemagne-arretera-le-charbon-en-2038?id=10128892

Wéi ass et a Frankräich mat Kuelekraaftwierker?

https://www.la-croix.com/Economie/France/Ou-reste-centrales-charbon-France-2018-12-13-1200989374

Englesch:

Kuelekraaftwierker ëm um kommen am UK?

https://www.thetimes.co.uk/article/old-king-coal-is-back-as-gas-costs-rise-g2zvhclxd

UK wëll kee Stroum aus Kuele méi

https://www.thetimes.co.uk/article/old-king-coal-is-back-as-gas-costs-rise-g2zvhclxd

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.deutschlandfunk.de/kohleausstieg-das-macht-den-leuten-sorgen.694.de.html?dram:article_id=439800

Bild2:https://www.dw.com/de/kohleausstieg-in-eu-cop23-energiewende-klimaschutz-luftverschmutzung-kosten/a-41222994

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *