Venezuela ass am Moment international an de Medien. De Grond sinn Hyperinflatioun, Hongersnout a virun allem d’Staatskris. Dësen Artikel soll een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun a Venezuela vermëttelen.
Am Ufank vum Joer gouf den Nicolás Maduro, ënner internationalem Protest, als President vu Venezuela fir wieder 6 Joer vereedegt. International Organisatiounen hunn d’Walen als ondemokratesch an domat och als ongëlteg erkläert. Den IWF (Internationale Wärungsfong) huet fir Venezuela eng Inflatioun vun 1.370.000 % berechent. Als Verglach am Südsudan sinn et 90%. Et gëtt och prognostizéiert, dass et am Laf vum Joer och bis op 10.000.000% erop goe kéint.

Venezuela huet déi gréissten Äerduelegreserve vun den OPEC-Staaten. Mee d’Produktioun geet all Joers weider zréck, well d’Land et sech net méi leeschte kann d’Reparatiounen un den Anlagen duerchféiere kann an och doduerch keng néi Buerunge plange kann. Den Export besteet zu 95% aus Äerdueleg, den Effekt ass, dat d’Staatsverscholdung héich bei 162% vum Bruttoinlandprodukt ass. D’Recetten aus dem Äerdueleg sinn och net an d’Zukunft vun der Ekonomie investéiert ginn, mee sinn an Importproduite gaangen, esou sinn dann och déi inlännesch Betriber lues a lues Faillite gaangen. Aus deene Krise resultéiert och, dat schonn no der UNHCR ca. 3 Millioune Venezuelaner geflücht sinn.
Säit Joren demonstréiert een Deel vun der venezuelanescher Populatioun géint de Maduro an seng sozialistesch Regierung. Si si géint seng Politik, well hie vir d’Wirtschaftskris an de Liewensmëttelknappheet responsabel gemaach gëtt. Déi Protester sinn och net friddlech ofgelaf, et si scho méi wéi 100 Mënschen em d’Liewe komm. De Maduro kann awer op verschidden Allianzen hoffen, well Russland a China ënnerstëtzen hie mat Waffen a Kreditter an d’Tierkei ass och op senger Säit. Och verschidde Militären ënnerstëtzen hien.

Den 23. Januar 2019 huet sech de Parlamentspresident Juan Guaidò als Interimspresident selwer ernannt. Hien huet sech do op der Konstitutioun op den Artikel 233 beruff, de seet, dat de Parlamentspresident sech fir eng Iwwergangszäit als Exekutivgewalt ernenne kann, wann de President absent ass. Deen Fall géif virleien, well d’Legitimitéit vum Maduro vun der Nationalversammlung net Unerkannt gouf. D’USA war dat éischt Land, wat de Juan Guaidò als legitimme President unerkannt huet. Dono si knapp 40 Länner och Lëtzebuerg, déi de Juan Guaidò unerkennen. Mee am Moment stinn nach wichteg Militären hannert dem Maduro. De Guaidò huet de Militäre verséchert, dat wann sihien ënnerstëtzen, géifen hinne keng Strofen operluecht aus fréieren Dealer mam Maduro ginn. D’USA hunn och Interessi dorunn, well siErdueleg aus Venezuela importéieren. Den Donald Trump huet och militäresch Interventiounen net ausgeschloss.
D’EU huet de Maduro opgefuerdert bis de leschte Sonnden Neiwalen auszeruffen. Soss géife verschidden EU-Staaten hien offiziell ënnerstëtzen. De Maduro ass dem net no komm an hie leent et kategoresch of un Neiwalen ze denken.
De Guaidò huet international fir Hëllef gefrot, well et wéineg Medikamenter oder Liewensmëttel am Land sinn. Mee de Maduro an d’Militär hunn d’Stroosse blockéiert, dat déi Hëllefen net ukommen. Fir aus der Kris erauszekommen treffen sech verschidden europäesch a südamerikanesch Länner an der Haaptstad vun Uruguay, Montevideo, fir als Kontakt zwësche Regierung an Oppositioun ze vermëttelen.
Weider Artikele Fir ze liesen:
Däitsch
Een Artikel dee beschreift, wéi wann Däitschland déi Inflatioun hätt wéi Venezuela
D’Korruptioun an Venezuela
Franséisch
Een Artikel iwwert den “KontaktGrupp”
Wéi reagéiert déi international Kommunitéit
Englesch
Iwwerbléck iwwert Kris a Venezuela
https://www.bbc.com/news/world-latin-america-36319877
Ekonomesch Informationen iwwert Venezuela
https://www.cfr.org/backgrounder/venezuela-crisis
Source vun de Biller:
Bild1:https://www.voanews.com/a/venezuela-s-maduro-offers-talks-with-opposition-leader-guaido/4771259.html
