Brexit – Een Iwwerbléck

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU trieden. No dräi Joer voller Brexit-Noriichten, gesäit et esou aus, wéi wann mir engem Enn méi no kommen. Mee déi britesch Premierministerin Theresa May huet Problemer, dee mat der EU ausgehandelten Deal, am britesche „House of Commons“ duerchzekréien.


Kuerz no der Chrëschtvakanz ass den Deal fir déi éischte Kéier fir eng Ofstëmmung am Parlament zur Ofstëmmung fräi gemaach ginn. Den Deal ass mat engem historeschen Echec am Parlament duerchgefall. Den Haaptgrond dofir ass de „Backstop“. De Backstop gesäit fir, dat bei engem Echec vun den zukünftege Wirtschaftsbezéiunge keng haart Grenz zwëschen Irland an Nordirland komme soll. Genau heescht dat, dass Groussbritannien an der Zollunioun an Nordirland zousätzlech nach am EU-Binnenmarkt bleiwe soll. Zousätzlech menge verschidde „Hardliner“, dat Groussbritannien fir ëmmer am „Backstop“ bleiwe kéint, well d’EU decidéiert, wann d’Briten de „Backstop“ verloosse kënnen.
Fir nach eng Chance op eng Zoustëmmung vum Parlament ze kréien, ass Theresa May fir weider Diskussiounen op Bréissel geflunn. Mee d’EU ass net méi bereet eppes um Brexit-Deal ze änneren. D’EU wollt puer weider Zougeständnesser maachen iwwert de Backstop, dat en net fir ëmmer méiglech wier. Mee déi zousätzlech Verhandlungen hunn dem Theresa May bis elo nach näischt néis méi bruecht.

D´lescht Woch sinn zu London am Parlament dräi parlamentaresch Ofstëmmungen ugesat ginn. Den 12. Mäerz sollt iwwert de selwechten Deal wéi dee fir am Januar, den May-Deal, ofgestëmmt ginn. Déi Ofstëmmung huet Theresa May fir déi zweete kéier verluer. Dowéinst ass den 13. Mäerz iwwert ee „No-Deal-Brexit“ ofgestëmmt ginn. D‘ Majoritéit am Parlament huet och géint een No-Deal Zeenario gestëmmt.

Dofir ass de 14. Mäerz doriwwer ofgestëmmt ginn, ob den Datum vum Brexit fir e puer Méint verréckelt soll ginn. Dat kann awer just verréckelt gi bis sech dat néit Europaparlament konstituéiert huet, dat wier bis spéitstens Ufank Juli. Fir dee Virschlag huet dat britescht Parlament dofir gestëmmt, da muss dat nach vum Europäesche Rot den 21. Mäerz um EU-Sommet vun de 27-Memberstaaten ofgestëmmt ginn. Gëtt dat vum britesche Parlament oder vum Europäesche Rot refuséiert, da kënnt et em zu engem méigleche „No-Deal-Brexit“. Oder et kann och zu engem neie Referendum, Neiwalen oder aneren Ideen kommen.
Et gi Rumeuren, dat den Nigel Farage, deen en bekennende Brexit-Supporter ass, mam italieneschen Inneminister Matteo Salvini ee Plang gemaach huet, dat Italien enger Verlängerung vum Brexit net zoustëmme sollen. Esou wier dann eng Gefor vun engem No-Deal-Brexit imminent.

Mee bis elo kann een nach näischt genaues soen, wat bis den 29. Mäerz geschitt, ob Groussbritannien aus der EU trëtt, mat oder ouni Deal oder op sech déi britesch Politiker awer ob Neiwalen oder Referendum decidéieren, dat wäert sech an den nächsten zwou Woche weisen.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Eng Chronologie iwwert de Brexit

https://www.sueddeutsche.de/politik/brexit-ueberblick-zeitplan-grossbritannien-1.3364145

Eng Analyse iwwert déi aktuell Situatioun iwwert de Brexit

https://www.zeit.de/news/2019-03/14/brexit-ende-des-chaos-oder-chaos-ohne-ende-190314-99-372551

Franséisch:

Wéi geet et weider?

http://www.lefigaro.fr/international/2019/03/14/01003-20190314ARTFIG00226-bienvenue-dans-un-brexit-sans-fin.php

Virbereedungen op den Brexit

https://www.lemonde.fr/international/article/2019/03/14/en-belgique-l-angoisse-des-pecheurs-d-ostende_5435951_3210.html

Englesch:

Theresa May seet, dat den May-Deal den eenzege Deal ass

https://www.politico.eu/article/may-asks-mps-for-honourable-compromises-to-back-brexit-deal/

Wéi kann den May-Deal nach akzeptéiert ginn?

https://www.independent.co.uk/voices/brexit-mps-support-may-deal-dup-labour-a8826141.html

Bild1:https://www.t-online.de/nachrichten/ausland/id_85391118/niederlage-fuer-theresa-may-britisches-parlament-lehnt-brexit-abkommen-erneut-ab.html

Bild2:https://moneymaven.io/mishtalk/economics/eu-offers-uk-a-slap-in-the-face-deal-assessing-the-current-brexit-odds-jHWpQbEUW0SfPim6Dj6eQA/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *