Wat ass ee bedéngungslost Grondakommes?

Ëmmer méi Experten an Ekonomisten diskutéieren iwwer d’Aféierung vun engem bedéngungslosem Grondakommes. All Bierger, egal op aarm oder räich, soll deemno eng gewëss Zomm u Suen zur Verfügung gestalt kréien an e groussen Deel vun de Sozialleeschtungen ersetzen. An dëser Editioun vun„a 500 Wierder“ analyséiere mir méi genau, wéi sou e Grondakommes ouni Bedéngunge soll ausgesinn.

D’Relevanz vum bedéngungslosem Grondakommes berout op der Fro, wéi eis Sozialleeschtungen (wéi RMG, Kannergeld, Pensiounen etc.) deemnächst solle finanzéiert ginn. An de meeschten europäesche Länner mécht d’Akommessteier nämlech e groussen Deel vun de ganze Staatsrecetten aus. Wann een elo dovun ausgeet, dass an der Zukunft duerch de Gewënn u Produktivitéit, Automatiséierung a kënschtlech Intelligenz manner geschafft gëtt, wäert d’Part vun der Akommessteier am Staatsbudget méi kleng ginn a mir musse nei Quelle fannen, fir d’Sozialleeschtunge vum Staat ze finanzéieren. E Grondakommes, dat jidderengem ouni Géigeleeschtung zur Verfügung gestalt gëtt, kéint verschidde Sozialleeschtungen ersetzen an duerch Quelle wéi eng CO2-Emissiounssteier oder eng Verméigenssteier finanzéiert ginn.

D’Supporter vum bedéngungslose Grondakommes hiewen ervir, dass e Grondakommes gerecht ass an all Mënsch d’Chance gëtt, säi Liewen sou ze féiere wéi en wëll. Huele mir d’Beispill vum RMG: Déi aktuell Sozialpolitik géif dozou féieren, dass et attraktiv gëtt, ze vill vun de Sozialleeschtungen ze profitéieren. Oder wien ass motivéiert, erëm schaffen ze goen, wann ee just e bësse méi verdéngt wéi de Montant vum RMG? Passiivt Verhalen um Aarbechtsmarché géif domat encouragéiert ginn an de Sozialsystem wier net effikass. E Grondakommes bleift allerdéngs erhale wann een decidéiert enger Aarbecht nozegoen. Wann een also weider schafft, kann een nëmmen derbäi gewannen, wärend déi individuell Existenzgrondlag duerch d’Grondakommes geséchert ass. E bedéngungslost Grondakommes géif fir déi méi aarme Leit also e Sprangbriet duerstellen, well se d’Chance kréien, hir Zäit ze notze fir sech weider ze bilden, eng Entreprise ze grënnen oder sech an der Gesellschaft ze engagéieren. Virun allem géif d’Ekonomie dovu profitéieren, well d’Kafkraaft generell erhéicht gëtt.

D’Kritiker gesinn éischter déi negativ Auswierkunge vum bedéngungslose Grondakommes. Stelle mir eis vir, all Mënsch géif eng gewëss Zomm Sue kréien, déi seng Existenzgrondlag séchert: Ween wier nach bereet, méi onangenehm Aarbechten (wéi Toilette botzen, um Bau oder an enger Fabrick schaffen etc.) ze praktizéieren? Entrepreneure missten hiren Aarbechter e méi héije Salaire bidden, fir dass si bereet wieren, weider ze schaffen, obwuel sech eng Entreprise dat villäicht guer net leeschte kéint. Ausserdeem stellt sech d’Fro vun der Noutwendegkeet vum bedéngungslose Grondakommes. Brauch eng Persoun wéi de Mark Zuckerberg wierklech ee „Universal Basic Income“ oder wieren dat net éischter Suen, déi zu Gonschte vu méi wirtschaftlech schwaache Leit benotzt kéinte ginn? De Problem vun der Ongläichheet géif soumat net geléist ginn.

A Finnland ass viru Kuerzem en Experiment mam bedéngungslose Grondakommes op en Enn gaangen. 2000 Aarbechtsloser krute wärend 2 Joer all Mount 560 Euro, mam Zil erauszefannen, ob d’Grondakommes Beschäftegung fërdert an de Sozialsystem vereinfacht. D’Resultater sinn nach net eendeiteg: Wärend d’Participanten sech finanziell méi sécher gefillt hunn a positiv an Zukunft blécken, hat d’Grondakommes net de gewënschten Effekt, d’Leit verstäerkt an den Aarbechtsmarché ze integréieren.

E bedéngungslost Grondakommes kann also als liberal Mesure agestuuft ginn, well et jidderengem erméiglecht, selwer ze decidéieren, wat en mat deene Sue mécht. Et ass een net sou streng un Sozialmesure, déi ee villäicht guer net wëll respektiv brauch, gebonnen. Obwuel e Basisakommes duerch de Mangel u Kenntnisser villäicht nach net ëmsetzbar ass, weist d’Iddi vum Grondakommes, dass et der Wäert ass sech Gedanken driwwer ze maachen.

Wieder Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Effekter vum BGA

http://www.taz.de/!5571951/

D’Finanzéierung vum BGA

https://www.focus.de/finanzen/experten/leistung-vom-staat-wie-ein-grundeinkommen-finanzierbar-waere_id_6858781.html

Franséisch:

BGA aus Finnland erkläert

https://www.latribune.fr/economie/union-europeenne/finlande-le-revenu-de-base-sans-effet-sur-l-emploi-un-an-apres-sa-mise-en-route-806785.html

Englesch:

Indien wëll BGA testen

https://www.ft.com/content/a7ef07ec-2a00-11e9-9222-7024d72222bc

Kritik um BGA fir Indien

https://economictimes.indiatimes.com/news/economy/policy/why-universal-basic-income-is-a-bad-idea/articleshow/68175296.cms

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.internetworld.de/technik/payment/e-geld-beispiele-zahlungsmittel-zukunft-1170059.html

Bild2:https://www.splendid-research.com/de/studie-bedingungsloses-grundeinkommen.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *