Wéieng EU fir Europa?

Ween dat heite liest, un dee gouf de 4. Mäerz e Bréif vum franséische President Emmanuel Macron geriicht: an 28 Zeitungen an 22 huet hien e Bréif un all d’europäesch Bierger adresséiert, an deem en am Virfeld vun den Europa-Wahle fir grouss Reformen an Europa oprifft.

Kuerz drop huet d’Annegret Kramp-Karrenbauer, genannt “AKK”, Parteicheffin vun der stäerkster däitscher Partei CDU a mat gudde Chancen déi aktuell Kanzlerin Merkel ze beierwen, mat engem Bréif a sechs Sprooche geäntwert. Och eng ganz Rëtsch aner däitsch Politiker hunn hir Meenung an Zeitunge verëffentlecht.

Wisou ass déi Ausernanersetzung sou wichteg? A Frankräich an Däitschland liewe net just knapps en Drëttel vun den EU-Bierger a gëtt iwwert en Drëttel Prozent vun der EU-Wirtschaftsleeschtung generéiert, mee och historesch hu béid Länner nom Zweete Weltkrich d’europäesch Eenegung als “europäesche Motor” virugedriwwen. Vill Initiative fir Europa – d’Grënnung vun der EU, den Euro, dass mer fräi iwwert europäesch Grenze reese kënnen – si vun dësen zwee Länner matgedroe ginn, an och an Zukunft sinn et d’Kompromësser vun dësen zwee Länner, déi villes an Europa bestëmme wäerten.

Aus deem Grond war den Echo op déi zwee Bréiwer grouss. Béid Politiker wëllen dat selwecht erreechen: “Europa muss stärker werden” an “faire progresser l’Europe” schéngen zwee Ausdréck vun der selwechter Saach ze sinn, béid Politiker fannen Ännerungen an der EU dréngend néideg. Wann et awer em konkret Projete geet, ginn d’Meenungen dacks an eng méi radikal (Macron) an eng méi moderat (AKK) Richtung: Wou de Macron d’europäesch Eenegung iwwert déi eenzel Staate stellt, well mer just als gëeenegt Europa mat grousse Länner wéi China an den USA seriö matschwätze kënnen, nennt d’AKK d’Virdeeler vum Nationalstaat, well d’Leit sech domat besser identifizéiere kënne wéi mat engem “Iwwer-Staat”. Wou de Macron een zwar un déi eenzel Länner ugepassten, mee europawäit gëllende Mindestloun fuerdert, ass d’AKK géint eng “Europäiséierung vum Mindestloun”. Wou de Macron méi Avantagen fir europäesch Entreprisë fuerdert, seet d’AKK näicht.

Déi däitsch Politikerin proposéiert awer och eng Rëtsch eegen Iddien, z.B. d’Ofschafe vu Steiervirdeeler fir EU-Beamten an dass d’EU-Parlament just nach zu Bréissel, a net och nach zu Stroossbuerg säi Sëtz soll hunn. Dee leschte Virschlag dierft a Frankräich net op Freed stoussen, d’Wirtschaft zu Stroossbuerg hänkt zu groussen Deeler vun der EU-Präsenz of.

Bei aneren Theme sinn déi zwee sech méi eens, zum Beispill wann et drëm geet bei der Migratioun d’Schengen-Grenze méi staark no baussen ze schützen, e gemeinsamen EU-Budget fir Investitiounen an d’Fuerschung ze schafen, a Groussbritannien och nom Brexit an d’europäesch Sécherheetspolitik anzebannen. Verschidden Observateure schwätzen dervun, dass dem Macron seng méi visionär Proposen mam AKK virun allem eng Dosis pragmatesch Niichterkeet verpasst kréien.

Et gouf och notéiert dass de Macron Interessi u méi progressive Proposen huet, well e sech virun allem u liberal Wieler riicht, an op vill Stëmmen ugewisen ass fir seng nach ganz jonk Partei “La République En Marche” am EU-Parlament staark vertrueden ze gesinn. D’AKK ass par contre réischt rezent Cheffin vun der méi konservativer CDU ginn, an där se sech e konservatiivt Profil verschafe wëll. Dowéinst schreiwe verschidden Observateuren, dass no den Europa-Wahlen – a no däitsche Bundeswahlen, déi deemno wéi éischter wéi geplangt geschéie kéinten – déi zwee Politiker an hiren Iddien méi zouenee fanne kéinten.

Et fehlt also net un Impulser fir Europa, an et bleift ofzewaarde wéi eng sech an de nächste Joren duerchsetzen.

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

Dem AKK säi Bréif am Original:

https://www.welt.de/politik/deutschland/article190037115/AKK-antwortet-Macron-Europa-richtig-machen.html

Eng Analyse vun deenen zwee Bréiwer der Neuen Zürcher Zeitung:

https://www.nzz.ch/international/akk-widerspricht-macron-ld.1466096

Franséisch:

Dem Macron säi Bréif am Original:

http://www.lefigaro.fr/elections/europeennes/-pour-une-renaissance-europeenne-le-texte-integral-de-la-tribune-d-emmanuel-macron-20190304

D’Analyse vu sengem Bréif vun Le Monde:

https://www.lemonde.fr/international/article/2019/03/04/la-lettre-d-emmanuel-macron-aux-europeens_5431354_3210.html

Englesch:

D’Vue vum Guardian op dem Macron säi Bréif:

https://www.theguardian.com/world/2019/mar/04/eu-must-learn-from-brexit-and-reform-says-emmanuel-macron

D’Analyse vu Bloomberg vun deenen zwee Bréiwer:

https://www.bloomberg.com/opinion/articles/2019-03-11/don-t-take-kramp-karrenbauer-s-rebuke-to-emmanuel-macron-over-eu

Quelle vun de Biller:

Bild 1: https://www.lexpress.fr/actualite/debats-pourquoi-macron-porte-toujours-une-chemise-blanche_2062046.html
Bild 2: https://www.deutschlandfunk.de/annegret-kramp-karrenbauer-die-konservative-antwort-kann.694.de.html?dram:article_id=411181

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *