Wéi ee Cannabis-Modell fir Lëtzebuerg?

Säit kuerzem ass zu Lëtzebuerg medezinesche Cannabis erlaabt, Doktere kënnen en hire Patienten ënnert Oplage fir Behandlunge verschreiwen. Fir Fräizäitzwecker ass d’Planz awer säit laangem verbueden, an dat wëll d’Regierung bis 2023 änneren. Wéi wäert de “lëtzebuergesche Modell” ausgesinn?

Um Ufank vum leschte Joerhonnert goufen Droge no a no verbueden. Bis dohin hat een e relativ lockeren Ëmgang dermat, de Poopst huet z.B. mat engem Kokain-Wäin Reklamm gemaach an d’Pharma-Firma Bayer (haut nach eng vun deene ganz groussen) huet Heroin als Houscht-Mëttel verkaf. Wéi ee gemierkt huet, dass Droge seriö Problemer kënne mat sech bréngen, wéi z.B. Sucht an extrem schiedlech Auswierkungen op de Kierper, goufen se du verbueden.

De Konsum vun Drogen bleift awer eng Realitéit: knapps ee Véierel vun den erwuessenen Europäer huet iergendwann am Liewen Cannabis probéiert. Dowéinst gëtt dacks argumentéiert, dass de Verbuet vu Cannabis net effikass wier an d’Bierger virun allem Sue kaschte géif: huet Lëtzebuerg 1999 nach 23,3 Milliounen Euro fir de Kampf géint (all) d’Drogen ausginn, waren et der 2010 ca. 38,5 Milliounen. A Portugal, dat de Besëtz vu klenge Quantitéiten Droge 1999 stroffräi gemaach huet, sinn déi Ausgaben am selwechten Zäitraum ëm 18 Prozent erofgaangen.

En anert Argument dat fir d’Legaliséierung vum Cannabis genannt gëtt ass, dass een d’Consommateure fort vum Schwaarzmaart wëll kréien. Dat net just, well op deem vill Kriminalitéit am Spill ass, mee och, well de Produit hei oft mat anere Saache belaascht ass an d’Konzentratioun vum Cannabis-Wierkstoff zouhëlt, wat schlecht Konsequenze fir de Konsument kann hunn. Och dowéinst sollen d’Produktioun an de Verkaf vu Cannabis ënner der Kontroll vum Staat stoen. Et geet drëm, gewësse Qualitéits-Standarden anzehalen, sou steet et am Koalitiounsprogramm vun der aktueller Regierung.

Vun den Detailer steet bis elo just fest, dass d’Legaliséierung gëlle soll fir Erwuessener, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Fir si soll den Akaf, de Besëtz an och de Konsum vun der Drog an Zukunft erlaabt sinn, wärend den Ubau dervun hei zu Lëtzebuerg geschéie soll. Well Cannabis zwar am Verglach mat anere Substanzen eng douce Drog ass, mee nach ëmmer net ouni Risiken ass, steet och am Koalitiounsprogramm, dass d’Recetten aus dem Verkaf an d’Sucht-Präventioun investéiert solle ginn.

Wéi de Cannabis-Modell fir Lëtzebuerg genee ausgesi wäert, ass awer nach net decidéiert. Eng Rëtsch Länner hunn d’Substanz mëttlerweil legaliséiert oder stroffräi gemaach, dat awer op ganz verschidde Manéieren. Sou ass d’Kraut z.B. a verschiddenen amerikanesche Bundesstaaten wéi Kalifornie legal, wat de Schwaarzmaart awer net verschwanne gedoen huet. An Europa ass Holland bekannt, wou Cannabis zwar a Coffeeshops verkaf a consomméiert dierf ginn, d’Gesetz et deenen awer verbitt Cannabis unzebauen an anzekafen. Dowéinst mussen déi Geschäfter am Moment illegal um Schwaarzmaart akafen, wat nees negativ Auswierkungen op d’Qualitéit kann hunn.

Am Moment gesäit et sou aus, wéi wann ee sech zu Lëtzebuerg um hollänneschen oder um kanadesche Modell géif inspiréieren. A Kanada ass säit dem leschte Joer den Ubau fir de private Gebrauch an deene meeschte Regioune legal, jee no Wunn-Uert dierf een ab 18 oder 19 Joer bis zu 30 Gramm kafen a bei sech hunn. Firmen dierfen d’Planz ubauen a verkafen, se brauchen awer dofir eng speziell Lizenz vum Staat. Am Mee ass dofir eng Visitt vun enger Lëtzebuerger Delegatioun a Kanada geplangt, fir sech dee Modell sur place unzekucken.

Artikele fir weider ze liesen:

Englesch:
D’New York Times doriwwer, dass d’Cannabis-Legaliséierung a Kalifornie manner gudd Resultater weist wéi erwaart:
https://www.nytimes.com/2019/01/02/us/buying-legal-weed-in-california.html

The Guardian iwwert d’Problemer, Konsumente z’iwwerzeegen vum schwaarzen op de legale Marché ze wiesselen:
https://www.theguardian.com/society/2019/mar/17/legal-weed-black-market-california-gavin-newsom

Däitsch:
De Problem vun ëmmer méi staarkem Cannabis um Schwaarzmaart erkläert d’Neue Zürcher Zeitung:
https://www.nzz.ch/wissenschaft/cannabis-marihuana-mit-einem-hohen-thc-gehalt-birgt-risiken-ld.1468421

Iwwert d’Legaliséierung vu Cannabis a Kanada schreift Die Zeit:
https://www.zeit.de/gesellschaft/zeitgeschehen/2018-10/drogenpolitik-kanada-cannabis-legalisierung

Franséisch:
Video vun “Le Dessous des Cartes” vun arte iwwert de weltwäiten Cannabis-Handel:
https://www.youtube.com/watch?v=geib_2v82qM

Le Monde iwwert de Cannabis-Konsum a Frankräich:
https://www.lemonde.fr/sante/article/2018/11/26/cannabis-il-n-y-a-jamais-eu-autant-de-consommateurs-reguliers_5388742_1651302.html

 

Quelle vun de Biller:

Bild 1:https://www.nytimes.com/2018/11/02/world/canada/legal-marijuana-shortages-canada-letter.html
Bild 2:https://www.pressdemocrat.com/news/6179593-181/should-marijuana-be-legalized-in

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *