Turnup Tun – Wéi ass d’Meenungsfräiheet juristesch encadréiert

Auteure: Catherine Elvinger

 

 

Viru kuerzem ass de Kënschtler Turnup Tun fir säi Lidd “FCK LXB” an éischter Instanz fräigesprach ginn. D’Ursaach: säi Lidd fält ënnert d’Protektioun vun der Meenungsfräiheet. Wat genau ass d’Meenungsfräiheet? Ass dës Fräiheet onlimitéiert oder ginn et Grenzen?
D’Meenungsfräiheet ass d’Recht fir seng Iwwerzeegungen, Gedanken a Meenungen auszedrécken. Et fënnt ee se a verschiddene legalen Texter erëm, ënner anerem och dem bekannten Artikel 10 vun der Europäescher Konventioun fir Mënscherechter. Déi hunn all EU-Länner ënnerschriwwen an enthält Rechter, déi a jidderengem vun deene Länner fir all Mënsch gëlle mussen.

D’Meenungsfräiheet deckt all Forme vum Ausdrock, egal wéie Support benotzt gëtt (z.B. en Text, e Konschtwierk). Si gëllt net nëmme fir Iddien déi e gudden Echo fannen, mee och, a virun allem fir Iddien déi schockéieren oder inquiétéiere kënnen. Austausch, Toleranz an Opgeschlossenheet si justement, d’Charakteristike vun enger demokratescher Gesellschaft an där mir liewen, sou den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, dee sech em d’Anhale vun de Mënscherechter këmmert. Am Géigesaz zu engem autoritäre Regimm ass d’Meenungsfräiheet dofir an engem Land wéi Lëtzebuerg wichteg a fënnt eng liberal Akzeptatioun (och wann se net grad esou liberal ass wéi an Amerika).

D’Meenungsfräiheet ass awer net ouni Grenzen: et gi Message déi een zwar denken, awer déi een net ëffentlech ausdrécken dierf ouni sech strofbar ze maachen. Et geet drëms ënnert anerem d’Rechter vun anere Persounen oder Gruppe vu Persounen ze protegéieren. Esou dierf een z.B. kee beleidegen. D’Beleidegung (z.B. en onerhéierten Ausdrock oder méprisant Wierder déi engem aneren seng Éier ugräifen) muss een hei a sengem juristesche Sënn verstoen, nämlech esou wéi et au final vun der Jurisprudenz ( Geriichtsentscheedungen an ähnleche Fäll) interpretéiert gëtt. Et ass och wichteg ze verstoen dass dës Definitioun jee nom Kontext an den Ëmstänn vum Dossier ännert.

Wéi eng Fakte sinn/waren an der Affär Turnup Tun relevant an hunn/haten een Afloss op d’Grenze vun der Meenungsfräiheet? Virun allem dräi Punkten.
Éischtens de Fakt, dass et sech ëm déi kënschtleresch Meenungsfräiheet handelt (déi vun engem verstäerkte Schutz profitéiert) an d’Lidd “FCK LXB” näischt anescht wei e Rap ass. Dës musikalesch Form ass, par nature, e Stil deen eng gewëssen Dosis un Exageratioun erlaabt. Seng brutal, provokativ a vulgär Ausdrocksaart soll d’Reflexioun vun enger enttäuschter a rebellescher Generatioun zréckspigelen.

Zweetens hat den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg schonn ëfters d’Geleeënheet z’erënneren dass d’Grenze vun akzeptabeler Kritik méi breet si bei ëffentleche Perséinlechkeeten a virun allem bei Politiker, déi an dëser Qualitéit viséiert ginn (an dat net eréischt säit kuerzem, zum Beispill schonn am Fall Lingens géint Éisträich viru bal 40 Joer). An anere Wieder muss ee Politiker méi Toleranz vis-à-vis vu Kritik weisen. Säin Interesse (Protektioun vu sengem Ruff) gëtt hei a Gläichgewiicht gesat mam Interesse deen eis Gesellschaft huet u fräien Diskussiounen iwwer politesch Froen.

Am Turnup Tun – Fall ass déi politesch Dimensioun vum Lidd kaum z’iwwersinn. Viséiert si Politiker an de Sujet vum Lidd, dat d’ailleurs just e puer Deeg virun de Chamberwalen am leschten Oktober erauskomm ass, ass ënner anerem d’Kritik vun enger intoleranter, populistescher a friemefeindlecher Politik.
Drëttens, spillt d’Intentioun vum Kënschtler och eng wichteg Roll. Och wann ee par définition net weess wat sech genau a sengem Kapp ofspillt, weist awer alles drop hin dass hie mat sengem Lidd déi verschidde Persounen net perséinlech attackéiere wollt, mee hiert politescht Engagement, en Ënnerscheed deen am Droit immens wichteg ass.

 

Artikele fir weider ze liesen:

Franséich:
Pancarte : “Casse-toi pov’ con” – la France condamnée – Le Figaro
http://www.lefigaro.fr/actualite-france/2013/03/14/01016-20130314ARTFIG00458-pancarte-casse-toi-pov-con-la-france-condamnee.php

Orelsan vs associations féministes : le rappeur relaxé – L’OBS
https://www.nouvelobs.com/culture/20160218.OBS4887/orelsan-vs-associations-feministes-le-rappeur-relaxe.html

Englesch:
Free Speech Isn’t What Americans think – Bloomberg
https://www.bloomberg.com/opinion/articles/2017-03-19/free-speech-in-europe-isn-t-what-americans-think

The sound of silence – Freedom of Speech – Economist
https://www.economist.com/international/2015/01/22/the-sound-of-silence

Däitsch:
Russland muss Pussy Riot Entschädigung zahlen – Zeit Online
https://www.zeit.de/politik/ausland/2018-07/europaeischer-gerichtshof-fuer-menschenrechte-pussy-riot-russland-entschaedigung

Schweiz wegen Verletzung der Meinungsfreiheit gerügt – SRF
https://www.srf.ch/news/schweiz/entscheid-aus-strassburg-schweiz-wegen-verletzung-der-meinungsfreiheit-geruegt

Quelle vun de Biller:

Bild 1 : https://blobsvc.wort.lu/picture/01927485a0004b73b7bb0d9224a6e829/1600/600/wortv3/5566d31e12a7a3357dd4c2e5dd594a190aa00973

Bild 2: https://scontent-atl3-1.cdninstagram.com/vp/1ab728acf3b39244926e02173093045b/5D779512/t51.2885-15/e35/54429334_304246973547225_2368292646767596985_n.jpg?_nc_ht=scontent-atl3-1.cdninstagram.com

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *