Wat geschitt no den EU-Walen?

Auteur: Max Fisch

En Iwwerbléck:

De 26. Mee war et nees esou wäit. No 5 Joer stoungen erëm Europawale virun der Dier. Wien geet als Gewënner aus de Walen eraus a wien kennt elo a Fro fir dem Jean-Claude Juncker seng Platz als President vun der EU-Kommissioun anzehuelen?
Déi zwou gréissten europäesch Parteie si gläichzäiteg och déi zwee gréisste Verléierer vun de Walen. Beit Parteien, d’EVP (Europäesch Vollekspartei) an d’S&D (Sozialdemokraten) verléieren iwwer 30 Sëtz an sou kennt et dass déi zwee déi éischte Kéier säit 1979 zesummen net méi iwwer 50% vun de Sëtz kommen. Zu de Gewënner vun de Wahlen zielen déi Liberal (ALDE – Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa) an déi Gréng.

Ween decidéiert iwwert dem Jean-Claude Juncker seng Successioun a wat ännert sech nach?

No den Europawalen hunn sech d’Staats- a Regierungscheffe vun den 28 EU-Länner zu Bréissel getraff, fir als europäesche Rot iwwert den Nofolger vum Juncker ze beroden. Nodeems d’Majoritéit sech op ee Kandidat festgeluecht huet, muss dëse vum EU-Parlament bestätegt ginn. Diskutéiert Kandidate fir dëse Poste sinn d’Margrethe Vestager vun de Liberalen, de Manfred Weber a Michel Barnier vun der EVP an de Frans Timmermans vun der S&D. Vue dass déi zwou grouss Parteien ouni absolut Majoritéit de President net méi nëmmen ënnert sech ausmaache kënnen, ginn sech intressant Diskussiounen erwaart.

Nieft engem Nofolger fir de President vun der EU-Kommissioun wäerten och nach aner grouss a wichteg Posten nei besat musse ginn. Dem Donald Tusk säi Mandat leeft och of, sou muss och en neie President fir den EU-Rot gesicht ginn, esou wéi och en neie President vun der EZB (Europäesch Zentralbank) an en Successeur fir d’Frederica Mogherini als Representant vun der EU fir d’Baussen- an d‘Sécherheetspolitik.

Wéi huet Lëtzebuerg gewielt?

An Lëtzebuerg gehéiert d‘CSV, déi zur EVP gehéiert, zu de grousse Verléierer vun dësen Europawalen. Si kommen op 16,5% manner Stëmme wéi nach viru 5 Joer. D’DP mëscht en Plus vun iwwer 6% a sinn déi meescht gewielte Partei aus Lëtzebuerg. Och hei bestätegt sech den europawäiten Trend, dass déi Liberal un Wieler zougeluecht hunn. Den zweete grousse Gewënner sinn déi Gréng, déi mat engem Plus vu knapps 4% a mat insgesamt bal 19% just knapps hannert der DP an der CSV, déi 3. Stäerkste Partei a Lëtzebuerg ass. D’LSAP, d’lëtzebuergesch Partei vun de Sozialdemokrate kennt mat em déi 12% op en ähnlecht Resultat wei 2014.
Lëtzebuerg sti 6 Sëtz vun insgesamt 751 am europäesche Parlament zou. Vun deene 6 ginn der 2 un d‘DP (ALDE), 2 un d’CSV (EVP) 1 un déi Gréng an 1 un d’LSAP (S&B). Fir d‘DP wäerten de Charel Goerens an d’Monica Semedo de Wee op Bréissel untrieden. Fir d’CSV ass et de Christophe Hansen an d’Isabel Wiseler, fir déi Gréng d’Tilly Metz a fir d’LSAP den Nicolas Schmit.

 

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Firwat déi sougenannte Volléksparteien verléieren

https://www.spiegel.de/politik/ausland/europawahl-2019-gerupfte-volksparteien-gruene-gewinner-a-1269390.html

En Iwwerbléck iwwert déi rietspopulistësch Parteien an Europa

http://www.taz.de/Rechte-Parteien-bei-der-Europawahl/!5595295/

Franséisch:

Eng Analyse iwwert Walpartizipatioun

https://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2019/05/27/europeennes-2019-une-participation-en-rebond-dans-toute-l-europe_5468098_4355770.html

Eng Expliquatioun iwwert den Walausgang a Frankräich

https://www.la-croix.com/France/Politique/Europeennes-analyse-resultats-France-parti-parti-2019-05-27-1201024724?from_univers=lacroix

Englesch:

Brexit an Europawal

https://www.theguardian.com/politics/2019/may/27/nigel-farage-sets-his-sights-on-party-winning-peterborough-byelection

Astellung iwwert d’EU vun de Briten.

https://www.washingtonpost.com/politics/2019/05/31/how-do-uk-voters-feel-now-about-eu-heres-what-our-survey-found/?utm_term=.dc70a47f239a

Sourcë vun de Biller:

Bild 1:https://www.sueddeutsche.de/politik/europawahl-deutschland-ergebnis-1.4463802

Bild 2: https://www.euractiv.com/section/uk-europe/news/eu-parliament-prepares-to-set-brexit-red-lines/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *