Facebook huet viru kuerzem ugekënnegt eng eegen digital Wärung „Libra“ op de Marché ze bréngen. Dat huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt, virun allem bei der Politik, well Facebook ee systemrelevante Player an der Geldverwaltungs- a Geldpolitik kéint ginn. Wat elo genau déi Kryptowärung „Libra“ fir äis bedeit gitt dir am Artikel gewuer.
Den neoliberalen éisträicheschen Ökonom Friedrich Hayek huet a sengem bekannte Wierk „Entnationaliséierung vum Geld“ dovu gedreemt, dat déi verschidde Wärungen op der Welt am Wettbewerb stoe sollen fir dat d’Suen esou stabil wéi méiglech solle sinn. Hien géif dowéinst de Virstouss vu Facebook gutt heeschen.

Facebook huet fir d’nächst Joer eng Kryptowärung „Libra“ annoncéiert. Ee genauen Datum ass nach net festgeluecht, well Facebook nach juristesch a praktesch Froen kläre muss. D’Idee ass, dat een ouni eng zousätzlech Primm an d’Ausland iwwerweise kann oder senge Frënn oder Famill séier Suen iwwerweise kann. Dat soll iwwer Facebook Messenger, Whatsapp oder Calibra méiglech sinn.
Déi sougenannte Facebook-Wärung gehéiert net Facebook alleng, mee engem Konsortium „Libra Association“ an dee besteet aus 28 Entreprisen dorënner Visa, Mastercard, Uber, Paypal oder Spotify. Och wann Facebook d’Wärung „Libra“ net alleng kontrolléiert, ka Facebook d’Transaktiounsinformatioune vun den Notzer*Innen gesinn. Facebook huet dozou gesot, d’Informatioune vu Facebook an der „Libra Association“ ze trennen, mee Kritiker sinn skeptesch, ob Facebook sech dorun hält. Een Internetgigant, deen zousätzlech zu den Facebook-Daten och d’Verhalen iwwert d‘Bezuelen analyséiere kann, ass geféierlech.
Anescht wéi bei de Bitcoins, ass „Libra“ un déi traditionell Wärunge, wéi zum Beispill den Euro, US-Dollar a Yen, an och un verschidde Staatsemprunte gekoppelt. Doduerch soll d‘„Libra“ keng esou grouss Schwankungen hunn, wéi de Bitcoin se huet. Do kommen och méiglecherweis Gefore, fir déi bestoend Reguléierunge vun Zentralbanken op.

Ee Problem ass, dat déi 28 Finanz- an Digitalentreprisen duerch „Libra“ d’Suen privatiséieren. Wann ee Brochdeel vun deenen 2,2 Milliarde Facebooknotzer*Innen „Libra“ benotzen, da lafe vill Transaktioune parallel zum traditionelle Bankesystem an de bestoende Reguléierungen. Dat kann zu Geldwäsch féieren an d’Geldpolitik vun de Staaten ënnergruewen. Och ass nach net bekannt op d‘“Libra Association“ verbuede kéint „Libra“ an eng aner Wärung zeréck ze tauschen. Zudeem ass et och nach net gekläert, wéi sécher d‘“Libra“ an der Zukunft ka sinn.
D’Thema iwwert eng digital Wärung ass prinzipiell keng nei Informatioun, mee et geet dorëms, op privat Entreprisen an dee „Marché“ als grousse „Player“ matmaache sollen. Well Schweden huet schonn d‘digital schwedesch Kroun, Russland plangt de digitale Rubel oder och d’EU iwwerleet fir de digitalen Euro anzeféieren. A Schweden kann ee schonn Apps oder Prepaid-Kaarte mat der digitaler Kroun kafen.
Et bléift ofzewaarde bis déi digital Wärung „Libra“ op de Marché kënnt a wéineg Konsequenzen opkomme wäerten. Mee bis dohi muss sech op europäescher an op internationalem Niveau méi gemaach ginn, dat d’Politik der digitaler Revolutioun hanne drun komme kann.
Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:
Eng Analyse iwwert “Libra”
https://www.sueddeutsche.de/kultur/digitales-geld-eine-weltwaehrung-1.4505326
Een kritëschen Artikel iwwer digital Wärungen
Franséisch:
Nach een kritëschen Artikel iwwert digital Wärungen
https://theconversation.com/libra-les-dangers-du-developpement-dune-monnaie-privee-119552
Eng Iwwersiicht iwwer E-Suen
Englesch:
Interessen vu Spotify
Reguléieren vu digitale Wärungen
Sourcë vun de Biller:
Bild1
Bild2
