Firwat ass d´Nominatioun vum Ursula von der Leyen esou ëmstridden?

Auteur: Max Fisch

Mam Ursula von der Leyen huet den EU-Conseil den 2. Juli fir d’éischt Kéier eng Fra un d’Spëtzt vun der EU-Kommissioun nominéiert. De 16. Juli stëmmt d’EU-Parlament iwwert des Decisioun of an decidéiert op déi däitsch Verdeedegungsministesch d’Platz vum Jean-Claude Juncker anhuele wäert. Dësen Oflaf ass am 17. Artikel vum Maastricht Traité vun 1992 esou virgesinn. Nodeems den EU-Conseil en Kandidat virgeschloen huet, muss dëse vun der Majoritéit vun den 751 Membere vum EU-Parlament approuvéiert ginn, wat sech dëst Joer als problematesch erweise kéint.

German Defense Minister Ursula von der Leyen, who has been nominated as European Commission President, briefs the media after the Conference of Presidents of European Parliament’s party blocs in Brussels, Belgium, July 10, 2019. REUTERS/Francois Lenoir

No zeie Verhandlungen huet d’Nominatioun vum Ursula von der Leyen fir vill Kritik gesuergt an dat virun allem well kee vun de Spëtzekandidaten als Kommissiounspresident oder Kommissiounspresidentin proposéiert gouf. Nodeems 2014 bei de Walen dëst de Fall war an de Jean-Claude Juncker als Spëtzekandidat vun der EVP President vun der EU-Kommissioun gouf, hunn d’Walen dëst Joer Europa gespléckt. Vun de Visegrád-Länner (Polen, Tschechesch Republik, Slowakei, Ungarn) grad esou wei vum franséischem President Emmanuel Macron koumen entscheedend Impulser déi de Spëtzekandidaten-System dëst Joer net erméiglecht hunn. Sou koum et zu laangen a schwéiere Verhandlungen. Vue dass déi am Virfeld héich gehandelt Kandidate, wéi zum Beispill de Manfred Weber oder de Frans Timmermanns, sech virun de Walen am Numm vun hire jeeweilege Parteie presentéiert an sech all de Froe gestallt hunn, ass ee weidere Kritikpunkt un der Nominatioun vum von der Leyen deen, dass déi europäesch Populatioun ëmmer manner Matsproocherecht huet. D’Wieler kruten d’Spëtzekandidaten ze gesinn a konnten sech méi oder wéineger eng Meenung iwwert se bilden, wat beim Ursula von der Leyen net de Fall war. Déi däitsch Politikerin gehéiert zwar zu där Partei déi di meescht Stëmme krut, an awer ass hir Nominatioun fir déi meescht iwwerraschend an onerwaart komm, well sech vill Léit den nämmlechten Oflaf wéi 2014 erwaart haten.

De Posten als President vun der Europäescher Kommissioun ass wuel mat ee vun den, wann net de wichtegste Posten deen déi europäesch Institutiounen ze bidden hunn.
D’Kommissioun besteet aus 28 Memberen. All Memberland vun der EU huet ee Kommissär, déi alleguerte fir ee spezifeschen Domaine agedeelt ginn. Si gi vun hiren Heemechtslänner virgeschloen a vum Conseil approuvéiert. D’Amt vum EU-Kommissiounspresident ass mat deem vun engem Regierungschef aus engem Land ze vergläichen och wann d’Aufgaben net all iwwertenee stemmen, wat dorunner leit, dass Europa kee Land ass. Déi 28 Kommissäre ginn an der Reegel no all 5 Joer erëm nei besat. Sou wéi een d’Roll vum Kommissiounspresident mat där vun engem Regierungschef ka vergläichen, kann een d’Aufgabe vun der Kommissioun och mat deenen vun enger Regierung vergläichen. Si decidéiert iwwert d‘politesch d’Zieler an d’Haaptprinzipie vun der europäescher Union. An Zesummenaarbecht mam europäesche Geriichtshaff, gehéiert och zu den Aufgabe vun der Kommissioun dorop opzepassen, dass d’Memberlänner sech all un d’Gesetzer an d’Traitéen halen. D’Haaptkompétenz vum President ass déi dass dëse Richtlinnen ugeet an bestëmmt, mat wéi enge Problemer sech d’Kommissioun ausernee setzt a mat wéi enge Mëttele probéiert wäert ginn, des ze léisen.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Vu wiem kéint d’Ursula von der Leyen Stëmme kréien?

https://www.welt.de/politik/ausland/article196770987/EU-Kommission-Auf-welche-Stimmen-Ursula-von-der-Leyen-hoffen-kann.html

Stëmmen vu rietspopulistësch Parteien kéinten fir eng Majoritéit duer goen

https://www.zeit.de/politik/2019-07/eu-kommission-ursula-von-der-leyen-spe-sozialdemokraten

Franséisch:

En Iwwerbleck iwwert den Oflaf fun der Nominatioun:

https://www.consilium.europa.eu/fr/policies/nomination-process-2019

Kritik un der Nominatioun vum Ursula von der Leyen:

https://www.lepoint.fr/europe/la-nomination-d-ursula-von-der-leyen-suscite-la-colere-a-berlin-03-07-2019-2322548_2626.php

Englesch:

Wien ass d’Ursula von der Leyen?
www.euronews.com/amp/2019/07/02/who-is-eu-commission-president-nominee-ursula-von-der-leyen

D’Positioun fun den Visegràd Länner:
https://hungarytoday.hu/nezopont-visegrad-group-weber-timmermans/

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.t-online.de/nachrichten/deutschland/parteien/id_86077428/ursula-von-der-leyen-gruene-wollen-im-europaparlament-gegen-sie-stimmen.html

Bild2:https://www.shz.de/deutschland-welt/panorama/So-emotional-ruehrt-ein-Abgeordneter-seine-Kollegen-im-EU-Parlament-zu-Traenen-id23472842.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *