Hongkong – Fir d’Fräiheet kämpfen

Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider.

Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997 zeréck un China gaangen, mee huet ee spezielle politesche Status fir 50 Joer kritt. Hongkong ass eng chinesesch Sonderverwaltungszone a säit hir gëllt de System „Ee Land, Zwee Systemer“. Dat heescht, dat déi 7 Milliounen Hongkonger ënnert der Souveränitéit vu China stinn, mee si hunn awer „d’Chance“ méi, mee net esou wéi mir dat Privileeg hunn, Rechter a punkto Meenungs- a Demonstratiounsfräiheet kënnen ze hunn, wéi déi chinesesch Bevëlkerung.
Och well déi Regierung aus Hongkong elo dat ëmstridde Gesetz zeréck geholl huet, protestéieren d’Hongkonger nach ëmmer. Dowéinst ass et wichteg ze verstoen, firwat d’Leit awer nach ëmmer op de Stroossen sinn. D’Chefadministratorin vu Hongkong Carrie Lam wäert de Mëttwoch offiziell am Legislativrot d’Gesetz zeréckhuelen. Domat wier dann déi éischt Fuerderung vu Fënnef erfëllt.

D’Police géint Protestanten

Déi zweet Fuerderung ass eng Aféierung vun enger onofhängeger Kommissioun, déi sech ëm d’Enquête vu Policegewalt këmmere soll. D’Poliziste kënnen esou an d’Responsabilitéit gezu ginn a kënnen sech dann net méi hannert der Regierung verstoppen. Dës Fuerderung gëtt elo ëmmer méi wichteg, fir déi Hongkonger. D’Policegewalt gëtt ëmmer méi brutal an dowéinst maachen och ëmmer méi Leit bei de Protester mat. Si gëtt domadder ëmmer méi zentral.

Déi drëtt Fuerderung ass, dat déi Hongkonger Regierung all déi Demonstranten, déi festgeholl goufen, fräigelooss solle ginn. Zudeem sollen och all hir Reprochë zeréckgeholl ginn. Esou dat spéider näischt méi an hirem Casier stoen dierf.

Déi véiert Fuerderung ass, dat déi Hongkonger Autoritéiten d’Protester net méi als ee „Opstand“ deklaréiere sollen. Well an dem Gesetz aus der Zäit vun der britescher Kolonialisatioun, ass d’Participatioun un engem Opstand verbueden a ka mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn. Dowéinst soll deen Zoustand changéiert ginn.
Déi fënneft a lescht Fuerderung ass een allgemengt Walrecht, mat fräien a demokratesche Walen. Domat soll da verhënnert ginn, dat déi chinesesch Regierung all Hongkonger Kandidat fir d’eicht akzeptéiere muss, fir kënne bei de Walen zu Hongkong deel huelen ze kënnen. Esou soll séchergestallt ginn, dat déi kommunistesch Regierung aus Peking keen Afloss méi op Hongkong huele kéint.

Joshua Wong an Agnes Chow

 

Och dëse Weekend sinn ëm dausende vu Demonstranten op d’Strooss gaangen, obwuel ee Protestverbued ausgeruff ginn ass. Et war eng zimlech duerchmëschten Demo, et ware Famillje mat Kanner, reliéis Gruppen, mee och Vermummter mat Masken. Et ass am Ufank alles roueg ofgelaf, mee wou si bei de Regierungssëtz ukomm sinn, hunn radikal Demonstrante Steng a Brandsätz geheit. Doropshin hunn Polizisten Tréinegas op d’Demonstranten agesat.

Am Moment probéiere verschidde bekannte Gesiichter vun den Demonstratiounen international Opmierksamkeet ze kréien. Ee vun deene bekanntsten ass de Joshua Wong, hie war déi lescht Deeg an Europa ënnerwee an huet vill Interviewe mat groussen Zeitungen oder TV-Showe gemaach. Hien huet fir eng international Hëllef opgeruff an zum Beispill Däitschland oder d’USA ëm Hëllef gebueden. Do muss d’EU mat de Wirtschafts- an Handelsbezéiungen op d’Mënscherechter pochen, dat déi och zu Hongkong onbedéngt gëlle mussen.

 

Bild1:https://tinyurl.com/y6s329nz

Bild2:https://tinyurl.com/y2of8aes

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *