Eskalatioun an Nordsyrien

Auteur: Max Fisch

 

Iwwer Twitter huet den tierkeschen President Recep Tayyip Erdogan den 9. Oktober matgedeelt, dass säin Land eng militäresch Offensiv am Nordosten vun Syrien lancéiert huet vir géint kurdesch Milizen virzegoen. Ënnert dem Numm “Barış Pınarı Harekâtı” (op däitsch: „Friedensquelle“) huet des Operatioun d’Aufgab den no tierkeschen Aussoen beschriwwenen Terrorkorridor un der Grenz ze bekämpfen . Do der nieft, annoncéiert den Erdogan, dass een mat der syrescher National Arméi, enger Zesummesetzung vun verschiddenen Rebellegruppen, eng Sécherheetszon well erstellen, vir dass déi syresch Flüchtlingen et méi einfach wäerten hunn fir erëm zréck an hir d’Land ze kommen. An dëser Ausernanersetzung steet dem tierkeschen Militär awer net nëmmen d’YPG (Vollekverteidegunseenheeten) géigeniwwer, mee den IS huet sech an den leeschten Deeg och erëm mat Uschléi zréck gemellt

Dem Donald Trump seng ëmstridden Entscheedung

Den 6. Oktober hat den amerikaneschen President Donald Trump ugekënnegt dass en hir Truppen aus Syrien géif zréck zeien an kuerz drop d’Tierkei gewarnt, näischt ze maachen wat hien als ausserhalb den Normen géif empfannen („off limits“). Den Erdogan huet des Ausso awer ignoréiert an huet dräi Deeg drop mat Loftattacken Stellungen vun den Kurden beschoss. Déi ernimmten kurdesch Milizen hunn an deenen leschten Joren zesummen mat der USA géint d’Terrormiliz vum islameschen Staat an Syrien gekämpft an sinn dem tierkeschen Militär elo ouni amerikanesch Ënnerstëtzung ausgesat, wat se op laang Dauer net wäerten aushalen kennen. Nieft senger Warnung un d’Tierkei huet awer virun allem nach eng aner Ausso vum Donald Trump fir grouss Diskussiounen gesuergt. An engem weideren Post op Twitter erkläert den Trump dass d’Kurden missten selwer kucken dass se eens ginn an dass si d‘Amerikaner am 2. Weltkrich an der Normandie och net ënnerstëtzt hätten. Dem Trump gëtt elo virgeworf, d’Kurden am Stach gelooss ze hunn. Trotz dem Trump sengen kloren Warnungen en géif dem Erdogan seng Wirtschaft ausläschen wann d’Tierken géifen d’Kurden ausläschen, huet dem Trump seng Decisioun seng Truppen zréck ze zeien déi tierkesch Offensiv iwwerhaapt erméiglecht.

Tierkei géint d‘Kurden

Séit Joren bezeechent Tierkei d’Kurden als Bedreeung vir hiren Staat an versichen se elo duerch hir Militäroffensiv se auszeschalten. D’Gebitter déi attackéiert goufen ginn vir den gréissten Deel vun der YPG kontrolléiert. Well dës Partei den Tierken no en Deel vun der PKK (Aarbechterpartei vun Kurdistan) soll sinn déi verbueden gouf, gesinn des d’YPG och als terroristesch Vereenegung un an wëllen se dofir bekämpfen.

En faden Bäigeschmaach

Am nordëstlechem Deel vun Syrien gëtt et nach eng aner Vereenegung déi direkt vun der tierkescher Offensiv profitéiert. Rieds geet vun den Dschihadisten vum Islameschen Staat déi nom Réckzuch vun den Amerikaner sech d’Méiglechkeet net wëllen entgoen loossen, vir zumindest erëm en Deel vun hirem alen Afloss an där Regioun zeréck ze kréien. Sou kennt et dass d’Kurden sech séit dem 9. Oktober net nëmmen géint dat tierkescht Militär muss behaapten, mee och géint den IS deen elo wäert elo alles dorunner setzen, vir dat bescht aus där Situatioun ze maachen, wat och Konsequenzen vir Europa kéint mat sech bréngen.

 

Wieder Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Firwat den US-President amerikanesch Truppen aus Nordsyrien zeréckzitt

https://www.spiegel.de/politik/ausland/donald-trump-ueber-kurden-sie-haben-uns-nicht-mit-dernormandie-geholfen-a-1290797.html

Ëmstridden och bei sengen eegene Parteifrënn
https://www.tagesschau.de/ausland/tuerkei-usa-syrien-111.html

Englesch:

Dem Erdogan seng Grënn

https://www.economist.com/middle-east-and-africa/2019/10/10/turkey-launches-an-attack-on-northern-syria

Wéi eng Gefore kommen op, wann IS-Prisonnéierter net méi genuch iwwerwaacht kënne ginn?

https://www.politico.com/news/2019/10/12/mattis-isis-resurge-trump-syria-045118

Franséisch:

Kritik aus den USA selwer
https://www.lesoir.be/252673/article/2019-10-09/donald-trump-sur-loffensive-turque-en-syrie-lesetats-unis-napprouvent-pas-cette

Eng Analyse
https://www.liberation.fr/planete/2019/10/07/retrait-americain-de-syrie-trump-isole-critique-maiscoherent_1756079

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.dw.com/de/türkei-meldet-eroberung-in-nordsyrien/a-50806988

Bild2:https://www.derstandard.at/story/2000109788762/tuerkische-offensive-in-nordsyrien-der-neue-krieg-im-krieg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *