Ëm wat geet et beim „European Green Deal“?

An engem Zäitalter vu Klimadebatt muss sech och déi nei EU-Kommissioun esou lues awer sécher Gedanke maachen, wéi si sech ëm d’Klima an d‘Ëmwelt an Zukunft bekëmmere wëll. Fort vun de fossille Brennstoffer Äerdueleg, Gas a Kuelen, ee strukturellen Ëmbau vun der aktuellen Ekonomie, Landwirtschaft a Verkéier. Dofir huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen den „European Green Deal“ presentéiert.

Ufanks Dezember huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin de sougenannte „European Green Deal“ virgestallt. D’Zil ass et, d’EU bis 2050 klimaneutral ze maachen. Also keng zousätzlech Treibhausgasen an d‘Ëmwelt ofginn, an esou soll och d’Klimaofkommes vu Paräis agehale kënne ginn.

Eng Riseninvestitioun

De Volume vum enormen Investitiounsprogramm läit bei enger Billioun Euro. Also 1.000 Milliarde solle fir déi strukturell Changementer, fir der Klimakris entgéint ze goen, investéiert ginn. Mee déi Billioun muss och finanzéiert ginn. D’Hallschent soll aus dem EU-Haushalt kommen. Een Drëttel aus privaten an ëffentleche Finanzéierungen a weider Sue vun den EU-Memberstaaten. Ee groussen Deel soll deenen europäesche Regiounen zegutt kommen, déi et relativ schwéier hunn, eng klimaneutral Ekonomie opzebauen. Dat kënnen zum Beispill déi däitsch Regioune Rheinland-Pfalz oder d’Lausitz sinn, wéinst hirer Ofhängegkeet beim Kuelenofbau.

Ee wichtegen Deel vun dem immensen Investitiounsprogramm ass den „Just Transition Mechanism“. EU-Länner kënne sech bei der EU-Kommissioun bewerben, fir doraus eng Fërderung kréien ze kënnen. Dee Fong ass net nëmmen dofir geduecht, europäesch Regioune mat fossille Brennstoffer z‘ënnerstëtzen, mee all EU-Land ka sech bewerben. Et mussen awer verschidde Konditiounen erfëllt ginn, wéi zum Beispill d’Klimafrëndlechkeet, d’finanziell Mëttele vum Staat an och wéi eng Efforten dat jeeweilegt Land géint de Klimawandel mécht.

EU-Parlament wëll méi

Dem EU-Parlament geet dat awer net wäit genuch. Verschidden Deputéiert fuerderen, datt CO2-Emissioune bis 2030 op 55 Prozent reduzéiert solle ginn amplaz vu 50 Prozent. Zudeem soll een Zwëschezil fir 2040 festgeluecht ginn, fir datt eng Klimaneutralitéit bis 2050 garantéiert ka ginn. D’EU-Parlament gesäit och d’Gefor, datt d’CO2-Emissioune vun der EU an Drëttstaaten ausgelagert kënne ginn. Dowéinst soll een Ausgläichsystem etabléiert ginn. Dat soll d’Gefor vun der Auslagerung vun den CO2-Emissioune verhënneren.

Och d’Gesetzgebung vun der EU soll méi gréng ginn. Dowéinst soll ee Klimaschutzgesetz agefouert ginn an och all d’EU-Instrumenter solle sech un d’Klimaziler vu Paräis halen. An d’fossil Brennstoffer souwéi d’Atomkraaft solle verbuede ginn.“

Déi bekannten Ëmweltorganisatioun WWF begréisst déi verschidden Iddie vun der EU-Kommissioun géint de Klimawandel. Zemools den „Just Transition Fund“ wier ee wichtegt Instrument, fir eng sozial gerecht Klimaneutralitéit bis 2050 z’etabléieren. Mee d’NGO stellt fest, datt awer just EU-Länner dovu profitéieren dierfen, déi vun de fossille Brennstoffer fortkommen. Et ass och nach net festgeschriwwen, vu wou an ob déi eng Billioun komme soll. Dat gëtt an den nächsten Treffe vum EU-Rot beschwat.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch

Den Programm vum European Green Deal.

https://ec.europa.eu/info/strategy/priorities-2019-2024/european-green-deal_de

Een kritëschen Kommentar iwwert den European Green Deal

https://www.welt.de/debatte/kommentare/article204581226/Zukunft-Europas-Der-Green-Deal-der-EU-gleicht-einer-utopisch-eingefaerbten-Uebersprungshandlung.html

Franséisch

Een Point de vue aus Frankräich

Vers un Green Deal de croissance et de compétitivité

Englesch

Ass den European Green Deal genuch?

https://www.dw.com/en/amid-climate-emergency-eu-pins-hopes-on-green-deal/a-51533483

Eng kleng Analyse iwwert den European Green Deal

https://www.theguardian.com/environment/2019/dec/11/european-green-deal-will-change-economy-to-solve-climate-crisis-says-eu

Sourcë vun de Biller:

Bild1:https://www.europarl.europa.eu/news/de/press-room/20191203IPR68087/green-deal-fur-europa-reaktionen-des-europaparlaments

Bild2: https://www.cleanthinking.de/european-green-deal-europas-grosse-chance/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *