Coronavirus – Stéck fir Stéck ausgebreet

Auteur: Max Fisch

 

A 500 Wierder iwwert den SARS-CoV 2

Am Dezember 2019 ass de Coronavirus SARS-CoV-2 zu Wuhan, enger zentral geleeëner Milliounestad a China ausgebrach. Ufank Januar sinn déi éischt Leit un dëser neier Longekrankheet gestuerwen an de Virus huet sech innerhalb vu puer Wochen iwwert de ganze Planéit ausgebreet an dominéiert bis haut d’Aktualitéit. D’Fro, déi sech stellt, ass, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO op dës Epidemie geäntwert huet, wat hir Mesuren a Rotschléi sinn, fir géint de Virus virzegoen, wéi déi international Kommunitéit reagéiert huet a wat d’Konsequenze vun dësem Virus sinn.

Erënnerung un de SARS-Virus

Vu datt schonn am Joer 2002 an 2003 iwwer 600 Mënschen a China an Hongkong um SARS-Virus gestuerwe sinn, deen zur nämmlechter Ereegerfamill gehéiert wéi de Coronavirus, waren déi international Autoritéite séier beonrouegt. Nodeems ëmmer méi Léit infizéiert waren a sech d’Krankheet och iwwert d’Grenze bis an Thailand a Japan ausgebreet hat, hunn d’Amerikaner schonn de 17. Januar Kontrollen u verschiddenen Fluchhäfen ugekënnegt, fir d’Léit, déi aus där Regioun kommen, op de Virus ze testen.

Nodeems d’Unzuel vun den Infektiounen an den Doudesaffer vun Dag zu Dag méi grouss gouf a feststoung, dass sech d’Longekrankheet och vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe léisst, gouf Enn Januar bekannt, dass d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO zesumme mat Experte vun der ganzer Welt fir eng urgent Reunioun zu Genf géif beienee kommen, fir iwwert de Coronavirus ze schwätzen a fir sech ze beroden, wéi ee sollt weider virgoen. Schonn direkt um éischten Dag vum Treffe sot den Tedros Adhanom Ghebreyesus, den ethiopesche Generaldirekter vun der WHO, dass en eng realistesch Chance géif gesinn, de Virus ze bremsen. Et misst ee lo virun allem zesummenhalen. Dat Wichtegst wier, als alleréischt sou vill Liewe wéi méiglech ze retten. Laut Experte wier ee grousse Problem vun der Krankheet, dass ee bis elo net wësse géif, wéi vill Mënsche genau infizéiert sinn a wien duerch d’Infektioun och tatsächlech a Liewensgefor schwieft.

Stéck fir Stéck ausgebreet

An der Tëschenzäit huet sech de Virus Stéck fir Stéck ëmmer méi ausgebreet. Schonn ier de Buergermeeschter vu Wuhan geroden hat, d’Stat ze evitéieren, fir dass sech net nach méi Leit infizéieren, gouf et den éischte Fall an Amerika an de 25. Januar koumen d’Nouvellen, dass den éischten Fall vum Coronavirus och elo an Europa confirméiert gouf. Et huet sech em dräi franséisch Staatsbierger gehandelt, déi kuerz virdrun a China waren. Dräi Deeg drop hunn eis däitsch Noperen och déi éischt Fäll vun der neier Longekrankheet beklot. A China goufe mëttlerweil an der Regioun ëm Wuhan 50 Millioune Mënsche vun der Aussewelt ofgeschnidden an d’Schoulen oder Restauranten bleiwe bis op Weideres zou. Trotzdeem huet sech de Virus an iwwer 20 Länner ausgebreet a schonn iwwer 1.100 Mënschen bis elo d’Liewe kascht. Do dernieft solle sech ëm déi 45.000 Leit mam Virus infizéiert hunn.

D’Konsequenze vum Virus op den Alldag vun der internationaler Kommunitéit kommen ëmmer méi zur Geltung. Virun allem den Impakt op déi international Wirtschaft ass net ze ignoréieren. D’Reesbranche, d’Bourse grad esou wéi den Handel zwësche China a sengen Partner leid elo schonn an Experten rechne réischt am Mäerz oder Abrëll mam Héichpunkt vun der Epidemie. Dee Moment wäerten d’Repercussiounen op d’Wirtschaft vu China nach méi däitlech ze erkenne sinn an dëst kéint och schlëmmstefalls politesch Konsequenze fir d’Land mat sech bréngen.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Kuerz d’Fakten erkläert

https://www.handelsblatt.com/politik/international/coronavirus-die-lage-am-morgen-krankenhauschef-stirbt-durch-coronavirus-experten-erwarten-stabilisierung-der-lage-erst-ende-april/25483702.html?ticket=ST-4351461-eYr5zYukAe6FRqoDYSYS-ap2

International Recherchen iwwert de Virus
https://www.tagesschau.de/ausland/corona-who-101.html

Franséich:

WHO erkläert op wat een oppasse muss, wann een an d’Ausland reest

https://www.who.int/ith/2019-nCoV_advice_for_international_traffic/fr/

A Frankräich kënnt et zum Rassismus wéinst dem Coronavirus

http://www.leparisien.fr/paris-75/sos-racisme-denonce-la-stigmatisation-de-la-communaute-asiatique-12-02-2020-8258547.php

Englesch:

Iwwerbléck
https://www.bbc.com/news/world-europe-51514837

Problemer a Regioune mat schlechten Infrastrukturen
https://www.nature.com/articles/d41586-020-00405-w

Sourcë vun de Biller

Bild1:https://www.zdf.de/nachrichten/panorama/coronavirus-medien-fakenews-100.html

Bild2:https://www.tagesschau.de/ausland/china-coronavirus-141~magnifier_pos-2.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *