Ass den EU-Tierkei Flüchtlingspakt a Gefor?

Auteur: Max Fisch

 

De Coronavirus dominéiert elo scho säit Wochen ons Aktualitéit. An där Zäit ass leider en anert wichteg Thema aus de Käpp vu ville Léit verschwonnen, an zwar d’humanitär Katastroph déi sech vir de Moment a Griicheland entwéckelt. Nodeems den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan decidéiert huet, d’Grenze vun der Tierkei zu Griicheland opzemaachen, huet sech vir d’EU d’Flüchtlingskris no 2016 op en Néits dramatesch verschlëmmert.

Migranten an geschlossenem türkisch-griechischen Grenzübergang (dpa)

Wéi konnt et esou weit kommen?

Nom Ausbroch vun der Flüchtlingskris 2015 gouf et en Joer drop en Accord tëscht der Europäescher Union an der Tierkei andeems et dorëms gaangen ass, dass d’Refugiéen aus Syrien op tierkeschem Buedem versuergt ginn. An anere Wierder géif d’EU Tierkei finanziell ënnerstëtzen, vir d’humanitär Situatioun virun allem un de Grenzregiounen an de Grëff ze kréien. Bis haut huet d’EU der Tierkei 3 Milliarden Euro ginn, woubäi am Accord stoung dass et sech bis Enn 2018 em 6 Milliarden handele soll.

D’Ursaach vir den néie Stroum vu Flüchtlingen ass d’Eskalatioun vum militäresche Konflikt tëscht dem Bashar al-Assad, dee mat der Ënnerstëtzung vu Russland an der Nordsyrescher Provënz Idlib géint Rebelle kämpft. Dorops hin hunn sech op en Néits vill Mënschen op de Wee Richtung Tierkei gemaach, vir dem Krich ze entkommen. Den 29. Februar huet den Erdogan dunn annoncéiert, dass d’EU sech net un de Flüchtlingspakt vum Mäerz 2016 gehalen huet an dass säi Land dofir d’Migranten net méi dovunner ofhale géif, un d’Grenze vun der EU ze kommen.

Wat sinn d’Konsequenze vum Erdogan senger Decisioun?

Nodeems bal eng Millioun Syrer sech virun dem néie militäresche Konflikt a Sécherheet brénge wëllen, versichen der vill hiert d’Gléck innerhalb vun de Grenze vun der Europäescher Union ze fannen. Well Tierkei des Léit elo passéiere léisst, sinn d’griichesch Inselen elo déi Platze wou d’Flüchtlingen no Hëllef hoffen. Séit Ufank Mäerz setze bal 50‘000 Mënschen op den Insele Samos, Kos, Leros a Lesbos fest. Besonnesch schlëmm ass d’Situatioun zu Lesbos, wou déi ganz Infrastruktur vir de Moment zesumme brécht. Beispillsweis mussen do 20’00 Léit an engem vir 3’000 Léit geduechtem Lager auskommen. De 4. Mäerz krut en Video an deem et sou ausgesäit wéi wann Léit an engem Schlauchboot vu griicheschen Autoritéite geschloe gi schnell vill Opmierksamkeet an huet den ëffentlechen Drock d’EU erhéicht, eng schnell Léisung ze fannen. D’Ausmoosse vun der Situatioun beschreiwen Hëllefsorganisatioune mëttlerweil als humanitär Katastroph a Griicheland ass komplett iwwerfuerdert.

Kinder im völlig überfüllten Camp Moria auf Lesbos.

Wat geschitt elo ?

Den 1. Mäerz huet Griicheland entscheet, d’Asylrecht vir eng begrenzten Zäit auszesetzen. Dëst erméiglecht et hinnen, de Migranten, déi néi ukommen direkt matzedeelen, dass se net erwënscht sinn an et erlaabt hinnen dës Léit och direkt erëm zeréck ze schécken. Wat d’Verhandlungen tëscht der Tierkei an der EU ugeet, deet een sech schwéier en Accord ze fannen. Der Tierkei gëtt virgeworf, et wéilt een d’EU mat de Migranten em Geld erpresse wärend deem den Erdogan awer ënnersträicht dass säi Land 3,7 Millioune syresch Flüchtlingen encadréiere muss an dass en sech dofir Ënnerstëtzunge vu senge Partner erwaart, ouni déi hien d’Situatioun net an de Grëff kritt.

Wéi et also lo genau weider geet ass dofir bis elo nach schwéier ze soen, fest steet dass schnell muss gehandelt gi vir d’Ausbreede vun der Kris ze verhënneren an dass éischt Gespréicher lafe vir virun allem sou schnell wéi méiglech d’Kanner aus där schlëmmer Situatioun ze retten.

 

Däitsch:

D´Situatioun a Griicheland

https://www.merkur.de/politik/tuerkei-fluechtlinge-eu-grenze-erdogan-griechenland-syrien-eu-merkel-schuesse-news-lesbos-video-zr-13574651.html

Flüchtlingslager Moria

https://www.dw.com/de/auf-lesbos-festgehaltene-migranten-auf-festland-gebracht/a-52781258

Franséisch:

D´Meenung vun den Awunner

http://www.rfi.fr/fr/europe/20200304-crise-migratoire-à-lesbos-une-partie-la-population-rejette-les-migrants

https://www.france24.com/fr/20200303-crise-migratoire-à-lesbos-l-hospitalité-fait-place-à-l-hostilité

Englesch:

 

https://www.independent.co.uk/news/world/europe/refugee-shelter-lesbos-greece-fire-migrant-crisis-a9385116.html

Aggressioun vun den Autoritéiten

https://www.bbc.com/news/world-europe-51626852

 

Source vun de Biller:

Bild1:https://www.deutschlandfunk.de/bruch-des-eu-tuerkei-abkommens-eskalation-an-der.724.de.html?dram:article_id=471516

Bild2:https://www.caritas-international.de/hilfeweltweit/europa/griechenland/spendenaktion-griechenland

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *