Mobilitéit 2.0

Auteur: Max Fisch

Wat sinn d’Konsequenzen vum gratis ëffentlechen Transport?

Enn Januar 2019 huet den Transportminister François Bausch an enger Pressekonferenz offiziell ugekënnegt, dass den ëffentlechen Transport am ganze Land ab dem 1. Mäerz 2020 gratis géif ginn. Et géif een dovunner ausgoen, dass de Staat duerch dës Mesure 41 Milliounen Euro pro Joer u Recettë verléiere wäert. Do dernieft gouf ënnerstrach, dass Lëtzebuerg tëscht 2018 an 2023 méi wéi 2 Milliarden Euro géif ausginn, fir d’Infrastrukture vum Zuchreseau ze optiméieren.

Nodeems 2019 ëm déi 45 Millioune Leit op den ëffentlechen Transport zeréckgegraff hunn an och den Tram zesumme mam Funiculaire e grousse Succès virzeweisen hunn, wäert dem François Bausch no d’Unzuel vun de Léit, déi ëmklammen, zesumme mat enger verbesserter Qualitéit an Offer vum ëffentlechen Transport an d’Luucht goen. De gratis ëffentlechen Transport ass awer leider och net d’Wonnermëttel, fir de Verkéiersproblem zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien. Zwar erhofft ee sech, dass d’Leit no an no op hiren Auto verzichten, mee dat ass net den eenzege Grond, wéisou dës Moossnam getraff gouf. Well een net méi bezuele muss, fir e Bus oder Zuch ze huelen, wäert d’Mobilitéit vun de Leit, déi finanziell schlecht do stinn, och an d’Luucht goen an dat suergt domadder fir méi sozial Gerechtegkeet.

 

Gefor vu weiderer Iwwerlaaschtung

Nieft de Virdeeler bréngt e gratis ëffentlechen Transport awer och nach aner Konsequenze mat sech. Wa méi Leit dorop zeréckgräife wäerten, klëmmt de Risiko, dass d’Busser oder d’Zich zu Stousszäiten ëmsou méi iwwerlaascht sinn. Op Säiten vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux ginn op nach vill opstoend Chantieren higewisen an et heescht och, dass d’CFL op verschiddene Pläng nach net prett wier. E weidere grousse Kritikpunkt ass deen, dass d’Virdeeler vum gratis ëffentlechen Transport just deene Leit eppes bréngen, déi an enger Stad oder no un enger Stad wunnen. Och wann een net méi fir de Bus oder Zuch bezuele muss, d’Pläng, wéi d’Busse fueren, bleiwen d’nämmlecht, sou dass méi kleng ländlech Dierfer mat wéineg Zougang zu ëffentlechem Transport net wierklech profitéiere kënne an trotzdeem déi nämmlecht Stéieren bezuelen, wéi eng Persoun, déi zum Beispill an der Stad wunnt.

Och wann et bis elo nach kee Land gouf, wou den ëffentlechen Transport iwwerall gratis ass, sou sinn d’Lëtzebuerger awer net déi éischt mat där Idee. Schonn a villen anere Länner haten d’Regierungen dës Idee, woubäi Tallin, d’Haaptstad vun Estland, wuel dat bekanntste Beispill ass. Zënter 2013 gräifen duerch dës Ännerung knapps 10 % méi op den ëffentlechen Transport zeréck. Zu Aubagne, am Süde vu Frankräich huet sech d’Unzuel vun de Leit, déi den ëffentlechen Transport benotzen, lokalen Autoritéiten no innerhalb vun dräi Joer verduebelt, nodeems e gratis gouf. Och bei onse belschen Noperen zu Hasselt hat dës Mesure, nodeems se 1997 agefouert gouf, enormen Succès. Zënter 2013 muss een awer och do erëm, fir de Bus bezuelen, well de Budget et net méi erlaabt huet.

Alles an allem bréngt e gratis ëffentlechen Transport vill Ännerunge mat a réischt an e puer Joer wäerten d’Konsequenze méi kloer ze erkenne sinn. De Staat muss bereet an och kapabel sinn, fir sech mat de finanzielle Konsequenzen auserneen ze setzen an déi néideg Infrastrukture mussen och garantéiert ginn. An Zäiten vum Klimawandel sief awer och ze ënnersträichen, dass mer méi onofhängeg vum Auto musse ginn, a Lëtzebuerg huet lo d’Méiglechkeet, als gutt Beispill virzegoen.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

 

Däitsch:

Wat bréngt den ëffentlechen Transport?

https://www.science.lu/de/faktencheck-gratis-oepnv/was-bringt-kostenloser-oeffentlicher-transport

Wéi gesäit Däitschland de lëtzebuergesche Modell?

https://www.sueddeutsche.de/auto/luxemburg-hier-kann-jeder-gratis-mitfahren-1.4801362

Franséich:

Eng Analyse

http://www.leparisien.fr/economie/luxembourg-les-transports-publics-deviennent-gratuits-une-premiere-mondiale-29-02-2020-8269803.php

Eng Allgemeng Siicht

https://www.latribune.fr/entreprises-finance/services/transport-logistique/le-luxembourg-met-en-place-les-transports-publics-gratuits-840887.html

Englesch:

Een Artikel mat kuerze Graphiken

https://www.bbc.com/news/world-europe-51657085

Eng US-Stëmm iwwert déi letzebuerger Mobilitéit

https://edition.cnn.com/travel/article/luxembourg-free-public-transport/index.html

Sourcë vun de Biller

Bild1:https://hiveminer.com/Tags/luxembourg%2Ctram

Bild2:https://www.rtl.lu/fotoen/34073.html#p21

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *