Crash vun de Pëtrolspräisser

Wéi funktionéiert eigentlech de Pëtrolsmarché?

Zënter Ufank Mäerz konstatéiere mir op der Pompel, dass d’Bensinspräisser am fräie Fall sinn. Wärend de Präis vun engem Baril Pëtrol Brent (europäesch Zort – ongeféier 159 Liter) Enn Februar bal 60$ wäert ass, läit en de 26. Mäerz bei engem historeschen Déif vu ronn 27$. Gutt fir de Portmonni vum Verbraucher, schlecht fir d’Investisseuren. An dëser Editioun vun „A 500 Wierder“ gëtt erkläert, wéi de Pëtrolsmarché funktionéiert a wéi dës Fluktuatiounen indirekt mat der Wirtschaftskris duerch de Coronavirus zesummenhänken.

Pëtrol ass eng vun de wichtegste Ressourcen, well se a Raffinerië jee no Zort a Qualitéit zu Energieprodukter wéi Bensin, Diesel, Kerosin oder Mazout verschafft gëtt. De Präis vum Pëtrol gëtt vereinfacht gesinn duerch de Mechanismus vun Offer an Demande duerch Länner, déi am meeschte Pëtrol aus der Äerd fërdere respektiv verbrauchen, festgesat. Zu de gréisste Produzente vun Äerdueleg gehéiere säit Joerzéngten d’USA, Russland an d’Länner vun der OPEC (Organisation of Petroleum Exporting Countries). Dës Allianz vu momentan 13 Länner aus dem Mëttleren Osten, Afrika a Südamerika probéiert de Präis vum „schwaarze Gold“ duerch Produktiounslimiten ze reguléieren.

Ënnerschiddlech Ziler

De Problem vun de Memberstaaten an der OPEC ass, dass déi verschidde Länner net déi nämmlecht ekopolitesch Ziler verfollegen. Et ginn nämlech ënnerschiddlech grouss Reserven, an de Pëtrol ass méi oder manner wichteg an den Exporter vun de verschiddene Länner. Op der enger Säit ginn et sougenannte „price moderates“ wéi d’Vereenegt Arabesch Emirate oder Kuwait. Dës Länner hunn extrem grouss Reserve par Rapport zur Awunnerzuel, a kënnen hir Depensë gutt decken. Doduerch si si kuerzfristeg net u grouss Recetten aus der Pëtrolsvente ugewisen. Déi Länner probéieren also hir Part de Marché op laang Dauer bäizebehalen, anstatt se duerch een ze héije Pëtrolspräis un d’Konkurrenz ze verléieren. Op der anerer Säit ginn et „price hawks“ wéi Iran oder Nigeria. Wéinst méi klenge Reserven am Verglach zur Populatioun an héijen Depensen, kann de Pëtrolspräis an enger favorabeler ekonomescher Situatioun fir déi Länner ni héich genuch sinn, well si sou d’Recettë vun hiren Exporter op kuerz Dauer kënne maximiséieren. Duerch dëse Konflikt ass de Präiskartell vun der OPEC instabil. Eng speziell Roll dobäi spillt Saudi-Arabien: Als „Swing Producer“ mat de gréisste Reserve kënnt et vir, dass si eng festgeluechten Decisioun net akzeptéieren an de Marché mat hirer Produktioun iwwerschwemmen.

Deen Zenario ass an de rezente Verhandlungen vun der OPEC+, zu där och Russland gehéiert, geschitt. Saudi-Arabien wollt seng Produktioun wéinst der Coronakris der méi klenger Demande adaptéieren. Am Géigesaz zu Russland, wat wëlles hat, China an hirer Erhuelungsperiod vum Coronavirus ze beliwweren. De Mohammed bin Salman, Krounprënz vun der arabescher Monarchie, war mat dem festgesate Präis net averstanen an huet sech net diktéiere gelooss, a wéi eng Richtung et um Pëtrolsmarché geet. Wéinst dem gescheiterten Accord huet hien dem Wladimir Putin also de Präiskrich erkläert an d’Produktioun vun der hallewstaatlecher Firma „Saudi Aramco“ staark erhéicht. Et weist sech elo an noer Zukunft, wien deen déiwe Verkafspräis am längsten aushale wäert.

Och Repercussioune an den USA

An den USA mécht sech de Präiskrich och bemierkbar. Grouss texanesch Energiefirmen, déi Schiferueleg duerch den deiere Prozess vum Fracking gewannen, sinn duerch deen déiwe Präis net konkurrenzfäeg. En Dilemma fir déi amerikanesch Politik: Obwuel en déiwe Pëtrolspräis besser ass, fir d‘Economie an der Coronakris um Lafen ze halen, falen d’Coursen op der Bourse an historeschem Ausmooss an d’Pëtrolsentreprisë kämpfe mat staarke Verloschter. Déi amerikanesch Onofhängegkeet vum Pëtrol steet soumat op der Kipp.

D’Regulatioun vum „schwaarze Gold“ ass also en Instrument, wat an Zäite vu geopoliteschen Tensiounen eng richteg Waff ka ginn. Dobäi ass d’Muecht vun der OPEC, a besonnesch Saudi-Arabien, net ze ënnerschätzen, well hir Decisiounen de Präis vum Pëtrol an d’Weltwirtschaft massiv beaflosse kënnen. Et bleift spannend, wien als éischt am Präiskrich tëscht Russland a Saudi-Arabien nogëtt a wéi déi amerikanesch Politik op dëse Problem am Zesummenhang mat der Coronakris reagéiert.

 

Source vun de Biller

Bild1:https://tinyurl.com/yx7oucvl

Bild2: https://tinyurl.com/Oel-Produktion

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *