D’WHO an der Kris

Auteur: Max Fisch

 

Säit bal dräi Méint steet d’Welt wéinst dem Coronavirus op der Kopp, an dës Kris stellt d’Zesummenaarbecht vun der internationaler Kommunitéit viru grouss Problemer. Zu dëser Kommunitéit zielen net nëmmen all d’Länner, mee och grouss Organisatiounen an Institutioune wéi zum Beispill d’Weltbank, den internationale Geriichtshaff oder och nach d’WHO spillen eng grouss Roll.
D’WHO (World Health Organisation) ass duerch d’UNO entstanen. Wéi den Numm et scho seet, ass d’WHO zoustänneg fir den internationale Gesondheetssystem. D’Aufgab ass et also, sech ëm déi grouss international Gesondheetsprobleemer ze këmmeren a fir an deem Secteur fir eng gutt an transparent Zesummenaarbecht a Kommunikatioun innerhalb der UNO ze suergen.

 

Déi éischt Reaktioune vun der WHO

Nodeems de Virus am Dezember 2019 a China ausgebrach ass a sech séier verbreet huet, huet sech d’WHO am Januar zu enger Krisesëtzung mat ageluedenen Experte versammelt. De President vun der WHO huet séier ugekënnegt, dass ee virun allem zesummenhale misst, mee dass en eng realistesch Chance géif gesinn, fir de Virus ze kontrolléieren an ze bremsen. Den 12. Januar verëffentlecht d’WHO en Artikel, an deem se ënnersträichen, dass se géint Aschränkungen sinn, wat den Handel mat China ugeet an dass sech Touriste keng Suerge maache missten, a China géif behaapten, dass et nach kee kloren Beweis dofir gëtt, dass sech de Virus einfach vu Persoun zu Persoun iwwerdroe léisst. Haut steet fest, dass déi Aschätzunge falsch waren.

Am Februar a virun allem am Mäerz sinn d’Zuele vun den Infizéierten an Doudesfäll dramatesch an d’Luucht gaangen, an de Coronavirus ass zur Pandemie ginn, vun där aktuell 185 Länner betraff sinn. Ufank Abrëll war et virun allem den Donald Trump, deen ugefaangen huet, d’WHO staark ze kritiséieren. Hien huet der Organisatioun virgeworf, si hätte vill ze spéit gehandelt, hätte falsch Rotschléi rausginn an hätten och ze vill am Interessi vu China reagéiert. Hien huet dorop higewisen, dass d’WHO souguer nach Enn Februar ënnerstrach huet, dass se et net fir néideg fënnt, Aschränkungen op de Grenzen anzeféieren, an dat nodeems scho grouss Länner wéi Däitschland oder Amerika entscheed hunn, dass se keng Chinese méi wéilten an d’Land loossen, fir d’Ausbreede vun der Krankheet ze verhënneren. Zu Washington gouf dës Decisioun souguer schonn den 31. Januar getraff, a viru kuerzem huet den Trump entschloss, d’WHO net méi finanziell ze ënnerstëtzen.Nieft dem Trump sengen Aussoe ginn et och Wëssenschaftler, déi d’Organisatioun kritiséiert hunn. Ee vun hiren engagéierten Experte huet behaapt, dass d’Zuele vun de Chinese bewosst net gestëmmt hunn, sou dass de WHO-Direkter Tedros kuerz drop huet missen agestoen, dass se keng Garantie haten, ob déi Informatiounen, déi se kruten, gestëmmt hunn.

D’WHO verdeedegt sech

Als Reaktioun op d’Kritik vum Trump huet sech den Tedros verdeedegt an ënnerstrach, dass si net am Interessi vun engem bestëmmte Land schaffe géifen. Si schaffe fir all d’Länner, an et sollt ee lo wéinst dem Virus net ufänke mat streiden, dat wichtegst wier elo Solidaritéit. D’WHO huet awer och ganz kloer agesinn, dass Feeler gemaach goufen a verséchert, dass dës no der Kris analyséiert wäerte ginn.

 

Source vun de Biller:

Bild1:https://www.npr.org/sections/goatsandsoda/2020/04/15/835011346/a-timeline-of-coronavirus-comments-from-president-trump-and-who?t=1588160801473

Bild2:https://news-tunisia.tunisienumerique.com/who-seven-simple-steps-to-protect-yourself-and-others-from-covid-19/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *