Solidaritéit fir Europa?

Wat si Corona-Bonds?

Déi europäesch Ekonomie ass déif an eng Kris gestierzt, well ganz Vollekswirtschaften an engem „Lockdown“ sinn. Dowéinst poche Spuenien an Italien op d‘europäesch Solidaritéit a fuerderen d’EU op, Corona-Bonds anzeféieren. Mee wat si Corona-Bonds?

Allgemeng versteet een ënnert „Bonds“ ee mat Zënse fixéierten Emprunt. Domat kënnen Entreprisen a Staaten sech eenzel op der ganzer Welt Sue léine goen, déi si dann natierlech mat Zënsen un d’Investisseuren zeréckbezuelen. Eigentlech fonctionéiert et bei de Länner esou wéi bei de Bierger, d’Lafzäite kënne vu Woche bis Joerzéngte goen an d’Zënse variéieren nom Risiko, déi den Investisseur huet, d’Suen ze verléieren. Also eng stabil politesch an ekonomesch Situatioun bedeit, manner Zënse bezuelen ze mussen.

Mee elo fuerderen Spuenien an Italien, datt all d’Eurolänner Scholden op dem Finanzmarché ophuele sollen an doduerch och zesumme fir déi Scholden haften an zousätzlech och zesummen d‘Zënse bezuele sollen.

Wéi sollen d’Corona-Bonds hëllefen?

Eng solidaresch Schold vun allen Eurolänner géif alle Länner zegutt kommen, déi immens héich Scholden hunn. Duerch déi momentan Coronakris gëtt dee Scholdebierg nach méi grouss, well zousätzlech nach Scholden opgeholl musse ginn, fir der Ekonomie eng Finanzsprëtz kënnen ze ginn. Mat de Corona-Bonds kréien déi Länner séier Suen zu bessere Konditiounen. Well aner staark Vollekswirtschaften déi Scholde besser gestemmt kréien, ass de Risiko fir d’Investisseure méi kleng an doduerch kommen déi besser Konditiounen zustanen. Een anere positiven Aspekt ass, fir der ganzer Welt a virun allem Europa ze weisen, datt d’EU an esou engem historesche Moment zesummenhale kann. Esou kéint d’EU gestäerkt aus der Kris erauskommen.

Déi Iwwerleeunge gouf et scho viru knapps zéng Joer no der Finanzkris. Do ware Griicheland, Portugal, Spuenien, Italien an och Irland betraff. Do ass och schonn d’Iddi, fir zesumme Scholden opzehuelen, opkomm an doduerch Staatsfaillitten ze verhënneren. Do waren awer schonn déi nämmlecht Länner dogéint wéi aktuell.

Däitschland, Holland an Éisträich si géint Eurobonds

Als Beispill kann een am Fall vun Däitschland soen, datt et dem Land finanziell immens gutt geet. Doduerch kann Däitschland zu ganz gudde Konditiounen an niddregen Zënse Sue léine goen. Esouguer esou gutt, dat eng immens grouss Nofro fir déi däitsch Staatskreditter um Marché herrscht. Doduerch konnt Däitschland eng Spuerpolitik bedreiwen, déi jorelaang mat engem décke Plus am Staatsbudget verzeechent huet.

Mee am Fall mat de Corona-Bonds géif Däitschland zu engem aneren Zënssätz Scholden ophuelen. Doduerch kéint Däitschland fir sech selwer zu verschlechterte Konditioune Suen ausléine goen a géif fir déi ekonomesch méi schwaach Länner zudeem mathaften. Ee weidere Kritikpunkt wier, datt een demokrateschen Defizit opdauche kéint, well all Eurostaaten d’Scholde vergesellschaften, an doduerch kann d’Parlament zu gréissere Schwieregkeeten de Staatsbudget kontrolléieren an ofstëmmen.

Aktuell ass geplangt, mam Euro-Rettungsschierm (ESM) Länner mat Suen ënnert d‘Äerm ze gräifen. Do sollen dann ënner verschidde Konditioune Suen ausgeléint kënne ginn. Mee do ass och villes kritiséiert ginn, well ze vill Oploen a Restriktiounen eventuell komme géifen. D’Diskussioun iwwert d’Corona-Bonds ass nach net vum Dësch, well och de leschten EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker schwätzt sech fir d’Corona-Bonds aus.

Source vun de Biller

Bild1:https://tinyurl.com/A500Wierder-Coronabonds

Bild2:https://tinyurl.com/A500Wierder-Coronabonds2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *