En Urteel mat Folgen

Dat däitscht Verfassungsgeriicht stellt den EuGH a Fro

Dräi Deeg no deem historeschen Urteel géint déi Europäesch Zentralbank vum däitsche Verfassungsgeriicht, dat sech explizitt fir déi éischte Kéier géint een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) gestallt huet, bréngen d’EU-Kommissioun an den EuGH hir Bestierzung doriwwer an de Public. Den EuGH huet sech zu Wuert gemellt a seng eegen Zoustännegkeet bei Froen a puncto Uniounsrecht verdeedegt. „Um die einheitliche Anwendung des Unionsrechts zu wahren, ist nur der zu diesem Zweck von den Mitgliedstaaten geschaffene EuGH befugt, festzustellen, dass eine Handlung eines Unionsorgans gegen Unionsrecht verstößt“, schreift den EuGH an engem Communiqué zu Lëtzebuerg. Weider gëtt erkläert, datt déi national Geriichter sech un Uniounsgesetzer hale missten, fir datt d’Unanimitéit vun den EU-Memberstaaten garantéiert ka ginn.

Wat ass geschitt?

Dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe huet d’lescht Woch d’Kafe vun de billiounenschwéiere Staatsemprunten op Säiten der Europäescher Zentralbank als deelweis verfassungswiddreg geurteelt. Domat stellt sech fir déi éischte Kéier een nationaalt Geriicht géint een Urteel vum EuGH, deen 2018 geurteelt hat, datt et net géif géint Uniounsrecht verstoussen. Dat héchste Geriicht an der EU mat Sëtz zu Lëtzebuerg kritiséiert d’Urteel a stellt fest, datt d’Rechtssécherheet an der EU op dem Spill steet, wann national Geriichter ufänken iwwer d’Uniounsrecht zu urteelen.

Wéi geet et weider?

Den däitsche Bundestagspräsident Wolfgang Schäuble huet an der Frankfurter Allgemeinen Zeitung erkläert: „Die Gefahr bestehe darin, dass auch die Verfassungsgerichte anderer Mitgliedstaaten sich auf das Bundesverfassungsgericht berufen und dem EuGH nicht folgen. Es kann gut sein, dass in anderen EU-Mitgliedstaaten nun auch der Bestand des Euro in Frage gestellt wird, weil ja jedes nationale Verfassungsgericht für sich urteilen könne.“ De fréieren däitsche Finanzminister Schäuble gesäit den Euro a Gefor.

Domat muss sech déi däitsch Politik elo auserneesetzen, ob si sech op den EuGH bezéien an alles esou loossen, wéi et virdru war, domat verletzen si d’Urteel vum héchste Geriicht an Däitschland. Oder si halen sech un hiert nationaalt Geriicht a verstousse géint Uniounsrecht. Falls Däitschland elo kontrolléiere wëll, wat d’EZB mécht, huet déi däitsch EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ugekënnegt, datt si ee „Vertragsverletzungsverfahren“ géint Däitschland aleede wäert. Der selwechter Meenung sinn och ee groussen Deel vun den EU-Deputéierten.

De Fraktiounschef vun der Europäescher Vollekspartei Manfred Weber kritiséiert dat däitscht Urteel schaarf. Hie schwätzt vun enger Mëssuechtung vun der Onofhängegkeet vun der däitscher Bundesbank an der EZB, wa si dem däitsche Parlament an der Regierung hir geldpolitesch Moossnamen erkläre mussen.

Polen gëllt aktuell als EU-kritesch, de polnesche Ministerpresident Mateusz Morawiecki huet d’Urteel aus Däitschland begréisst. Domat bekräftegt hien, datt net den EuGH iwwert d’Grenze vu Kompetenze vun den EU-Organer urteelt, mee déi national Geriichter weisen den EU-Organer hir Kompetenzgrenzen op.

Elo muss een déi nächst Schrëtt aus der däitscher Politik ofwaarden, mee d’EU-Kommissioun wäert géint all Verstouss vun Uniounsrecht virgoen. Och dat Europäescht Parlament wëll elo, datt d’EU duerch nei Usätz gestäerkt soll ginn, an datt d’Kompetenzen an d’Onofhängegkeet vun der EZB net méi a Fro gestallt kënne ginn.

Source vun de Biller

Bild1:https://tinyurl.com/A500Wierder-EZB-Urteel

Bild2: https://tinyurl.com/A500Wierder-EZB-Urteel2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *