D’Geschicht hannert dem Skandal

A 500 Wierder: de massive Bedruch vu Wirecard

An de leschte Wochen ass an Däitschland ee massive Bedruch vu Wirecard ëffentlech ginn. Ugefaangen huet Wirecard mat Softwarelizenzen, deemools war Wirecard an eng Kris geroden, opgrond vun den terroristeschen Attacken op „Twin Towers“ vum World Trade Center an New York City. Do sollt dann den éisträicheschen Informatiker Markus Braun der Firma aus der Kris hëllefen. Doropshin huet de Beroder, de Kritiker no, déi wichteg Kärgeschäfter verkaf a Wirecard op ee riskante Wee gelenkt.

Den éisträichesche Beroder huet 2002 Wirecard als Bezuelplattform ëmstrukturéiert, fir d’Entreprise fit an d’Zukunft ze bréngen. Well an de fréien 2000er Joren huet sech de sougenannte „Neie Marché“ etabléiert. Dat waren déi éischt grouss international Firmaen, déi eng digital Bezuelmethod ubidde wollten. Dowéinst huet sech Wirecard dorop spezialiséiert.

Schlecht Bild an der Gesellschaft

De Problem: Deemools huet ee geduecht, datt déi digital Bezuelméiglechkeeten iwwerflësseg wieren, well et jo souwisou Banke ginn. Mat engem bessere Budget, fir esou eng digital Plattform opbauen ze kënnen. Am Ufank huet Wirecard ee méi schlecht Bild an der Gesellschaft gehat, well de Service vun Internet-Casinoen oder Pornosäite genotzt ginn sinn. Dës Branchë si meeschtens bei neien digitalen Technologien dobäi.

De Markus Braun ass vu Grond op beim Opbaue vun der digitaler Infrastruktur mat dobäi. Esou datt hien da séier un d’Spëtzt vu Wirecard kënnt. De Virstand besteet nëmmen aus véier Persounen, de Markus Braun mat sengem Landsmann Jan Marsalek an zwou weidere Persounen, déi zentral Entscheedungen treffen.

Haut ass de Service vu Wirecard bei ville Bezuelofwécklungen dobäi, bei engem Akaf an engem Liewensmëttelgeschäft bis bei verschidde Flughäfen. Och bei Google oder Apple gëtt Wirecard genotzt. Wirecard war bis zum Skandal bei de Leit éischter onbekannt, well d’Firma sech net esou an der Ëffentlechkeet weist, aneschters wéi Paypal, den digitale Bezuelungsdéngscht, dee fir bal jiddweree bekannt ass.

Duerch deen enorme Succès konnt Wirecard ëmmer méi Investore fir sech gewannen. An huet sech dann op dem ganze Globus ausgebreet. 2018 war Wirecard dann esou grouss, dass si vum däitschen Haaptindex DAX gelëscht goufen a vun do un zu de gréissten däitschen Entreprisë gezielt hunn. Fir Däitschland war Wirecard och ee wichtege Partner fir an der FinTec-Branche international ee gudde Ruff opzebauen.

Financial Times huet recherchéiert

Scho virun e puer Joer gouf et bei verschidde Verëffentlechunge vu verschiddene Geschäftszuelen Onkloerheeten, wéi se entstane sinn oder wat se eigentlech bedeite sollen. Ufanks 2019 huet de „Financial Times“-Redakter Dan McCrum Recherchen iwwert Wirecard gemaach an huet sech mat verschiddene Whistleblower aus Singapur getraff. Si hunn dem FT-Journalist attestéiert, datt si Bilanze fälschen. An Däitschland ass näischt ënnerholl ginn, just zu Singapur huet déi staatlech Verwaltung 2,5 Milliounen Euro u falschen Iwwerweisungen entdeckt. Wirecard huet erkläert, datt dat just falsch ëmgebucht gi wier.

Dunn huet Wirecard d‘Financial Times an de Redakter verklot, dono hu sech och déi däitsch Finanzadministratiounen ageschalt. EY gouf duerch KPMG ersat a si hunn d’Zuele gepréift. Séier huet KPMG festgestallt, datt verschidden Iwwerweisungen an Treuhandkonten net existéieren. 1,9 Milliarden Euro sinn einfach verschwonnen oder hunn ni existéiert. Esou sinn d’Aktië vun 200 Euro op 2,4 Euro gefall a Wirecard ass insolvent.

De Markus Braun ass vun der däitscher Justiz verhaft ginn an de Jan Marsalek ass op der Flucht.

Source vun de Biller:

Bild1:https://tinyurl.com/Wirecard1

Bild2:https://tinyurl.com/Wirecard2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *