I can’t breathe

Auteur: Max Fisch

 

De Fall George Floyd a wéi et ëm Rassismus an der EU steet

De 25. Mee hunn ons verstéierend Biller aus Amerika erreecht, wou en Afroamerikaner op oppener Strooss vu wäisse Poliziste mësshandelt gouf a kuerz drop un de Suitte gestuerwen ass. Iwwert d’sozial Netzwierker gouf dëse Video séier verbreet an huet Mënschen op der ganzer Welt schockéiert. Säit dëser grujeleger Dot herrscht op ville Plazen an Amerika den Ausnamezoustand, an d’Police ass den Demonstratiounen, déi deelweis eskaléieren, net Meeschter ginn, sou dass souguer d’National Guard agesat gëtt. Dës Weidere goufen Ausgangsspären ugekënnegt, dat a grousse Stied wéi zum Beispill zu New York.

Diskussiounen iwwert Rassismus dominéiere säit dësem Dag déi international Medien an Demonstratiounen op der ganzer Welt fanne statt, fir der afroamerikanescher Kommunitéit bäizestoen a Solidaritéit ze weisen.

Hoffnung op Réckgang vu Rassismus huet sech net erfëllt

Rassismus ass e Problem, mat deem Amerika nach ëmmer ze kämpfen hat, an ëmmer rëm war ze héieren, dass virdru wäiss Polizisten hir Positioun oft ausgenotzt hunn, Afroamerikaner onfair behandelt hunn a wéi beim George Floyd onnéideg gewalttäteg goufen. Wéi de Barack Obama 2008 den éischten afroamerikanesche President gouf, war d’Hoffnung grouss, dass sech d’Situatioun géif verbesseren an de Rassismus ofhuele géif, mee leider war dëst net de Fall. An de leschte fënnef Joer si prozentual gesinn an Amerika méi wéi duebel sou vill Afroamerikaner duerch Polizisten ëmkomm, an am Schnëtt stierft een Afroamerikaner all 40 Stonnen duerch d’Police. Alles an allem ass et schockéierend ze gesinn, wéi schlëmm d’Afroamerikaner am 21. Joerhonnert nach ëmmer benodeelegt sinn an dass haut mol net d’Hallschent vu sech behaapte kann, am eegenen Haus ze wunnen.

Nodeems sech an de leschten Deeg vill Leit aus ganz Europa a ville Stied getraff hunn, fir géint Rassismus ze demonstréieren a fir Solidaritéit mat den Affer an de Betraffenen ze weisen, stellt sech d’Fro, wéi d’Situatioun bei eis ass. An engem Rapport, deen d’FRA (European Union Agency for Fundamental Rights) lescht Joer rausbruecht huet, gëtt kloer, dass Rassismus och an Europa e grousse Problem ass. Vill Judde fille sech nach ëmmer net wuel, an zum Beispill 40% vun den donkelheitege Leit, déi vun der Polizei ugehale goufen, ginn un, dass dëst just duerch hir Hautfaarf war.

Den Ausbroch vun der Flüchtlingskris 2015 huet mat sech bruecht, dass Rassismus sech doduerch nach méi an Europa verbreet huet, an et geet esouwäit, dass et haut scho bal normal ass, wa sech rietsextrem a populistesch Parteien ofwäertend vis-a-vis vu Flüchtlingen äusseren. Laut dësem Rapport musse virun allem grouss Institutiounen an d’Regierungen de Minoritéite méi ënnert d‘Ärem gräifen a se op hir Méiglechkeeten a Rechter hiweisen, fir sech géint Rassismus ze wieren. De Problem ass, dass laut der FRA just 15 vun 28 Memberstaaten Pläng hunn, fir géint Rassismus virzegoen, wat net duergeet. Déi Europäesch Union muss zesummen un engem Strang zeien a sech als Gemeinschaft mat konkrete Strategië kloer géint Rassismus positionéieren.

#blacklivesmatter.

 

Weider Artikelen fir ze liesen

Däitsch:

Wat ass Rassismus? D’Entwecklung vum Rassismus

https://www.bpb.de/politik/extremismus/rechtsextremismus/213678/was-ist-eigentlich-rassismus

Een Fundus iwwert Artikelen vum Altagsrassismus

https://www.sueddeutsche.de/thema/Alltagsrassismus

 

Franséisch:

Interview mat der Innenministësch a. D. Christiane Toubira iwwer Rassismus a Frankräich

https://www.lejdd.fr/Politique/christiane-taubira-sur-le-racisme-dans-la-police-chaque-derapage-individuel-tache-linstitution-entiere-3973295

 

Englesch:

Eng Analyse iwwert d’USA

https://www.politico.com/news/2020/06/09/white-voters-2020-biden-304804

Brussels so White

https://www.theguardian.com/commentisfree/2020/jun/09/eu-brussels-white-george-floyd-colour-equality

 

Source vun de Biller:

Bild1:tinyurl.com/A500Wierder–BLM

Bild2:tinyurl.com/A500Wierder–BLM2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *