Wat geschitt am Jemen?

A 500 Wierder iwwert eng schwéier humanitär Kris

Déi Vereenegt Natiounen (UN) schwätze vun der gréissten humanitärer Kris vun der Welt, mee dat gëtt am Moment vun anere groussen Evenementer iwwerlagert.
Déi aktuell Situatioun am Jemen ass katastrophal: Biergerkrich mat internationalen Akteuren, Hongersnout, Cholera-Epidemie an elo nach zousätzlech Corona-Pandemie. Dat schonn immens strapazéiert Gesondheetssystem gëtt ëmmer weider belaascht an et steet kuerz virum Kollaps. D’Spideeler gi bombardéiert, d’Doktere probéiere fortzelafen, d’Mënschen am Jemen verhongeren an de kranke Leit ka net gehollef ginn. Dowéinst appelléiert d’UN fir e Friddensprozess, fir déi schlëmmsten humanitär Kris säit 100 Joer am Jemen ze stoppen.

Wien kämpft géint wien?

Säit dem Ausbroch vun den Opstänn am Jemen 2011 ass eng ganz komplizéiert militäresch Kris ausgebrach. Op enger Säit stinn d’Huthiën, déi gi vum Iran ënnerstëtzt. Si kämpfe géint déi international unerkannte Regierung. Mee op Drock vun den Huthiën huet déi jemenittesch Regierung 2015 demissionéiert. Den deemolege President Abd Rabbu Mansur Hadi lieft a Saudi-Arabien am Exil a versicht, aus Saudi-Arabien eraus mat hirer Ënnerstëtzung d’Muecht zeréckzegewannen. Fir de Konflikt minimal duerzestellen.

Déi international Organisatioun Handicap International (HI) huet matgedeelt, dat de Biergerkrich Jemen ëm eng ganz Generatioun zeréckgeheit. Duerch déi enorm Zerstéierunge vun Infrastruktur wéi Stroossen, Spideeler, Schoulen an anere wichtegen Infrastrukture kann der jemenittescher Bevëlkerung kaum gehollef ginn.
De Biergerkrich am Jemen gëtt och oft ee „Stellvertriederkrich“ genannt, well aner Staaten hir Interessen am Land duerchsetze wëllen. D’UN schwätzt souguer vun engem Verstouss vun de Mënscherechter an Amnesty International beschëllegt déi Vereenten Arabesch Emirater den onrechtméissege Waffeliwwerungen un d’Milizen am Jemen. Ënnert deene Waffe sinn och europäesch Staaten dobäi.

Corona mécht alles méi schlëmm

Obwuel am vergaangenem November 2019 grouss Hoffnungen un engem Friddensofkommes gehale gouf, ass näischt a punkto Waffestëllstand geschitt. De Krich dauert bis haut un. Dobäi geschitt am Jemen déi aktuell gréissten humanitär Kris säit laangem.
D’Corona-Pandemie verschlëmmert d’Lag am Jemen dramatesch. Opgrond vum Krich ass dat jemenittescht Gesondheetssystem um Enn. Et gi bal keng Tester duerchgefouert an dobäi kënnt och nach eng Cholera-Epidemie.


D’UN schätzt och, dat zirka eng hallef Millioun vun der Bevëlkerung ënnererniert sinn. Säit Januar sinn zudeem knapp 93.000 Mënsche verdriwwe ginn. Am Jemen liewen zirka 30 Millioune Leit an 80 Prozent brauchen international Hëllef. Mee déi international Hëllefsorganisatioune kritiséieren, datt si oft net an de Jemen areese kënnen oder et hinne méi schwéier gemaach gëtt, de Leit ze hëllefen.

D’Lag bleift am Jemen also ugespaant, de Friddensprozess kënnt ëmmer nees zu engem Stëllstand. Am Norde vum Jemen sollen d’Huthië militäresch aktiv sinn a bedroen d’Stad Marib, wou 800.000 jemenittesch Binnenflüchtlinge Schutz fonnt hunn. Och am Süde vum Land steet eng militäresch Konfrontatioun virun der Dier. Do stinn sech déi südjemenittesch Separatisten an d’Sezessioniste géigeniwwer.

Fënnef Joer Krich am Jemen hunn vill zerstéiert an de Mënschen, besonnesch de Kanner hir Zukunft geklaut. Eng Hongersnout, Cholera-Epidemie, Corona-Pandemie a keng Chance op Fridde bedeit fir d’Leit am Jemen aktuell just hoffen ze kënnen, datt sech déi verschidden Akteuren endlech op ee Waffestëllstand eenege kënnen.

Source vun de Biller:

Bild1:https://tinyurl.com/Biergerkrich-Jemen

Bild2:https://tinyurl.com/Biergerkrich-Jemen-Kaart

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *