Onrouen a Wäissrussland

Auteur: Max Fisch

Wat ass bei der Presidentschaftswal a Belarus geschitt?

No de leschte Presidentschaftswale sinn a Wäissrussland grouss Onrouen opkomm. An der Nuecht vum 9. op den 10. August sinn d’Protester géint dat anscheinend verfälschte Resultat ausgebrach an d’Situatioun huet sech bis haut nach net verbessert. Säitdeem hunn sech bei Demonstratiounen e puer honnert Mënschen verletzt a mindestens zwou Persounen sinn ëm d’Liewen komm.

Ufank August war et un de Wäissrussen, en neie President ze wielen. Scho virun de Wale waren éischt Protester géint de laangjärege President Lukaschenko opkomm, sou dass d’Wale mat Spannung erwaart goufen. Zur Auswal stounge fënnef zum Deel onerwaarte Kandidaten. Zum Beispill huet d’Kandidatur vun der Aktivistin Swetlana Tichanowskaja fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Nodeems hiren Mann, e bekannte regierungskritesche Videoblogger, sech net opstellen duerft an dono, wéi och aner politesch Géigner vum Lukaschenko, festgeholl gouf, war d’Hoffnung grouss, dass Tichanowskaja de Lukaschenko klappe kéint.

Ëmstriddent Resultat

Laut den offiziellen Zuelen, déi d’Staatsmedien no der Auszielung vun de Stëmme verëffentlecht hunn, huet den Lukaschenko mat bal 80 Prozent d’Wale kloer gewonnen a seng gréisste Konkurrentin soll net méi wéi siwe bis aacht Prozent vun de Stëmme kritt hunn. Aner onofhängeg Auszielunge sollen awer kuerz dono zur anere Resultater komm sinn, déi besoen, dass de Lukaschenko nëmmen zéng Prozent vun de Stëmme krut an dass Tichanowskaja mat iwwer 70 Prozent d’Wale kloer gewonnen hätt.
Well déi offiziell Zuelen net mat den Ëmfroen, déi am Virfeld gemaach goufen, iwwertenee stëmmen an zum Deel Online-Emfroe virun de Wale verbuede goufen, well dës gewisen hunn, dass et géif ausgesinn, wéi wann den Lukaschenko kéint d’Wale verléieren, si vill Leit dovunner iwwerzeegt, dass d’Resultat verfälscht gouf a sou ass et an de leschten Deeg zu grousse Protester an de Stroossen vu Minsk komm, déi no an no eskaléiert sinn.

Duerch Handyvideon, déi dramatesch Zeene vun Ausernanersetzungen tëschent der Police an Demonstrante weisen a sech duerch déi sozial Medien schnell duerch d’ganz Welt verbreet hunn, huet d’Problematik zu Minsk och vill Reaktioune vun anere Länner a vun der EU ausgeléist. D’EU huet schnell ugekënnegt, d’Mesuren an d’Reaktioun vun der wäissrussescher Police ze iwwerpréiwen. Elleng an der Nuecht no de Wale sollen ëm 3.000 Demonstrante festgeholl gi sinn. No hirer Flucht an Litauen huet d’Swetlana Tichanowskaja den 10. August ugekënnegt, dass se d’Resultat unzweiwelt an domadder viru Geriicht goe géif. D’Oppositioun ass der Meenung, dass d’Politikerin ënner Drock gesat an hier Famill bedrot gouf.

EU-Ausseminister wëlle reagéieren

Enn leschter Woch hunn d’EU-Ausseminister dunn verëffentlecht, dass se handele géifen an dass Wäissrussland mat Strofen ze rechnen huet. Dës Entscheedung koum iwwerraschend, well déi 27 EU-Memberen sech hu missen eens sinn an et bekannt ass, dass den ungaresche Ministerpresident Viktor Orban sech gutt mam Lukaschenko versteet.
Wéi sech d’Situatioun lo weider entwéckelt, wäerten déi nächst Deeg weisen. Kloer ass, dass d’EU no deene schlëmme Videoen a Biller eppes ënnerhuele muss, fir hir Grondwäerter ze vertrieden. Duerch hiren russeschen Noper ass Wäissrussland awer och e wichtegt Land, mat deem Bréissel eng gutt Bezéiung oprecht erhale wëll.

 

Source vun de Biller

Bild1:tinyurl.com/Waissrussland

Bild2: tinyurl.com/Waissrussland2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *