Schengen an der Kris

Auteur: Max Fisch

Kritik an der EU wéinst zouene Grenzen an d‘Zukunft vum Schengenraum

Säit Wochen dominéiert d’Covid-19 Pandemie onsen Alldag an den Ausbroch vum Virus huet och eng Rei u politeschen Entscheedungen an Ännerunge mat sech bruecht. Nodeems ee Land nom aneren éischt Infizéierter gemellt huet, huet et net laang op sech waarde gelooss, bis d’Grenzen a ganz Europa zou waren. Vereenzelt Länner hu séier eleng decidéiert, hir Grenze ganz zouzemaachen, se ze kontrolléieren oder hunn den Handel just nach op wichteg Medikamenter begrenzt. Mëtt Mäerz gouf dunn ugekënnegt, dass d’EU decidéiert huet, d’Grenzen am Schengenraum ab dem 17. Mäerz fir 30 Deeg zouzemaachen, respektiv fir Kontrollen anzeféieren.

Grondfäiheete garantéieren

D’Kritik un der EU war grouss, well zäitweis keng Solidaritéit tëschent de Memberstaaten ze erkenne war. De fräien Transport an Handel innerhalb dem Schengenraum ouni Grenzkontrollen, ee vun de grousse Virdeeler vun der Unioun, war net méi erlaabt.

De Schengenraum gouf 1985 vun de fënnef Grënnungsmembere vun der Europäescher Union an d’Liewe geruff, mam Zil, d’Kontrollen un de Grenzen tëschent dëse Länner opzehiewen. Nom Zweete Weltkrich war et schwéier a wichteg, fir d’Vertrauen tëschent de Länner rëm opzebauen, soudass de Schengenraum, mat haut 26 Länner an iwwer 400 Milliounen Awunner, zu engem vun de gréisste politeschen Erfollegen aus de leschte Joerzéngten zielt. Eng weider grouss Ännerung vum Schengenofkommes war et, dass Persounen, déi vun ausserhalb kommen, just nach e Visum brauchen, fir sech am ganze Schengenraum opzehalen.

Och wann net iwwert d’Schengenofkommes geschwat gëtt, ouni och iwwer d’EU ze schwätzen, sou hat den Accord vun de fënnef Grënnungsmemberen 1985 näischt direkt mat den europäeschen Institutiounen ze dinn. Zu deene 26 Länner zielen haut och Länner, déi net an der EU sinn, wéi zum Beispill d’Schwäiz oder Norwegen. Des Weideren ass dat och de Grond, wéisou net all d’EU-Memberen zum Schengenraum gehéieren. Bulgarien a Kroatien sinn zwee bekannte Beispiller vu Länner, déi nach ëmmer keen Deel vum Schengeraum sinn.

1995 ass d’Entscheedung vun de fënnef Grënnungslänner du schlussendlech a Kraaft getrueden. Portugal a Spuenien hate sech an der Tëschenzäit och ugeschloss, an esou sinn no an no ëmmer méi Länner Deel vum Schengenraum ginn. Mam groussen Accord vun Amsterdam vun 1997 ass d’Schengenofkommes dunn och schlussendlech Deel vum europäesche Gesetz ginn. Haut déngt de Schengenraum nach ëmmer, fir d’Grondfräiheete vum europäesche Maart ze garantéieren an awer och fir déi baussecht Grenze vun der EU besser an als Eenheet kënnen ze kontrolléieren.

D’Entscheedung am Mäerz, de Schengenraum zouzemaachen a rëm Kontrollen anzeféieren, ass géint d’Grondfräiheete vum europäesche Maart gaangen, déi ënnert anerem de fräie Verkéier vu Wueren, Persounen an Déngschtleeschtungen innerhalb vun de Membere garantéiert. Ouni dës Garantien, ass et schwéier e gesonden Handel tëschent Länner oprechtzeerhalen soudass d’Konsequenze sech elo schonn a ville Länner bemierkbar maachen, wou d’Wirtschaft séier agebrach ass. D’Gefill ass opkomm, wéi wann d’EU der Situatioun net méi Meeschter gouf an et bleift ofzewaarden, wéi et mam Zesummenhalt innerhalb der EU ausgesäit, fir dës Kris sou séier wéi méiglech ze iwwerwannen.
D’Konsequenze vun der Covid-19-Pandemie wäerte réischt a Méint oder Jore kloer siichtbar ginn, a wéi et weidergeet, ka kee soen, mee fest steet, dass dës wuel mat déi gréisste Kris ass, déi d’EU ze bewältegen huet, an dass d’Zesummenarbecht ënnert de Membere vun der EU an och vum Schengenraum gefrot ass wéi nach ni.

Source vun de Biller

Bild1:tinyurl.com/Schengen1

Bild2:tinyurl.com/Schengen2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *