Juristesch Nospiller

Wat no der US-Presidentschaftswal op den Donald Trump zoukënnt

De Walkrimi an den USA ass eriwwer, de Joseph Robinette Biden, Jr. kuerz Joe Biden ass President-elect an den zukünftege 46. President vun den USA. Gläichzäiteg ass              d´Kamala Devi Harris als éischt Fra als Vize-Presidentin gewielt ginn. Elo muss den Joe Biden nach de 14. Dezember vun sengen 290 Walmänner a -frae gewielt ginn. Esou kann de Joe Biden vun der Demokratescher Partei de 20. Januar 2021 als neien US-President vereedegt ginn.

Bis dohi waren déi US-Walen eng Achterbunn vun de Gefiller, et huet am Ufank esou ausgesinn, wéi wann d’Walen net esou spannend ausfale géifen, well déi dräi US-Bundesstaaten Florida, Ohio an Texas eng gutt Zäit vun deenen zwee Kandidaten zimmlech ëmkämpft waren an de Joe Biden hat och gutt Chancë fir déi wichteg Staaten fir sech ze reklaméieren. Esou hätt den Donald Trump keng Chancë méi gehat d’Wal fir sech ze entscheeden a mir hätte schonns fréi gewosst, dat de Joe Biden als neie President vun den USA gewielt gi wier.

„every vote counts“

Fir vill Kritik huet dem Donald Trump seng Virstellung vun Demokratie gesuergt, well hien sech schonn ufanks der Auszielung als Gewënner deklaréiert huet an och gefuerdert huet verschidde Stëmmen net méi zielen ze loossen. Duerch déi Aussoe sinn och vill Leit op Stroossen gaange mat dem Sproch „every vote counts“, also all Stëmm zielt. Och bei de Republikaner kënnt Kritik op an halen sech bei hiren Ënnerstëtzung bei den Aussoe vum Donald Trump zeréck.

Mee den Donald Trump wëll ënner kengen Ëmstänn opginn, dowéinst kloen dem Donald Trump seng Affekote bei de wichtege „key states“ Georgia, Pennsylvania oder Michigan Kloe bei den héchste Geriichten agereecht, fir d’Auszielen ze stoppen. Generell ass dem Donald Trump säin Zil Presidentschaftswale virum Supreme Court ze bréngen.

Den Trump verléiert seng Immunitéit

Den Donald Trump verléiert net nëmmen seng Presidentschaft, mee och seng Immunitéit. Aktuell lafe géint den Donald Trump 30 Prozesser. Ouni seng Immunitéit kann hien ugeklot ginn a muss zum Beispill seng Steiererklärung virweisen. Bei den Ukloe geet et em Betrug, Steierhannerzéiung, Geldwäsch an och sexuelle Mëssbrauch.

Et leeft ee Prozess géint hien als Chef vun der Trump Organization, dat kéint dem aktuelle President nach zum Verhängnis ginn. Et geet em Bilansfälschung, Bankenbetrug an och Steierhannerzéiung. Wéinst der Immunitéit konnt hien sech dem Prozess entzéien, mee elo gesäit et esou aus, wéi wann et gläich nees lass ka goen. Dëse Prozess ass an de Medie bekannt ginn, well d‘“New York Times“ dem  Donald Trump seng 750 US-Dollar Steiere publique gemaach huet, déi de sougenannte Milliardär an de leschte Jore bezuelt hätt.

Een weideren Problem ass dem Trump seng Walparty 2016, wou hien an déi ganz Famill samt Entourage am Trump-Hotel zu Washington D.C. op Käschte vun de Walkampfspenden ënnerkomm ass. D’Rechnung soll sech op méi wéi eng Millioun US-Dollar belafen. Zudeem fuerderen och verschidde Leit, wéi säi fréieren Affekot, Michael Cohen méi wéi zwou Milliounen Dollar als Honoraire. Den Investor Orestes Finikles, ee fréiere Partner fuerdert Schuedenersatz, well dem Trump seng Entreprise ee Projet anscheinend schlecht dirigéiert hätt. Et kommen och nach Scholde vu ca. 900 Mio. Dollar fir seng Immobiliëfirma an nach 300 Mio. Dollar Scholden déi Trump Organization der Deutsche Bank schëllegt dobäi. Also nieft senge ganze Prozesser a Scholden, gesäit dem Donald Trump seng Zäit no senger Presidentschaft zimmlech düster aus.

 

Source vun de Biller:

Bild1:tinyurl.com/Walen-USA1

Bild2:tinyurl.com/Walen-USA2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *