China um Wee zur Weltmuecht

A500 Wierder iwwert den RCEP, de gréisste Wirtschaftsraum weltwäit

No bal aacht Joer Verhandlungen hunn 15 Länner aus der asiatesch-pazifescher Regioun, dorënner China, Japan, Südkorea an Australien, de gréisste Fräihandelsvertrag weltwäit ënnerschriwwen. D’Ofkierzung RCEP steet fir „regional comprehensive economic partnership“ oder op lëtzebuergesch, een ëmfaassend regionaalt Wirtschaftsofkommes. Déi asiatesch-pazifesch Regioun begréisst den Ofschloss vum Traité. Verschidde Medien aus dem asiatesche Beräich schwätze vun engem Joerhonnert-Ofkommes. Esou soll iwwer déi nächst 20 Joer Handelsbarrièren ofgebaut ginn.

D’Ziler vum RCEP hunn am Verglach zum EU-Binnenmarkt an der nordamerikanescher Fräihandelszon manner Ambitiounen, wat Wäerter, Ëmwelt oder Nohaltegkeet ubelaangt, mee d’Dimensioune vum RCEP sinn enorm. Ee Véierels vun der Weltbevëlkerung, circa 2,2 Milliarde Mënschen, liewen an der nei geschaafener Fräihandelszon a si stellen 30 Prozent vun der Weltwirtschaftsleeschtung duer. Wat awer fir déi westlech Welt geféierlech oder net esou positiv gesi gëtt, ass de Fait, dat wichteg Partner vun den USA an der EU, wéi Südkorea, Japan an Australien, duerch de RCEP eng mat China verbonne sinn.

Den Ofschloss vum RCEP kënnt fir déi westlech Industriestaaten zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt. Den Donald Trump wëll eng glaat politesch Transitioun fir d’Biden Administratioun mat alle Mëttele verhënneren. Zudeem kommen nach d’Konsequenze vun der Coronavirus-Pandemie dobäi. De Westen ass momentan mat sech selwer beschäftegt an doduerch gëtt China lues a lues zu engem geféierleche Partner.

D’USA zéien sech zéreck

De Barack Obama huet schonn 2008 erkannt, wéi séier de Wirtschaftswuesstem vu China sech entwéckele kann. Dowéinst wollt hien onbedéngt méi amerikaneschen Afloss an den asiatesche Länner etabléieren. Hien hat Virgesinn, dat ee Fräihandelsofkommes TPP (Trans-Pacific Partnership) mat bal de selwechte Länner vum RCEP op d’Been gesat hätt solle ginn, just ouni China. Esou hätt de Wuesstem vu China kéinte gestoppt ginn. Mee dat konnt de fréiere US-President Obama net duerchsetzen.  

2016 war den TPP prett fir z’Ënnerschreiwen, mee do koum den neie President Donald Trump deem entgéint. Hien huet dat Fräihandelsofkommes  scho bei senge Walkampf-Optrëtter kritiséiert. Eng vu sengen éischten Amtshandlunge war dann d’USA aus dem TPP vum Obama erauszetrieden. Dobäi koumen dann déi bekannte Sanktioune géint Kanada, Mexiko an der EU. Domat hunn sech d’Amerikaner selwer geschwächt a China konnt an der Presidentschaft vum Trump un Muecht an Afloss gewannen.

Biden: Nei Hoffnung?

Elo hoffen déi verschidde Memberstaaten vum TPP, dat d’USA bäitrëtt. Mee de Joe Biden huet sech nach net konkret dozou geäussert. Esou séier well hie kengem Fräihandelsofkommes bäitrieden. Seng Prioritéit ass aktuell d’Bekämpfung vun der Coronakris an der Rezessioun. Generell stinn och d’Demokraten neie Fräihandelsofkommes kritesch géinteniwwer, well sech immens vill Amerikaner als Verléiere vun der Globaliséierung gesinn.

D’EU orientéierungslos

D’EU verléiert duerch de RCEP un Afloss op déi asiatesch-pazifesch Regioun. Zudeem huet d’EU elo Schwieregkeeten hir Wäerter an Normen a spéidere Verhandlungen duerchzesetzen. Wirtschaftsexperte pochen elo op d’EU séier  d‘Fräihandelstraitéë mat Kanada an de Mercosur-Staaten ze finaliséieren. Der USA hir aussepolitesch Doktrinn ass et China kleng ze halen, esou wäert de Joe Biden déi bestoend ekonomesch Sanktioune bestoe loossen, mee den Toun wäert sech warscheinlech géigeniwwer vu China änneren.

D’EU brauch eng Richtlinn, wéi déi europäesch Wirtschafts- a Wäerteunioun mat China ëmgoe soll. Kritesch Infrastruktur an Digitaliséierung soll net mat chineseschem Know-How ëmgesat ginn, mee generell muss Europa eng Méiglechkeet fannen fir manner ofhängeg vu China ze ginn.

 

Source vun de Biller:

Bild1:tinyurl.com/A500Wierder-RCEP

Bild2:  tinyurl.com/A500Wierder-RCEP2

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *