Onrouen a Wäissrussland

Auteur: Max Fisch Wat ass bei der Presidentschaftswal a Belarus geschitt? No de leschte Presidentschaftswale sinn a Wäissrussland grouss Onrouen opkomm. An der Nuecht vum 9. op den 10. August sinn d’Protester géint dat anscheinend verfälschte Resultat ausgebrach an d’Situatioun huet sech bis haut nach net verbessert. Säitdeem hunn sech bei Demonstratiounen e puer honnert Mënschen verletzt a mindestens zwou Persounen sinn ëm d’Liewen komm. Ufank August war et un de Wäissrussen, en neie President ze wielen. Scho virun de Wale waren éischt Protester géint de laangjärege President Lukaschenko opkomm, sou dass d’Wale mat Spannung erwaart goufen. Zur Auswal stounge… Weiderliesen

Schengen an der Kris

Auteur: Max Fisch Kritik an der EU wéinst zouene Grenzen an d‘Zukunft vum Schengenraum Säit Wochen dominéiert d’Covid-19 Pandemie onsen Alldag an den Ausbroch vum Virus huet och eng Rei u politeschen Entscheedungen an Ännerunge mat sech bruecht. Nodeems ee Land nom aneren éischt Infizéierter gemellt huet, huet et net laang op sech waarde gelooss, bis d’Grenzen a ganz Europa zou waren. Vereenzelt Länner hu séier eleng decidéiert, hir Grenze ganz zouzemaachen, se ze kontrolléieren oder hunn den Handel just nach op wichteg Medikamenter begrenzt. Mëtt Mäerz gouf dunn ugekënnegt, dass d’EU decidéiert huet, d’Grenzen am Schengenraum ab dem 17.… Weiderliesen

I can’t breathe

Auteur: Max Fisch   De Fall George Floyd a wéi et ëm Rassismus an der EU steet De 25. Mee hunn ons verstéierend Biller aus Amerika erreecht, wou en Afroamerikaner op oppener Strooss vu wäisse Poliziste mësshandelt gouf a kuerz drop un de Suitte gestuerwen ass. Iwwert d’sozial Netzwierker gouf dëse Video séier verbreet an huet Mënschen op der ganzer Welt schockéiert. Säit dëser grujeleger Dot herrscht op ville Plazen an Amerika den Ausnamezoustand, an d’Police ass den Demonstratiounen, déi deelweis eskaléieren, net Meeschter ginn, sou dass souguer d’National Guard agesat gëtt. Dës Weidere goufen Ausgangsspären ugekënnegt, dat a grousse… Weiderliesen

D’WHO an der Kris

Auteur: Max Fisch   Säit bal dräi Méint steet d’Welt wéinst dem Coronavirus op der Kopp, an dës Kris stellt d’Zesummenaarbecht vun der internationaler Kommunitéit viru grouss Problemer. Zu dëser Kommunitéit zielen net nëmmen all d’Länner, mee och grouss Organisatiounen an Institutioune wéi zum Beispill d’Weltbank, den internationale Geriichtshaff oder och nach d’WHO spillen eng grouss Roll. D’WHO (World Health Organisation) ass duerch d’UNO entstanen. Wéi den Numm et scho seet, ass d’WHO zoustänneg fir den internationale Gesondheetssystem. D’Aufgab ass et also, sech ëm déi grouss international Gesondheetsprobleemer ze këmmeren a fir an deem Secteur fir eng gutt an transparent… Weiderliesen

Ass den EU-Tierkei Flüchtlingspakt a Gefor?

Auteur: Max Fisch   De Coronavirus dominéiert elo scho säit Wochen ons Aktualitéit. An där Zäit ass leider en anert wichteg Thema aus de Käpp vu ville Léit verschwonnen, an zwar d’humanitär Katastroph déi sech vir de Moment a Griicheland entwéckelt. Nodeems den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan decidéiert huet, d’Grenze vun der Tierkei zu Griicheland opzemaachen, huet sech vir d’EU d’Flüchtlingskris no 2016 op en Néits dramatesch verschlëmmert. Wéi konnt et esou weit kommen? Nom Ausbroch vun der Flüchtlingskris 2015 gouf et en Joer drop en Accord tëscht der Europäescher Union an der Tierkei andeems et dorëms gaangen ass, dass d’Refugiéen… Weiderliesen

Mobilitéit 2.0

Auteur: Max Fisch Wat sinn d’Konsequenzen vum gratis ëffentlechen Transport? Enn Januar 2019 huet den Transportminister François Bausch an enger Pressekonferenz offiziell ugekënnegt, dass den ëffentlechen Transport am ganze Land ab dem 1. Mäerz 2020 gratis géif ginn. Et géif een dovunner ausgoen, dass de Staat duerch dës Mesure 41 Milliounen Euro pro Joer u Recettë verléiere wäert. Do dernieft gouf ënnerstrach, dass Lëtzebuerg tëscht 2018 an 2023 méi wéi 2 Milliarden Euro géif ausginn, fir d’Infrastrukture vum Zuchreseau ze optiméieren. Nodeems 2019 ëm déi 45 Millioune Leit op den ëffentlechen Transport zeréckgegraff hunn an och den Tram zesumme mam… Weiderliesen

Coronavirus – Stéck fir Stéck ausgebreet

Auteur: Max Fisch   A 500 Wierder iwwert den SARS-CoV 2 Am Dezember 2019 ass de Coronavirus SARS-CoV-2 zu Wuhan, enger zentral geleeëner Milliounestad a China ausgebrach. Ufank Januar sinn déi éischt Leit un dëser neier Longekrankheet gestuerwen an de Virus huet sech innerhalb vu puer Wochen iwwert de ganze Planéit ausgebreet an dominéiert bis haut d’Aktualitéit. D’Fro, déi sech stellt, ass, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO op dës Epidemie geäntwert huet, wat hir Mesuren a Rotschléi sinn, fir géint de Virus virzegoen, wéi déi international Kommunitéit reagéiert huet a wat d’Konsequenze vun dësem Virus sinn. Erënnerung un de SARS-Virus Vu datt… Weiderliesen

Wat sinn Negativzënsen?

Auteur: Max Fisch Wat genau stécht hannert dem Begrëff „Negativzënsen“? Ufank November ass bekannt ginn, dass de lëtzebuergesche Staat fir déi éischt Kéier iwwerhaapt Geld zu engem negativen Zënssaz ausgeléint huet. Et handelt sech ëm 1,7 Milliarden Euro, déi de Grand-Duché zu engem Zënssaz vun -0,25% bis November 2026 erëm zréckbezuelt muss hunn. Duerch d’negativ Zënse muss de Staat soumat a siwe Joer 4,2 Milliounen Euro manner zréckbezuelen a mécht alles an allem e Gewënn. An anere Wierder gëtt Lëtzebuerg also dofir bezuelt, fir Scholden ze maachen, wat en eenormt Vertraue vum internationale Finanzsecteur an ons Wirtschaft rëmspigelt. D’Thema ronderëm… Weiderliesen

Eskalatioun an Nordsyrien

Auteur: Max Fisch   Iwwer Twitter huet den tierkeschen President Recep Tayyip Erdogan den 9. Oktober matgedeelt, dass säin Land eng militäresch Offensiv am Nordosten vun Syrien lancéiert huet vir géint kurdesch Milizen virzegoen. Ënnert dem Numm “Barış Pınarı Harekâtı” (op däitsch: „Friedensquelle“) huet des Operatioun d’Aufgab den no tierkeschen Aussoen beschriwwenen Terrorkorridor un der Grenz ze bekämpfen . Do der nieft, annoncéiert den Erdogan, dass een mat der syrescher National Arméi, enger Zesummesetzung vun verschiddenen Rebellegruppen, eng Sécherheetszon well erstellen, vir dass déi syresch Flüchtlingen et méi einfach wäerten hunn fir erëm zréck an hir d’Land ze kommen. An… Weiderliesen

Den Rapport vum Weltklimarot ass alarméierend

Auteur: Max Fisch Vum 20. Bis de 23. September huet sech den IPCC (=Intergovernmental Panel on Climate Change), och nach Weltklimarot genannt, zu Monaco fir den sougenannten SROCC (=Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate) getraff an deen och dono verëffentlecht. Et handelt sech hei em en extraen Bericht deen sech mat den Ozeanen an der Kryosphär befaasst. Mee wat ass den Weltklimarot genau? Wou kennt en hir, aus wiem besteet en an wat ass seng Aufgab? Do dernieft wäert och den SROCC bëssen méi genau ënnert d’Lupp geholl ginn, wat doranner steet an wat d’Publikatiounen… Weiderliesen

Firwat ass d´Nominatioun vum Ursula von der Leyen esou ëmstridden?

Auteur: Max Fisch Mam Ursula von der Leyen huet den EU-Conseil den 2. Juli fir d’éischt Kéier eng Fra un d’Spëtzt vun der EU-Kommissioun nominéiert. De 16. Juli stëmmt d’EU-Parlament iwwert des Decisioun of an decidéiert op déi däitsch Verdeedegungsministesch d’Platz vum Jean-Claude Juncker anhuele wäert. Dësen Oflaf ass am 17. Artikel vum Maastricht Traité vun 1992 esou virgesinn. Nodeems den EU-Conseil en Kandidat virgeschloen huet, muss dëse vun der Majoritéit vun den 751 Membere vum EU-Parlament approuvéiert ginn, wat sech dëst Joer als problematesch erweise kéint. No zeie Verhandlungen huet d’Nominatioun vum Ursula von der Leyen fir vill Kritik… Weiderliesen

Wat geschitt no den EU-Walen?

Auteur: Max Fisch En Iwwerbléck: De 26. Mee war et nees esou wäit. No 5 Joer stoungen erëm Europawale virun der Dier. Wien geet als Gewënner aus de Walen eraus a wien kennt elo a Fro fir dem Jean-Claude Juncker seng Platz als President vun der EU-Kommissioun anzehuelen? Déi zwou gréissten europäesch Parteie si gläichzäiteg och déi zwee gréisste Verléierer vun de Walen. Beit Parteien, d’EVP (Europäesch Vollekspartei) an d’S&D (Sozialdemokraten) verléieren iwwer 30 Sëtz an sou kennt et dass déi zwee déi éischte Kéier säit 1979 zesummen net méi iwwer 50% vun de Sëtz kommen. Zu de Gewënner vun… Weiderliesen