Gëtt Geoblocking wierklech ofgeschaf?

Den 3. Dezember trëtt an der ganzer EU eng Veruerdnung a Kraaft, déi de sougenannte “Geoblocking” reegelt. Kann een also elo alles vun iwwerall bei sech heem liwwere loossen, z.B. Schong aus Däitschland op Lëtzebuerg? U sech si mer an der EU an engem eenzege Bannemaart, an deem also Wueren a Servicer sech ouni Grenze beweegen dierfen, a jiddereen onofhängeg vu senger Nationalitéit a sengem Wunnsëtz muss behandelt ginn. Dat ass net selbstverständlech, wien ausserhalb vun der EU reest muss z.B. dacks fir Entréeën dropbezuelen, well an Auslänner ass. Internetsäiten erkennen awer automatesch vu wéi engem Land aus een op… Weiderliesen

Een néit Wahlsystem fir Lëtzebuerg?

  Ëmmer nees gouf eise Wahlsystem geännert, an och elo gëtt et sëllech Virschléi fir Reformen. Ëm wat geet et? De Sonnde gouf eng nei Chamber gewielt, dofir konnten 256.698 Leit hir Stëmmen op Wahlziedelen androen. Déi gesi verschidden aus, jee nodeem wou ee wunnt: Am Bezierk Süden huet een 23 Stëmmen zegutt, am Zentrum 21, am Norden 9 an am Osten 7. Genee souvill Deputéierter komme no de Wahle pro Bezierk an d’Chamber. Dës Zuele gi sou gerechent, dass an all Bezierk d’Unzuel u Stëmmen pro Unzuel Awunner d’selwecht ass. Am Zentrum, wou vill Auslänner ouni Wahlrecht wunnen, ass… Weiderliesen

E neien tierkesche President mat neie Rechter

De leschte Sonnden ass de Recep Tayyip Erdogan fir d’zweete Kéier zum tierkesche President gewielt ginn. Et war awer méi wéi eng normal Wahl, well de selwechte Moment eng nei Verfassung a Kraaft getrueden ass. Wou fréier virun allem eng vum Parlament kontrolléiert Regierung d’Soen hat, ass d’Muecht mat dëser Reform ganz staark am President – elo dem Erdogan – sengen Hänn konzentréiert ginn. Dat ass nei: säit an de 1920er dat uraalt osmanescht Räich duerch d’tierkesch Republik ersat gouf, gouf d’Verfassung zwar puer Mol geännert, mee am Prinzip huet d’Parlament all Kéier hir staark Kontroll iwwert d’Regierung bäibehalen. Dat… Weiderliesen

Wisou si grad Chemiewaffe verbueden – a ginn awer benotzt?

Dem syresche Regimm gouf viru Kuerzem virgeworf, Attacke mat chemesche Waffe gefouert ze hunn. Dat ass international geächt, dowéinst hunn Amerika, Frankräich a Groussbritannien Rakéiten op syresch Ariichtunge geschoss,  an deenen dës Waffen hiergestallt oder stockéiert solle ginn. Mee wisou si grad chemesch Waffe verbueden, wärend sou vill anerer an all Krich benotzt ginn? E Bléck op den éischte groussen Asaz vu chemesche Waffen erkläert villes. Dat war 1915 zu Ypres an der Belsch, hei hunn am éischte Weltkrich däitsch Zaldote géint franséischer an algerescher gekämpft. Béid Säite wollten de Géigner mat Gas vergëften, ervirgestach ass dunn awer notamment den däitsche Chemiker… Weiderliesen

Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer. Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun… Weiderliesen

Wisou wëll den Donald Trump Jerusalem als israelesch Haaptstad unerkennen?

Fir den Donald Trump war et virun allem d’Ëmsetzung vun engem Wahlverspriechen, dat bei verschiddenen amerikanesche Wieler scho méi laang populär ass. Weltwäite Protest war awer d’Äntwert op seng Ukënnegung, Jerusalem offiziell als israelesch Haaptstad unzëerkennen. Fir déi meescht Staaten heescht déi nach ëmmer Tel Aviv – sou och fir Lëtzebuerg –  a besonnesch an der islamescher Welt ass dës Decisioun op méi wéi Kapprësele gestouss. Wisou féiert dës Stad säit Joerdausenden zu Doudegen? Hannert de politesche Grënn verstoppe sech Dausende Jore Geschicht: laut der  helleger jiddescher Schrëft, der Tora, wier d’Stad virun 3000 Joer Haaptstad vum israelesche Kinnekräich ginn.… Weiderliesen

Wat ass Glyphosat?

Kee Mëttel gëtt méi benotzt fir Onkraut vun de Felder z’eliminéieren, all Joer gëtt et weltwäit op eng Fläch sechs Mol sou grouss wéi Frankräich gesprëtzt, mee géint kaum ee Mëttel sinn Ëmweltorganisatiounen a sëllech Politiker sou Stuerm gelaf. No laangem Gestreits gouf dëse Méindeg decidéiert, dass d’Substanz an der EU em weider 5 Joer benotzt dierf ginn. Wat huet et mam Glyphosat op sech? Keen huet der Mollekül hiert Potenzial erkannt, wéi e Schwäizer Chemiker se 1950 fir d’éischt kënschtlech hiergestallt huet. Dat selwecht huet 20 Joer duerno déi amerikanesch Firma Monsanto gemaach, déi se awer als Onkrautmëttel patentéiert… Weiderliesen

Wisou gëtt Cattenom net zougemaach?

Feier, Accidenter, Sécherheetslücken… ëmmer nees beonrouegt dat franséischt Atomkraaftwierk zu Cattenom, just puer Kilometer fort vun Däitschland a Lëtzebuerg. Mee wisou gëtt d’Atomkraaftwierk eigentlech net ofgeschalt? Frankräich ass d’Atom-Land schlechthin: 2016 sinn iwwer 72% vum franséische Stroum aus Atomkraaftwierker komm. Een Undeel, un dee weltwäit keen anert grousst Land och nëmmen erukënnt. Däitschland huet z.B. dat selwecht Joer 13 % vum Stroum sou produzéiert, Groussbritannien 21%. Anescht wéi an dësen zwee Länner ass a Frankräich nämlech net vill Kuel oder Gas ze fannen. Energie war awer nom 2. Weltkrich néideg fir ëmmer méi Stroum ze produzéieren. Gläichzäiteg war d‘Faszinatioun fir Atomenergie… Weiderliesen