Wat ass Rechtsstaatlechkeet?

Rechtsstaatlechkeet ass en Term, dee bannent de leschte Méint, zemools am Zesummenhang mat de Verstéiss géint dee Grondprinzip vun der EU an der Haaptsaach vu Polen an Ungarn, vill thematiséiert ginn ass. Mä wat bedeit Rechtsstaatlechkeet eigentlech? Firwat ass et e Grondprinzip vun der Europäescher Unioun? Enner Rechtsstaatlechkeet versteet een allgemeng, dass jiddereen dem Gesetz ënnerläit, dat heescht, dass jidderee sech un déi Gesetzer muss halen, déi an deem Land an deem ee wunnt, gëllen. Dat gëllt fir eenzel Leit, grouss Konzerner an och Regierungen. Doduerch soll verhënnert ginn, dass eenzel Leit, ma och Gruppe vu Leit, der Laun vun deem, dee grad… Weiderliesen

EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis? De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.… Weiderliesen

Firwat gëtt et esou vill Waffen an Amerika?

59 Doudeger a 527 Blesséierter – dat ass den traurege Bilan vun der Schéisserei um Sonndeg den Owend zu Las Vegas. Während deem de „Closing Act“ vum Country Sänger Jason Aldean am Gaange war, huet de 64 Joer ale Stephen Paddock aus enger Distanz vun 350 Meter während enger véirel Stonn mat engem Maschinnegewier op d´Leit geschoss ier e sech selwer ëmbruecht huet. Firwat weess bis ewell keen. De Mann schéngt mam Gesetz nach ni a Konflikt geroden ze sinn a gëtt vu Famill a Noperen als frëndlechen a friddlechen Eenzelgänger beschriwwen. Obwuel esou eng Grujeldot, wann et vun engem ausgeet, dee wierklech determinéiert ass esou eppes… Weiderliesen

Wat ass d’Frisbee-Affär?

Eng Affär, déi zu Neiwahlen, enger neier Regierung gefouert huet a soss och fir vill Opreegung gesuergt huet, kennt elo esou lues, mat der Uklo vu fréiere Mataarbechter vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL, nees un d’Rullen. Mä em wat geet et eigentlech an där Affär? Wien ass dra verwéckelt a wie steet elo eigentlech viru Geriicht a wéinst wat mussen déi Leit sech veräntweren? Dat sinn déi Froen, op déi mer des Woch versichen, ze äntweren. D’‘Frisbee’-Affär, wéi se vun den deemolege Mataarbechter vum SREL, dem lëtzeboiesche Geheimdéngscht, intern genannt ginn ass (well et em eng CD geet, déi e bëssen ausgesäit wéi e… Weiderliesen

Wat ass en Nationalkongress?

Déi lescht Wochen hunn all Parteien zu Lëtzebuerg hir Nationalkongresser ofgehalen a sech op d’Gemengewalen am Oktober agestëmmt. Mä wat ass esou e Nationalkongress eigentlech? Iwwert wat gëtt do geschwat a decidéiert? Des Woch brénge mer iech dat méi no.  An der Basis ass e Nationalkongress vun enger politescher Partei e Rendez-Vous, deen normalerweis all Joer statt fënnt an op deem sech d´Memberen aus där Partei aus dem ganze Land treffen. Am normale Fall, ginn op engem Nationalkongress déi grondleeënd Ideologie an déi politesch Grondsätz vun der Partei presentéiert. Ausgeschafft ginn déi vun de Bezierker a vun den Ënnerorganisatioune (z.B. fir Senioren oder fir déi Jonk) vun enger Partei. Dacks gëtt doranner d´Vergaangenheet vun… Weiderliesen