Nout zu Lesbos

D’europäesch Migratiounspolitik an Äschen Déi onmënschlech Situatioun an de Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen hu sech leider net verbessert, mee si si wéinst dem Coronavirus aus de Medie verschwonnen. Wéi d’Flüchtlingslager bei Moria op der Insel Lesbos a Brand geroden ass, gëtt Europa erëm op déi fatal Situatioun vun de Réfugiéën opmierksam gemaach. Oneenegkeet a kee Versteesdemech – d’europäesch Flüchtlingspolitik zanter 2015: Bis haut hunn déi 27 EU-Staaten et net fäerdeg bruecht, eng eenheetlech Flüchtlingspolitik op d’Been ze stellen. Keng Léisunge fir eng Protektioun vun den EU-Baussegrenzen, d’Sécherstelle fir mënschewierdeg Logementer an den Opnaamezenteren, eng Sécherung vun der finanzieller Ënnerstëtzung… Weiderliesen

Aus engem Musée eng Moschee

Hagia Sophia: Weltkulturierwe gëtt ee politesche Spillball D’Lutte ëm d’Hagia Sophia zu Istanbul ass mat ganzer Kraaft entfacht. Ee Weltkulturierwe fir déi ganz Mënschheet gëtt zu engem Spillball fir dem tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan seng Politik. De Kaiser Justinian huet d’Hagia Sophia (griech. Helleg Wäisheet) 537 n. Chr. an nëmme fënnef Joer erbaue gelooss. Dat spéitantik Kierchegebai ass bekannt fir seng historesch Architektur, d’Seraphim-Mosaïquen an déi imposant Kuppel. Si gëtt als déi bedeitenst Kuppelbasilika an der Spéitantik ugesinn. Si war fir 900 Joer déi wichtegst Kierch vum Chrëschtentum am Orient. Bis da 1453 Konstantinopel (haut Istanbul) vum Sultan Mehmet… Weiderliesen

Wat geschitt am Jemen?

A 500 Wierder iwwert eng schwéier humanitär Kris Déi Vereenegt Natiounen (UN) schwätze vun der gréissten humanitärer Kris vun der Welt, mee dat gëtt am Moment vun anere groussen Evenementer iwwerlagert. Déi aktuell Situatioun am Jemen ass katastrophal: Biergerkrich mat internationalen Akteuren, Hongersnout, Cholera-Epidemie an elo nach zousätzlech Corona-Pandemie. Dat schonn immens strapazéiert Gesondheetssystem gëtt ëmmer weider belaascht an et steet kuerz virum Kollaps. D’Spideeler gi bombardéiert, d’Doktere probéiere fortzelafen, d’Mënschen am Jemen verhongeren an de kranke Leit ka net gehollef ginn. Dowéinst appelléiert d’UN fir e Friddensprozess, fir déi schlëmmsten humanitär Kris säit 100 Joer am Jemen ze stoppen.… Weiderliesen

D’Geschicht hannert dem Skandal

A 500 Wierder: de massive Bedruch vu Wirecard An de leschte Wochen ass an Däitschland ee massive Bedruch vu Wirecard ëffentlech ginn. Ugefaangen huet Wirecard mat Softwarelizenzen, deemools war Wirecard an eng Kris geroden, opgrond vun den terroristeschen Attacken op „Twin Towers“ vum World Trade Center an New York City. Do sollt dann den éisträicheschen Informatiker Markus Braun der Firma aus der Kris hëllefen. Doropshin huet de Beroder, de Kritiker no, déi wichteg Kärgeschäfter verkaf a Wirecard op ee riskante Wee gelenkt. Den éisträichesche Beroder huet 2002 Wirecard als Bezuelplattform ëmstrukturéiert, fir d’Entreprise fit an d’Zukunft ze bréngen. Well an… Weiderliesen

D’chinesesch Inzenéierung vu Politik

Wat ass de Nationale Vollekskongress a China? Eigentlech wier de chinesesche Vollekskongress de 5. Mäerz gewiescht. Mee dat gréisst Parlament vun der Welt huet de Kongress wéinst dem Coronavirus missten op de leschte Freide verleeën. Dowéinst ass den Nationale Vollekskongress zwee Méint méi spéit ugaangen wéi normal. No der chinesescher Konstitutioun ass den Nationale Vollekskongress dat héchst politescht Organ vum Staat an och gläichzäiteg d’Parlament vun der Volleksrepublik China. Aus zirka 3.000 Deputéiert besteet de Vollekskongress an ass doduerch dat gréisste Parlament vun der Welt. Dee kënnt all Joer am Mäerz fir zéng Deeg zu Peking zesummen. De Premierminister Li… Weiderliesen

En Urteel mat Folgen

Dat däitscht Verfassungsgeriicht stellt den EuGH a Fro Dräi Deeg no deem historeschen Urteel géint déi Europäesch Zentralbank vum däitsche Verfassungsgeriicht, dat sech explizitt fir déi éischte Kéier géint een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) gestallt huet, bréngen d’EU-Kommissioun an den EuGH hir Bestierzung doriwwer an de Public. Den EuGH huet sech zu Wuert gemellt a seng eegen Zoustännegkeet bei Froen a puncto Uniounsrecht verdeedegt. „Um die einheitliche Anwendung des Unionsrechts zu wahren, ist nur der zu diesem Zweck von den Mitgliedstaaten geschaffene EuGH befugt, festzustellen, dass eine Handlung eines Unionsorgans gegen Unionsrecht verstößt“, schreift den EuGH an engem Communiqué… Weiderliesen

Solidaritéit fir Europa?

Wat si Corona-Bonds? Déi europäesch Ekonomie ass déif an eng Kris gestierzt, well ganz Vollekswirtschaften an engem „Lockdown“ sinn. Dowéinst poche Spuenien an Italien op d‘europäesch Solidaritéit a fuerderen d’EU op, Corona-Bonds anzeféieren. Mee wat si Corona-Bonds? Allgemeng versteet een ënnert „Bonds“ ee mat Zënse fixéierten Emprunt. Domat kënnen Entreprisen a Staaten sech eenzel op der ganzer Welt Sue léine goen, déi si dann natierlech mat Zënsen un d’Investisseuren zeréckbezuelen. Eigentlech fonctionéiert et bei de Länner esou wéi bei de Bierger, d’Lafzäite kënne vu Woche bis Joerzéngte goen an d’Zënse variéieren nom Risiko, déi den Investisseur huet, d’Suen ze verléieren.… Weiderliesen

Nom Brexit ass virum Brexit

Wéi et nom briteschen Austrëtt aus der EU elo weidergeet Den 23. Juni 2016 hunn d’Britten an engem Referendum knapp fir de sougenannte Brexit gestëmmt. Laang huet et gedauert, mee säit ufanks Februar 2020 huet Groussbritannien d’Europäesch Unioun verlooss. Elo befanne sech déi zirka 67 Millioune Britten an enger Iwwergangsphas bis Enn 2020. Dësen historesche Moment wäert sech am europäesche Memoire festgesat hunn. Mee et bleiwe vill Froen onbeäntwert, fir déi an den nächste Méint kloer Äntwerte fonnt musse ginn. Et huet dräi Joer gedauert, bis datt sech d’EU a Groussbritannien wärend der Iwwergangsphas tëschent dem EU-Austrëtt an engem Fräihandelsofkommes… Weiderliesen

Ëm wat geet et beim „European Green Deal“?

An engem Zäitalter vu Klimadebatt muss sech och déi nei EU-Kommissioun esou lues awer sécher Gedanke maachen, wéi si sech ëm d’Klima an d‘Ëmwelt an Zukunft bekëmmere wëll. Fort vun de fossille Brennstoffer Äerdueleg, Gas a Kuelen, ee strukturellen Ëmbau vun der aktuellen Ekonomie, Landwirtschaft a Verkéier. Dofir huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen den „European Green Deal“ presentéiert. Ufanks Dezember huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin de sougenannte „European Green Deal“ virgestallt. D’Zil ass et, d’EU bis 2050 klimaneutral ze maachen. Also keng zousätzlech Treibhausgasen an d‘Ëmwelt ofginn, an esou soll och d’Klimaofkommes vu Paräis agehale kënne ginn. Eng Riseninvestitioun De… Weiderliesen

Protester a Latäinamerika

A ganz Latäinamerika ginn d’Bevëlkerungen op d’Strooss, fir géint hir Regierungen ze protestéieren. D’Grënn sinn awer net an all Land déi selwecht, mee d’Problemer an deene verschiddene Länner sinn dacks zimlech ähnlech. Knapp 30 Joer ass et hir, datt Chile de Prozess aus enger Diktatur ënnert dem Diktator Augusto Pinochet an eng Demokratie ofgeschloss huet. Do si vun de Studente Protester ausgaangen, där sech spéider déi ganz chilenesch Bevëlkerung ugeschloss huet. Haut ginn d’Chilenen erëm op d’Stroossen, fir géint déi sozial Ongläichheeten opmierksam ze maachen an d’Regierung opfzefuerderen, endlech eppes dogéint z‘ënnerhuelen. Chile ass do net dat eenzegt Land a… Weiderliesen

Protester am Libanon

Säit gutt zwou Woche ginn am Libanon d’Leit op d’Stroosse fir géint déi aktuell Regierung ze protestéieren. Déi huet schon mat Récktrëtter op d’Protester reagéiert, mee d’Situatioun spëtzt sech lues a lues ëmmer méi zou. D’Bevëlkerung geet op d’Stroosse fir sech an och fir déi nächst Generatiounen ee bessert Liewen ze erméiglechen. Am Land ginn et vill verschidde Reliounen, dat huet an der Vergaangenheet oft fir Konflikter gesuergt, mee duerch d’Protester sinn déi knapp 18 verschidde Reliounen sech méi no komm fir zesumme géint déi schlecht Infrastrukturen, Korruptioun a fir eng besser Zukunft ze protestéieren. D’Demonstratioune sinn net nëmmen an… Weiderliesen

Hongkong – Fir d’Fräiheet kämpfen

Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider. Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997 zeréck un China gaangen, mee huet ee spezielle politesche Status fir 50 Joer kritt. Hongkong ass eng chinesesch Sonderverwaltungszone a säit hir gëllt de System „Ee Land, Zwee Systemer“. Dat heescht, dat déi 7 Milliounen Hongkonger ënnert der Souveränitéit vu China stinn, mee si hunn awer „d’Chance“ méi, mee net… Weiderliesen