100 Deeg Donald Trump

Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika. Hien huet während dem Walkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt fir ze évaluéieren ob hien schon en Deel vun sengen Verspriechen anhaalen konnt. Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen. Do seet hien, dat hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert huet, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, dass d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentanen System profitéieren. An… Weiderliesen

Wat ass den Korea-Konflikt?

Dës Woch huet den amerikanesche President sech fir d’eicht zu senger Nord-Korea Politik geäussert. Deemno géif hien och ouni China, déi ee groussen Afloss op Nord-Korea hunn, intervenéieren. Dat wäert sech am Gespréich tëschent dem Donald Trump an dem chinesesche President Xi Jingping ufanks Abrëll méi kloerstellen. Dowéinst wëlle mir des Woch de Koreakonflikt méi genau erklären. 1910 huet sech Japan Korea als Kolonie zu Notze gemaach an iwwert Joren d’Ressourcen un sech geholl. Well Japan den 2. Welktrich verluer huet, ass Korea un d’Sowjetunioun an un d’USA gangen. Den Norde vu Korea ass un d’Sowjetunioun gaangen an de Süden un d’USA. Déi zwee Länner konnten kee Friddenstraité erreechen. Si… Weiderliesen

Wat sinn déi transatlantesch Bezéiungen?

Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en NATO  an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass. Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen. D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch de Marshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft… Weiderliesen

Tierkesche Wahlkampf am Ausland

Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Wahlkampf fir de Referendum bedreiwe wollten. Mä firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan de Referendum esou wichteg? Wéi hu verschidden EU-Staate reagéiert, wou e Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wollt? Iwwert de Referendum an der Tierkei ass de 16. Abrëll ofgestëmmt ginn. D’Ännerunge gesi vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi e Gesetz a Kraaft trieden. De President an d´Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mä bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier… Weiderliesen

Europa vu verschiddene Vitessen

Et héiert een ëmmer méi „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“ an de Medien. Mä wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een, datt et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir dës Woch an eisem Artikel behandelen. Dofir kennt ee klengen Iwwerbléck iwwert d´Europäesch Unioun, datt et besser ze verstoen ass. De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS, d´Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol, ass vun de BENELUX-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d´Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well dat ze supranational war. 1957 ass dann… Weiderliesen

Kënnt de “Grexit”?

Dës Woch gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griichenland geschwat. Mä firwat gëtt elo erëm iwwer Griicheland an de „Grexit“ geschwat?  Wéi eng Konsequenze kënnen dat fir Europa a Griicheland bedeiten? Griichenland huet an de Jore virun der Finanzkris méi Suen ausginn, wéi si era kritt haten. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstem gefall an d’Banke sinn immens virsiichteg ginn, fir weider Suen ze léinen. Dës Sue goufe benotzt, fir ze importéieren amplaz z’investéieren. Nodeems Griichenland zouginn huet, jorelaang Zuele gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir datt et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen 3 finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert. D’Troika… Weiderliesen

Wie gëtt franséisch(en) President(in)?

Dës Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron  (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hu sech a Wahlen bannent hire Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an de franséische Wahlsystem ginn. Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do kee Kandidat méi wéi 50% vun de Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat.  Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un, déi am éischten Tuer déi meeschte Stëmme kruten. Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet, fir seng Beweegung „En Marche!“ ze grënnen. Hie… Weiderliesen

Wat ass de Muslim Ban?

Dës Woch huet den amerikanesche President mat sengem „Executive Order“ decidéiert, dass Mënschen aus Syrien, Iran, Sudan, Libyen, Somalien, Yemen an dem Irak während den nächsten 90 Deeg net méi an d´USA areesen dierfen. Dat huet weltwäit fir Opreegung a Protester gesuergt. Dofir wëlle mir dës Woch erklären ëm wat et beim „Muslim Ban“ geet a wat en „Executive Order“ iwwerhaapt ass. Generell ass en „Executive Order“ eng Veruerdnung vum amerikanesche President, déi de Verwaltunge virschreift, wéi si ze schaffen hunn. Den amerikanesche President steet un der Spëtzt vun den nationale Verwaltungen an dowéinst mussen all Ministérie sech un deenen Uweisungen orientéieren. Mä wat ass elo de „muslim… Weiderliesen