Däitschland – Aus fir d’Kuelekraaftwierker

Däitschland huet um Samschdeg Moien decidéiert bis Ënn 2018 kee Stroum méi duerch Kuelen ze produzéieren. Wéi kennt et zu dësem Beschloss an ass dëst realistesch? Schonn 2011 huet Däitschland decidéiert bis 2022 komplett op Atomstroum ze verzichten. De nächste Schrëtt a Richtung nohaltege Stroum huet d’Bundesregierung dunn de 6. Juni 2018 gemaach. Eng nei Kommissioun, genannt Kommissioun fir Wuesstem, Strukturwandel a Beschäftegung, gouf agesat fir, ënnert anerem, no a no ëmmer méi op ökologeschen a nohaltege Stroum ze setzen. De 26. Januar huet elo déi genannte Kommissioun hire Bericht un d’Regierung weider ginn. Dobäi ass ze betounen dass dës Kommissioun do ass fir hier Meenung ofzeginn, ze… Weiderliesen

Parlamentswahlen an Italien

Wat ass an Italien geschitt, wien huet Wahle gewonnen a wat kéint sech veränneren? Den 28ten Dezember 2017 huet den italienesche Staatspresident Sergio Mattarella per Dekret d’Chamber an de Senat opgeléist fir domadder nei Wahle ze lancéieren, déi doropshin de 4te Mäerz ofgehale goufen. Gewielt gouf e neit Parlament an e groussen Deel vum Senat.  Virun de Wahle gouf Italien vun enger Mëtt-Lenks-Koalitioun regéiert, mat der Demokratescher Partei (Partito Democratico) un der Spëtzt déi mam Matteo Renzi an dem Paolo Gentiloni déi zwee wichtegst Memberen vun der Regierung gestallt hunn. D’Demokratesch Partei war bei de leschte Wahlen am Joer 2013 an d’Regierung komm, obwuel d’5 Stäre Beweegung ( Movimento 5… Weiderliesen

Austrëtt vum Trump aus dem Atom-Ofkommen mam Iran

Em wat handelt et sech bei dësem Ofkommes? Ween ass involvéiert a wat huet dësen Austrëtt fir méiglech Konsequenzen? Virum Accord war den Iran bekannt fir säi kontroversen Atomprogramm dee permanent vu westlecher Säit aus hefteg kritiséiert gouf an och deementspriechend reegelméisseg mat Sanktioune beäntwert gouf. No 13 Joer laange Verhandlungen hunn dunn 2015 den Iran, déi 5 UN-Vetomuechten (Frankräich, Russland, China, Groussbritannien, USA), Däitschland an d’Europäesch Unioun schlussendlech een Ofkommes decidéiert. Am Kader dovu sollt den Iran op quasi all Méiglechkeet fir Atomwaffen ze baue verzichten a keen Uran méi ureegen. Des Weidere sollt den Iran a ville Punkte wat Uran, Plutonium an allgemeng méiglech Atomwaffen uginn ageschränkt ginn. Deemno gi si reegelméisseg vun der internationaler Atomenergieorganisatioun kontrolléiert a mussen an den… Weiderliesen