Wat ass de gilets jaunes-Mouvement?

Wat am November als simpele Protest géint d’Erhéijung vun den Accisen um Diesel ugefaangen huet, huet sech no puer Woche vu Protester Ufank Dezember zu enger sozialer a politescher Kris a Frankräich établéiert. D’Manifestanten – déi en gielen Sécherheetsgilet als Symbol vun hirem Mouvement benotzen – sinn déi éischte Kéier de 17 November op d’Stroossen gaangen fir géint déi néi Mesuren vun der Regierung ze protestéieren. Zënterhier hunn d’gilets jaunes op weidere Weekender gréisser Manifestatiounen an den Groussstied organiséiert fir Drock op den President Macron auszeüben. De Mouvement ass ënner anerem schwéier ze définéieren, well en immens dezentraliséiert ass. Et gëtt keng « Symboulfigur » déi de ganze Mouvement representéiert. D’franséisch Manifestante sinn… Weiderliesen