Crash vun de Pëtrolspräisser

Wéi funktionéiert eigentlech de Pëtrolsmarché? Zënter Ufank Mäerz konstatéiere mir op der Pompel, dass d’Bensinspräisser am fräie Fall sinn. Wärend de Präis vun engem Baril Pëtrol Brent (europäesch Zort – ongeféier 159 Liter) Enn Februar bal 60$ wäert ass, läit en de 26. Mäerz bei engem historeschen Déif vu ronn 27$. Gutt fir de Portmonni vum Verbraucher, schlecht fir d’Investisseuren. An dëser Editioun vun „A 500 Wierder“ gëtt erkläert, wéi de Pëtrolsmarché funktionéiert a wéi dës Fluktuatiounen indirekt mat der Wirtschaftskris duerch de Coronavirus zesummenhänken. Pëtrol ass eng vun de wichtegste Ressourcen, well se a Raffinerië jee no Zort a… Weiderliesen

Wat ass ee bedéngungslost Grondakommes?

Ëmmer méi Experten an Ekonomisten diskutéieren iwwer d’Aféierung vun engem bedéngungslosem Grondakommes. All Bierger, egal op aarm oder räich, soll deemno eng gewëss Zomm u Suen zur Verfügung gestalt kréien an e groussen Deel vun de Sozialleeschtungen ersetzen. An dëser Editioun vun„a 500 Wierder“ analyséiere mir méi genau, wéi sou e Grondakommes ouni Bedéngunge soll ausgesinn. D’Relevanz vum bedéngungslosem Grondakommes berout op der Fro, wéi eis Sozialleeschtungen (wéi RMG, Kannergeld, Pensiounen etc.) deemnächst solle finanzéiert ginn. An de meeschten europäesche Länner mécht d’Akommessteier nämlech e groussen Deel vun de ganze Staatsrecetten aus. Wann een elo dovun ausgeet, dass an der… Weiderliesen

Wat sinn Cum-Ex-Geschäfter?

Steierrechtler a Professere schwätze vum „gréisste Steierraub an der Geschicht vun Europa“. Rezent verëffentlecht Dokumenter weisen, dass Banker a Finanzleit verschidden europäesch Staaten nach méi hannergaange hunn wéi bis elo ugeholl. An dëser Editioun vun„a 500 Wierder“ erkläre mir, wéi kriminell Aktionäre mat Cum-Ex-Geschäfter déi europäesch Steiersystemer em Milliounen bedrun hunn. Fir „Cum-Ex Deals“ ze verstoen, muss ee fir d’éischt wëssen, dass en Aktionär, deen an eng Entreprise investéiert huet an en Deel vun hiren Aktië besetzt, all Joers eng gewëss Zomm vum Benefice vun der Entreprise ausgeschott kritt. Dëst nennt een eng Dividende, d’“Zënsen“ vum investéierte Kapital. Op dëser Dividende gëtt eng Steier an den europäesche Staaten erhuewen, zu… Weiderliesen

Wei fonktionneiert Ryanair?

Bëllegfluchgesellschafte ginn an Europa ëmmer méi populär. Duerch hire Businessmodell geléngt et hinnen, ëmmer manner deier Fluchtickete fir hir Passagéier unzebidden. Op den éischte Bléck eng positiv Entwécklung fir de Verbraucher, mee op wéi enge Käschte berout dee Präis? An dëser Editioun vun „a 500 Wierder“ erkläre mir unhand vu Ryanair, wéi Bëllegairlinë funktionéieren a wat si vun traditionelle Fluchgesellschafte wéi Luxair ënnerscheet. Fluchlinne wéi Ryanair, easyJet, an Eurowings, zeechnen sech virun allem dovun aus, op all méiglechem Eck ze spueren. Oft steiere si geographesch manner attraktiv Standuerter un, woubäi et hinne méiglech ass, an enger dominanter Positioun géigeniwwer vum Fluchhafen d’Fraise fir dierfen ze landen erof ze drécken. Ausserdeem flitt… Weiderliesen