Wat ass den Index?

Wei den Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Densden via Twitter annoncéiert huet ass ab dem 1 August eng néi Indextranche fälleg. Dat bedeit konkret, dass ab dem Daach d’Salairen, d’Paien an d’Pensioun em 2,5% klammen wäerten. Et ass déi 1. Indextranche säit dem 1. Januar 2017. Mee em wat handelt sech lo genau beim Index an wat ass den Ausléiser vun der rezenter Erhéijung ? Wann vum Index geschwat gëtt, handelt et sech em d’Upassung vun den Léin, Paien an Pensiounen am Verglach zur globaler Präisentwécklung hei am Land. Fir des Entwécklung ze ermëttelen gouf sech op een Wuerekuerf geénegt. Dësen Wuerekuerf enthält Produiten vum dächlegen Gebrauch, wei zum Beispill Brout, Botter oder Béier. Doniewent sinn awer och Déngschtleeschtungen am Index… Weiderliesen

Wéi geet et weider an der europäescher Asylpolitik ?

Bei engem Treffen um Freiden tëschent dem franséische President Macron an dem néien italienesche Ministerpresident Conte goung et ee mol méi em d’Opnam an d Verdeelung vu Geflüchteten an der Europäescher Unioun. An enger zesumme verfaasster Erklärung hu sech béid Länner dann och verstäerkt fir eng europäesch Léisung ausgesprach. Dobäi koum dann och d’Iddi vun sou genannte Migratiounszentren ausserhalb vun der EU op. Eng Iddi déi net ganz néi ass. Mee wou wier de konkreten Notze vun dësen Zentren a wat géif dat fir Länner wei Italien a Griicheland beispillsweis änneren ? De rezente Sträit iwwert ee Flüchtlingsboot wat am Mëttelmier iwwer 600 Flüchtlinge gerett huet, weist op en Neits dat d’Flüchtlingsproblematik an der EU nach laang net geléist ass. D Schëff Aquarius krut nämlech vun der maltesescher an der italienescher Regierung verbueden an deene respektiver… Weiderliesen

Wat ass de Schutdown an den USA?

Iwwert de Weekend konnt ee vill iwwert de sougenannten ,,Government Shutdown“ an Amerika héieren. Een Zoustand den et schonns puer mol an der Amerikanescher Geschicht ginn ass. Mee wei kennt et zu esou engem Shutdown ? An wat sinn d’Konsequenzen dovunner vir d’Land an seng Bierger ? Ausgerechent um Joresdag vum Donald Trump senger Vereedegung als amerikanesche President koum et zu engem Stëllstand vun der amerikanescher Regierung. Samschdes moies ab 0.00 a Méindes koum et zu engem finanziellen Ausgabestop de Groussdeeler vun de Ministèren an ëffentlechen Ariichtungen am Land lahm geluecht huet. Mee wei konnt et esou weit kommen ? Schold un dëser Situatioun sinn deels grouss Meenungsdifferenzen tëschent Demokraten a Republikaner wann et em de Budget vun der US Regierung geet. Den Trump well méi Ausgabe fir Militär… Weiderliesen

Wat sinn d’Paradise Papers?

Nodeems d’Panama Papers an d’LuxLeaks international schon fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn, hunn d’läscht Woch déi sougenannte Paradise Papers fir vill Polemik gesuergt. Net manner wei 13,4 Milliounen Dokumenter goufe während engem Joer vun 120 Journalisten aus aller Welt analyséiert an ausgewäert. Mee em wat handelt ed sech genau bei de Paradise Papers a wat ass de gesellschaftlechen Interêt un dëser Affär ? D’Publikatioun vun de Paradise Papers verdäitlecht op wei eng Aart a Weis, grouss international Firme wei zum Beispill Nike, Apple oder Facebook mee awer och Prominenter wei de Bono vun U2 a souguer d Queen iwwert sou genannte Steierparadäiser fuere fir hiert Verméigen ze verwalten. An deene meeschte Fäll geet et dann och drëm fir sou mann wei… Weiderliesen

Wahlen an Éisträich

Leschte Sonnde waren eng ronn 6,4 Milliounen Éisträicher berechtegt en neien Nationalrot ze wielen. No dëse Wahle gesäit et ganz dono aus wei wann den nëmmen 31 Joer ale Sebastian Kurz vun der konservativer „Östereischische Volkspartei“ (ÖVP) neie Bundeskanzler a sengem Land gëtt. Seng Partei konnt sech nämlech mat 31,5 % vun de Stemme virun der sozialistescher SPÖ (26,9 %) an der rietser FPÖ (26%) duerchsetzen. Mee wei gesinn elo déi méiglech Regierungskoalitiounen aus ? An wisou gëtt souvill vun engem sougenannte „Rietsruck“ geschwat ? Nom Broch vun der sozialistesch-konservativer Koalitioun ënner dem Kanzler Kern  stoungen e Sonnde virgezunne Wahlen un. De Sebastian Kurz geet no dëse Wahlen als kloren Gewënner ervir. Mat 31 Joer wier hien am Fall vun enger Kanzlerschaft… Weiderliesen

Wat ass d’Laach vun der Europäescher Unioun?

Wei steet et em d’Europäesch Unioun ? Eng Fro déi een sech an Zäite vu Brexit, Terrormenacen an opkommendem Populismus wei och Euroskeptiker an der EU oft stellt. Een Haaptsujet op deen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a senger Ried vum leschte Mëttwoch am EU-Parlament zu Stroossbuerg agaangen ass. Wei also gesäit hien déi momentan Laach vun der europäescher Gemeinschaft ? A virun allem, wei gesäit fir hien d’Zukunft vun der EU aus ? All Joer am September bezitt den EU-Kommissiounspresident Stellung zur momentaner Laach an der EU. Dobäi gëtt ee Resumé vum leschte Joer gezunn an och op déi aktuell Problemer vun der Unioun agaangen. Doriwwer eraus ginn och eventuell Pläng fir d’Zukunft a Reformidee virgestallt, déi d Komissioun ëmsetze well. ,,Europa huet rem neie Wand an de Seegelen,, ,sou ee Saz aus… Weiderliesen

Wat ass de Weltsécherheetsrot?

Opgrond vun deene rezenten internationale Krise wei de Krich a Syrien, d’Onrouen an der Ostukrain oder awer och de Spannungen tëschent Nordkorea an den USA, as net selte riets vum UN Sécherheetsrot. Mee wat genau ass de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen a wei eng Roll spillt en bei der Léisung vun internationale Konflikter ? Den UN Sécherheetsrot oder oft nach Weltsécherheetsrot genannt ass en wichtegt Organ vun den Vereenten Natiounen (UNO). D Grënnung vum Weltsécherheetsrot geet op d’Joer 1947 zeréck an säin Setz befënnt sech säit 1951 zu New York. Den Artikel 24 vun der Charta vun den Vereenten Natiounen beseet, dass den UN Sécherheetsrot den Weltfridden oprecht erhaalen an fir international Sécherheet suergen soll. Mee wei genau gestallt sech lo d Aarbecht vun dëser Institutioun ? Den… Weiderliesen

Wat ass Obamacare?

De Numm Obamacare taucht net selten an de Medien op – dat am Bezuch op dat amerikanescht Gesondheetswiese mee awer och wann et em politesch Konflikter tëschent der demokratescher a republikanescher Partei geet. Mee wat genau stécht hannert dem Wuert Obamacare a wisou gëtt esou eng grouss Polemik dorëmmer gemaach ? Mat Obamacare ass den <Patient Protection and Affordable Care Act> gemengt, wat och nach PPACA oder just ACA ofgekierzt gëtt. Mee fir d’Auswierkunge vun dëser Reform ze verstoe lount et sech fir d’Éischt ee Bléck op den amerikanesche Gesondheetssystem ze werfen. No der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) stellen d USA den deierste Gesondheetssystem vun allen 191 Memberstaaten. D’OECD berechent souguer dass 16,9% vum amerikanesche BIP eleng vir de Gesondheetssystem ufalen. Eng grouss… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?

Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche President ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord  wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ? D’Zil vum Accord ass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill CO2 ausgestouss ginn, wei de Planéit selwer… Weiderliesen

Wat dierf en(g) franséisch(en) President(in)?

Den leschten Sonnden waren ons franséisch Noperen opgeruff een neien President ze wielen. Dobäi konnten eng ronn 47 Milliounen Fransousesn hier Stëmm vir hiren Favorit ofginn. Bei dësem éischten Tour vun den Presidentiellen goung et dorëms vir erauszefannen, wéi eng 2 Kandidaten am meeschten Stëmmen kruten. Do konnten sech d’Marine Le Pen vum rietspopulisteschen Front National an den onofhängegen Kandidat Emmanuel Macron duerchsetzen. Si trieden den 7. Mee an engem 2. Tour nach eng Kéier géinteneen un. De Gewënner gëtt dann zum(r) neien(r) President(in). Mee wat sinn iwwerhaapt d’Pouvoiren vun engem franséischen president? An wéi gesinn déi politesch Pläng vum… Weiderliesen