Coronavirus – Stéck fir Stéck ausgebreet

Auteur: Max Fisch   A 500 Wierder iwwert den SARS-CoV 2 Am Dezember 2019 ass de Coronavirus SARS-CoV-2 zu Wuhan, enger zentral geleeëner Milliounestad a China ausgebrach. Ufank Januar sinn déi éischt Leit un dëser neier Longekrankheet gestuerwen an de Virus huet sech innerhalb vu puer Wochen iwwert de ganze Planéit ausgebreet an dominéiert bis haut d’Aktualitéit. D’Fro, déi sech stellt, ass, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO op dës Epidemie geäntwert huet, wat hir Mesuren a Rotschléi sinn, fir géint de Virus virzegoen, wéi déi international Kommunitéit reagéiert huet a wat d’Konsequenze vun dësem Virus sinn. Erënnerung un de SARS-Virus Vu datt… Weiderliesen

Protester a Latäinamerika

A ganz Latäinamerika ginn d’Bevëlkerungen op d’Strooss, fir géint hir Regierungen ze protestéieren. D’Grënn sinn awer net an all Land déi selwecht, mee d’Problemer an deene verschiddene Länner sinn dacks zimlech ähnlech. Knapp 30 Joer ass et hir, datt Chile de Prozess aus enger Diktatur ënnert dem Diktator Augusto Pinochet an eng Demokratie ofgeschloss huet. Do si vun de Studente Protester ausgaangen, där sech spéider déi ganz chilenesch Bevëlkerung ugeschloss huet. Haut ginn d’Chilenen erëm op d’Stroossen, fir géint déi sozial Ongläichheeten opmierksam ze maachen an d’Regierung opfzefuerderen, endlech eppes dogéint z‘ënnerhuelen. Chile ass do net dat eenzegt Land a… Weiderliesen

Protester am Libanon

Säit gutt zwou Woche ginn am Libanon d’Leit op d’Stroosse fir géint déi aktuell Regierung ze protestéieren. Déi huet schon mat Récktrëtter op d’Protester reagéiert, mee d’Situatioun spëtzt sech lues a lues ëmmer méi zou. D’Bevëlkerung geet op d’Stroosse fir sech an och fir déi nächst Generatiounen ee bessert Liewen ze erméiglechen. Am Land ginn et vill verschidde Reliounen, dat huet an der Vergaangenheet oft fir Konflikter gesuergt, mee duerch d’Protester sinn déi knapp 18 verschidde Reliounen sech méi no komm fir zesumme géint déi schlecht Infrastrukturen, Korruptioun a fir eng besser Zukunft ze protestéieren. D’Demonstratioune sinn net nëmmen an… Weiderliesen

Eskalatioun an Nordsyrien

Auteur: Max Fisch   Iwwer Twitter huet den tierkeschen President Recep Tayyip Erdogan den 9. Oktober matgedeelt, dass säin Land eng militäresch Offensiv am Nordosten vun Syrien lancéiert huet vir géint kurdesch Milizen virzegoen. Ënnert dem Numm “Barış Pınarı Harekâtı” (op däitsch: „Friedensquelle“) huet des Operatioun d’Aufgab den no tierkeschen Aussoen beschriwwenen Terrorkorridor un der Grenz ze bekämpfen . Do der nieft, annoncéiert den Erdogan, dass een mat der syrescher National Arméi, enger Zesummesetzung vun verschiddenen Rebellegruppen, eng Sécherheetszon well erstellen, vir dass déi syresch Flüchtlingen et méi einfach wäerten hunn fir erëm zréck an hir d’Land ze kommen. An… Weiderliesen

Hongkong – Fir d’Fräiheet kämpfen

Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider. Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997 zeréck un China gaangen, mee huet ee spezielle politesche Status fir 50 Joer kritt. Hongkong ass eng chinesesch Sonderverwaltungszone a säit hir gëllt de System „Ee Land, Zwee Systemer“. Dat heescht, dat déi 7 Milliounen Hongkonger ënnert der Souveränitéit vu China stinn, mee si hunn awer „d’Chance“ méi, mee net… Weiderliesen

Wéi schlëmm sinn d’Bëschbränn op der Welt?

Säit dem Summer sinn d’Bränn vun der Amazonasgebitt duerch déi ganz Medielandschaft present. Mee ëm wat geet déi ganz Diskussioun a wat bedeiten déi Bränn allgemeng? Dat gitt dir am Artikel vun der Woch gewuer. D’Welt kuckt op Latäinamerika, ob d’Bränn vum Reebësch, déi aktuell virun allem a Brasilien sinn. Mee et brännt och op anere Platze vun der Welt. An Afrika si massiv Bëschbränn, Indonesien an och a Russland, déi sibiresch Taiga. D’Bëschbränn hunn a Russland zum Beispill eng Gréisst vun zirka 11 Milliounen Hektar. D’Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace huet matgedeelt, dat säit Ufanks dem Joer scho knapp 15 Milliounen Hektar… Weiderliesen

Spëtzt sech d’Kris an der Strooss vun Hormus zou?

Am Moment herrscht an der Golfregioun eng kritesch Situatioun. Den Iran huet ee briteschen Äerduelegtanker an der Strooss vum Hormus festgesat. Dës Route ass déi wichtegst fir den Äerduelegtransport, knapp 1/5 vum ganzen Transport verleeft do. Zudeem well den Iran sech och net méi un den Atomdeal halen. Wat dat elo genau fir d’Golfregioun bedeit, gëtt dës Woch am Artikel analyséiert. D’USA hunn am Mee 2018 den Atomdeal mam Iran gekënnegt. Um éischte Joresdag annoncéiert den Iran am Mee 2019, dat si sech doropshin och net méi un d’Atomofkommes hale wëllen. D’USA huet den Iran Sanktiounen opgedroen. Déi iranesch Bevëlkerung… Weiderliesen

Facebook-Sue fir 2020?

Facebook huet viru kuerzem ugekënnegt eng eegen digital Wärung „Libra“ op de Marché ze bréngen. Dat huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt, virun allem bei der Politik, well Facebook ee systemrelevante Player an der Geldverwaltungs- a Geldpolitik kéint ginn. Wat elo genau déi Kryptowärung „Libra“ fir äis bedeit gitt dir am Artikel gewuer. Den neoliberalen éisträicheschen Ökonom Friedrich Hayek huet a sengem bekannte Wierk „Entnationaliséierung vum Geld“ dovu gedreemt, dat déi verschidde Wärungen op der Welt am Wettbewerb stoe sollen fir dat d’Suen esou stabil wéi méiglech solle sinn. Hien géif dowéinst de Virstouss vu Facebook gutt heeschen. Facebook huet fir… Weiderliesen

Wat bedeiten d’Protester zu Hong Kong?

E Gesetzesprojet huet d’lescht Woch all siwenten Awunner vun Hong Kong – schätzungsweis eng Millioun Leit –  op d’Strooss gedriwwen an zu deels gewalttätege Protester gefouert. Dat kléngt gelungen, gehéiert Hong Kong dach zu China, dat als autoritäre Staat net fir Masseprotester bekannt ass. De klengen Zipfel, net mol hallef sou grouss wéi Lëtzebuerg an awer mat 12 mol souvill Awunner wéi de Grand-Duché, ass allerdéngs en extrae Fall. Bis 1997 huet en zu Groussbritannie gehéiert, dat sech dat klengt Stéck Land am 19. Joerhonnert no engem Krich mat China gekroopt hat. D’Stad ass séier gewuess, sou dass d’Britte sech… Weiderliesen

Brexit – Een Iwwerbléck

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU trieden. No dräi Joer voller Brexit-Noriichten, gesäit et esou aus, wéi wann mir engem Enn méi no kommen. Mee déi britesch Premierministerin Theresa May huet Problemer, dee mat der EU ausgehandelten Deal, am britesche „House of Commons“ duerchzekréien. Kuerz no der Chrëschtvakanz ass den Deal fir déi éischte Kéier fir eng Ofstëmmung am Parlament zur Ofstëmmung fräi gemaach ginn. Den Deal ass mat engem historeschen Echec am Parlament duerchgefall. Den Haaptgrond dofir ass de „Backstop“. De Backstop gesäit fir, dat bei engem Echec vun den zukünftege Wirtschaftsbezéiunge keng haart Grenz zwëschen Irland… Weiderliesen

Venezuela-Kris

Venezuela ass am Moment international  an de Medien. De Grond sinn Hyperinflatioun, Hongersnout a virun allem d’Staatskris. Dësen Artikel soll een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun a Venezuela vermëttelen. Am Ufank vum Joer gouf den Nicolás Maduro, ënner internationalem Protest, als President vu Venezuela fir wieder 6 Joer vereedegt. International Organisatiounen hunn d’Walen als ondemokratesch an domat och als ongëlteg erkläert. Den IWF (Internationale Wärungsfong) huet fir Venezuela  eng Inflatioun vun 1.370.000 % berechent. Als Verglach am Südsudan sinn et 90%. Et gëtt och prognostizéiert, dass et am Laf vum Joer och bis op 10.000.000% erop goe kéint. Venezuela huet déi gréissten Äerduelegreserve vun den OPEC-Staaten. Mee d’Produktioun geet all Joers weider zréck, well… Weiderliesen

Déi nei Seidestrooss

Queesch duerch d’Welt investéiert China a nei Transportweeër an a Firmen, och an Europa. Wisou stoussen dës Investitiounen op Kritik? Viru manner wéi 40 Joer war China eent vun den äermste Länner op der Welt, nach 1981 hunn hei 88 vun 100 Leit mat manner wéi 1,90 Dollar den Dag gelieft. Reformen hunn d’Land dunn zur zweetgréisster Wirtschaft op der Welt gemaach, kee Land exportéiert haut souvill wéi China. Gläichzäiteg ass d’Land ëmmer manner zréckhalend, wann et drëm geet Afloss an anere Länner auszeüben, virun allem säit de Xi Jinping 2012 d’Leedung vum Land iwwerholl huet. Kuerz no sengem Untrëtt… Weiderliesen