Wat sinn d’Paradise Papers?

Nodeems d’Panama Papers an d’LuxLeaks international schon fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn, hunn d’läscht Woch déi sougenannte Paradise Papers fir vill Polemik gesuergt. Net manner wei 13,4 Milliounen Dokumenter goufe während engem Joer vun 120 Journalisten aus aller Welt analyséiert an ausgewäert. Mee em wat handelt ed sech genau bei de Paradise Papers a wat ass de gesellschaftlechen Interêt un dëser Affär ? D’Publikatioun vun de Paradise Papers verdäitlecht op wei eng Aart a Weis, grouss international Firme wei zum Beispill Nike, Apple oder Facebook mee awer och Prominenter wei de Bono vun U2 a souguer d Queen iwwert sou genannte Steierparadäiser fuere fir hiert Verméigen ze verwalten. An deene meeschte Fäll geet et dann och drëm fir sou mann wei… Weiderliesen

Wat ass de Friddensnobelpräis?

Ufank Oktober ass all Joer d’Zäit an där d’Nobelpräisser vergi ginn. De politeschste vun dëse Präisser ass oft de Friddensnobelpräis – an esou ass et och dëst Joer erëm. Dofir geet et dës Woch em d’Geschicht vum Friddensnobelpräis an iwwert „ICAN“, d’Campagne déi de Präis dëst Joer krut.  Den Alfred Nobel, no deem de Präis benannt ass, koum aus Schweden an hien ass weltbekannt well hien den Dynamit erfonnt huet. De Friddensnobelpräis an all déi aner Nobelpräisser huet den Alfred Nobel duerch säin Testament an d’Liewe geruff, well hie mat sengem Verméigen eppes guddes maache wollt, nodeems hien enttäusch war dass seng Erfannung benotzt gouf fir Krich ze féieren.… Weiderliesen

Firwat gëtt et esou vill Waffen an Amerika?

59 Doudeger a 527 Blesséierter – dat ass den traurege Bilan vun der Schéisserei um Sonndeg den Owend zu Las Vegas. Während deem de „Closing Act“ vum Country Sänger Jason Aldean am Gaange war, huet de 64 Joer ale Stephen Paddock aus enger Distanz vun 350 Meter während enger véirel Stonn mat engem Maschinnegewier op d´Leit geschoss ier e sech selwer ëmbruecht huet. Firwat weess bis ewell keen. De Mann schéngt mam Gesetz nach ni a Konflikt geroden ze sinn a gëtt vu Famill a Noperen als frëndlechen a friddlechen Eenzelgänger beschriwwen. Obwuel esou eng Grujeldot, wann et vun engem ausgeet, dee wierklech determinéiert ass esou eppes… Weiderliesen

Wat ass zu Charlottesville geschitt?

Dës Woch schreiwe mir iwwert d’Eskalatiounen a Charlottesville an den USA. Do gouf et eng Demonstratioun vu Rietsradikalen an eng Géigendemonstratioun. No enger Eskalatioun vu Gewalt ass eng Persoun gestuerwen a 34 Leit si blesséiert ginn. Mee wéi eng rietsextrem Gruppen hunn un dëser Demonstratioun Deel geholl a firwat gëtt de President Trump fir seng Reaktioun kritiséiert? An enger Staat mat 50.000 Awunner hunn sech um Samschdeg puer honnert rietsextrem Gruppéierunge bei enger Manifestatioun getraff. Ënner anerem waren do d’Alt-Right-Beweegung, Neonazi-Gruppen an och Membere vum Ku-Klux-Klan. Si hunn sech getraff fir géint ee Beschloss vum Gemengerot vu Charlottesville ze demonstréieren. De Gemengerot… Weiderliesen

Polen- Um Wee zum autoritären Staat?

Dës Woch schreiwe mir iwwert déi nei Justiz-a Medienreforme vu Polen, déi säit Méint ëmmer erëm kuerz an de Noriichte sinn. Mee ët gëtt kritiséiert dass dës Reforme fir een EU-Memberstaat eng signifikant Verschlechterung vun der Demokratie an der Gewaltentrennung sinn. Dowéinst wëlle mir erkläre wat sech a Polen duerch d’Reforme verännert a wéi d’EU dorop reagéiert. Déi néi Justizreform a Polen gëtt dem Justizminister Zbigniew Ziobro d’Kompetenz fir all déi aktuell Riichter vum „Tribunal Supérieur“ z’entloossen an déi duerch Riichter ze ersetzen, déi der Regierung no stinn. De Justizminister kritt zudeem vill méi Afloss zougesprach fir Riichter kënnen Uweisungen… Weiderliesen

Kris am Katar – em wat geet et?

  Virun engem Mount huet sech a der Golfregioun eng politesch Kris etabléiert. Saudi-Arabien, Bahrain, Egypten an d’Vereenegt Arabesch Emiraten hunn hier diplomatesch Bezéiungen zu dem Golfstaat Katar agestallt. Firwat hunn si dat gemaach? An wéi geet déi Situatioun weider? Dat erkläre mir dës Woch an eisem Artikel. Katar gëtt vun den Golfstaaten Saudi-Arabien, Bahrain, Egypten an d’Vereenegt Arabesch Emirate beschëllegt Terrororganisatiounen z’ënnerstëtzen. Schon virun 3 Joer gouf et  vun dëse Golfstaaten, mat Ausnam vun Egypten, eng diplomatesch Kris, wëll Katar déi egyptesch Muslimbridderschaft ënnerstëtzt huet. Déi aner Golfstaaten hunn déi islamistesch Organisatioun als eng terroristesch Grupp agestuuft. Elo hunn déi… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?

Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche President ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord  wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ? D’Zil vum Accord ass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill CO2 ausgestouss ginn, wei de Planéit selwer… Weiderliesen

Wat ass dem Trump seng Russland-Affär?

Dës Woch war eng immens chaotesch fir den US-President Donald Trump. Nieft villen neien Erkenntnisser iwwert seng Verbindungen mat Russland, huet hien fir vill Opreege gesuergt wéi en den FBI-Direkter Comey vun sengem Posten entfernt huet. Mir huelen dës Geleeënheet fir iwwert dem Trump seng Russland-Affär ze schreiwen. Em wat geet et genau ? Wat ass gewosst ? An kann dës Affär dem Trump geféierlech ginn ? Déi nei Erkenntnisser deiten dorops hin, dass d’Verbindungen tëscht dem Trump an Russland schonn zeréck ginn an d’Zäit virun den Wahlen. Et ass elo gewosst, dass vill vum Trump sengen enksten Beroder sech deemools mam russeschen Ambassadeur Sergei Kislyak getraff hunn. Em wat et an dësen Meetinge gaangen ass, ass net gewosst. Allerdéngs… Weiderliesen

100 Deeg Donald Trump

Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika. Hien huet während dem Walkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt fir ze évaluéieren ob hien schon en Deel vun sengen Verspriechen anhaalen konnt. Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen. Do seet hien, dat hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert huet, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, dass d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentanen System profitéieren. An… Weiderliesen

Syrien, USA, Russland – em wat geet et?

Déi lescht Woch gouf et eng nei Attack mat chemeschen Waffen an Syrien. Dëst eleng huet fir vill Noriichten gesuergt, mee och d’Reaktioun vun den USA an den Afloss vun dëser Attack op déi US-russesch Bezéiungen sinn en grousst Thema am Moment. Wat ass geschitt? An firwat ass dat en US-russeschen Problem? Am Syrien-Krich, deen säit iwwert 6 Joer am Gaangen ass, goufen schonn e puer Mol Chemiewaffen benotzt. Déi sinn awer vun engem internationalen Traité op Grond vun hirer Grausamkeet verbueden. No enger schwéierer Attack 2013 op en Quartier an Damaskus huet den deemolegen US-President Obama militäresch Optiounen géint déi syresch Regierung an Erwänung gezunn. Doropshin huet Russland en Deal virgeschloe, deen virgesinn huet dass Syrien all seng chemesch… Weiderliesen

Wat ass den Korea-Konflikt?

Dës Woch huet den amerikanesche President sech fir d’eicht zu senger Nord-Korea Politik geäussert. Deemno géif hien och ouni China, déi ee groussen Afloss op Nord-Korea hunn, intervenéieren. Dat wäert sech am Gespréich tëschent dem Donald Trump an dem chinesesche President Xi Jingping ufanks Abrëll méi kloerstellen. Dowéinst wëlle mir des Woch de Koreakonflikt méi genau erklären. 1910 huet sech Japan Korea als Kolonie zu Notze gemaach an iwwert Joren d’Ressourcen un sech geholl. Well Japan den 2. Welktrich verluer huet, ass Korea un d’Sowjetunioun an un d’USA gangen. Den Norde vu Korea ass un d’Sowjetunioun gaangen an de Süden un d’USA. Déi zwee Länner konnten kee Friddenstraité erreechen. Si… Weiderliesen

Wat sinn déi transatlantesch Bezéiungen?

Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en NATO  an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass. Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen. D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch de Marshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft… Weiderliesen