Tierkesche Wahlkampf am Ausland
Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Wahlkampf fir de Referendum bedreiwe wollten. Mä firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan de Referendum esou wichteg? Wéi hu verschidden EU-Staate reagéiert, wou e Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wollt? Iwwert de Referendum an der Tierkei ass de 16. Abrëll ofgestëmmt ginn. D’Ännerunge gesi vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi e Gesetz a Kraaft trieden. De President an d´Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mä bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier… Weiderliesen



