Gëtt Geoblocking wierklech ofgeschaf?

Den 3. Dezember trëtt an der ganzer EU eng Veruerdnung a Kraaft, déi de sougenannte “Geoblocking” reegelt. Kann een also elo alles vun iwwerall bei sech heem liwwere loossen, z.B. Schong aus Däitschland op Lëtzebuerg? U sech si mer an der EU an engem eenzege Bannemaart, an deem also Wueren a Servicer sech ouni Grenze beweegen dierfen, a jiddereen onofhängeg vu senger Nationalitéit a sengem Wunnsëtz muss behandelt ginn. Dat ass net selbstverständlech, wien ausserhalb vun der EU reest muss z.B. dacks fir Entréeën dropbezuelen, well an Auslänner ass. Internetsäiten erkennen awer automatesch vu wéi engem Land aus een op… Weiderliesen

Wat ass Rechtsstaatlechkeet?

Rechtsstaatlechkeet ass en Term, dee bannent de leschte Méint, zemools am Zesummenhang mat de Verstéiss géint dee Grondprinzip vun der EU an der Haaptsaach vu Polen an Ungarn, vill thematiséiert ginn ass. Mä wat bedeit Rechtsstaatlechkeet eigentlech? Firwat ass et e Grondprinzip vun der Europäescher Unioun? Enner Rechtsstaatlechkeet versteet een allgemeng, dass jiddereen dem Gesetz ënnerläit, dat heescht, dass jidderee sech un déi Gesetzer muss halen, déi an deem Land an deem ee wunnt, gëllen. Dat gëllt fir eenzel Leit, grouss Konzerner an och Regierungen. Doduerch soll verhënnert ginn, dass eenzel Leit, ma och Gruppe vu Leit, der Laun vun deem, dee grad… Weiderliesen

Wat sinn Cum-Ex-Geschäfter?

Steierrechtler a Professere schwätze vum „gréisste Steierraub an der Geschicht vun Europa“. Rezent verëffentlecht Dokumenter weisen, dass Banker a Finanzleit verschidden europäesch Staaten nach méi hannergaange hunn wéi bis elo ugeholl. An dëser Editioun vun„a 500 Wierder“ erkläre mir, wéi kriminell Aktionäre mat Cum-Ex-Geschäfter déi europäesch Steiersystemer em Milliounen bedrun hunn. Fir „Cum-Ex Deals“ ze verstoen, muss ee fir d’éischt wëssen, dass en Aktionär, deen an eng Entreprise investéiert huet an en Deel vun hiren Aktië besetzt, all Joers eng gewëss Zomm vum Benefice vun der Entreprise ausgeschott kritt. Dëst nennt een eng Dividende, d’“Zënsen“ vum investéierte Kapital. Op dëser Dividende gëtt eng Steier an den europäesche Staaten erhuewen, zu… Weiderliesen

Wei fonktionneiert Ryanair?

Bëllegfluchgesellschafte ginn an Europa ëmmer méi populär. Duerch hire Businessmodell geléngt et hinnen, ëmmer manner deier Fluchtickete fir hir Passagéier unzebidden. Op den éischte Bléck eng positiv Entwécklung fir de Verbraucher, mee op wéi enge Käschte berout dee Präis? An dëser Editioun vun „a 500 Wierder“ erkläre mir unhand vu Ryanair, wéi Bëllegairlinë funktionéieren a wat si vun traditionelle Fluchgesellschafte wéi Luxair ënnerscheet. Fluchlinne wéi Ryanair, easyJet, an Eurowings, zeechnen sech virun allem dovun aus, op all méiglechem Eck ze spueren. Oft steiere si geographesch manner attraktiv Standuerter un, woubäi et hinne méiglech ass, an enger dominanter Positioun géigeniwwer vum Fluchhafen d’Fraise fir dierfen ze landen erof ze drécken. Ausserdeem flitt… Weiderliesen

USA vs. EU – Handelskrich?

Säit e puer Wochen héiert ee vum Handelskrich zwëschen der USA an der EU. Den amerikanesche President Donald Trump huet fir Stol an Aluminium Stroftaxen agefouert, fir déi amerikanesch Entreprisen ze protegéieren. Doropshin huet d’EU Kommissioun och Stroftaxe lancéiert op Whisky, Harley-Davidson, Peanut-Butter a Jeans. Wat bedeit een Handelskrich iwwerhaapt? Dat gitt dir dës Woch an eisem Artikel gewuer. Een Handelskrich ass wann ee Land mat Stroftaxen op Wueren, déi am Ausland produzéiert goufen, een anert Land attackéiere wëll. Dat attackéiert Land reagéiert dann och mat Stroftaxen op verschidde Wueren. Stroftaxe sinn extra Taxe fir Wueren aus anere Länner, fir déi eege Wueren a soumat och déi national Ekonomie ze protegéieren. Een Grond vum sougenannten… Weiderliesen

Em wat geet et bei der Euro-Reform?

Scho säit d’Finanz- an Eurokris virun 10 Joer ugefaangen huet, gëtt doriwwer diskutéiert wéi een d’Eurozon kéint reforméiere fir zukünfteg Krisen ze vermeiden, oder se besser ze managë wann se antrieden. Obwuel wärend an no der Kris Mesurë geholl goufen, si weiderhi vill Politiker an Experten der Meenung, dass d’Eurozon net “komplett” ass a Reforme benéidegt. Dës Debatt ass virun allem no der Victoire vum Macron a Frankräich erëm an de Virdergrond komm, vu dass hien a senger Walcampagne sech fir eng déifgräifend Euro-Reform ausgeschwat huet. Dofir fokusséiere mir eis haut op déi politesch Proposen, déi vun der Europäescher Kommissioun a vum Macron zesumme mat der däitsche Bundeskanzlerin Merkel gemaach… Weiderliesen

EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis? De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.… Weiderliesen

Parlamentswahlen an Italien

Wat ass an Italien geschitt, wien huet Wahle gewonnen a wat kéint sech veränneren? Den 28ten Dezember 2017 huet den italienesche Staatspresident Sergio Mattarella per Dekret d’Chamber an de Senat opgeléist fir domadder nei Wahle ze lancéieren, déi doropshin de 4te Mäerz ofgehale goufen. Gewielt gouf e neit Parlament an e groussen Deel vum Senat.  Virun de Wahle gouf Italien vun enger Mëtt-Lenks-Koalitioun regéiert, mat der Demokratescher Partei (Partito Democratico) un der Spëtzt déi mam Matteo Renzi an dem Paolo Gentiloni déi zwee wichtegst Memberen vun der Regierung gestallt hunn. D’Demokratesch Partei war bei de leschte Wahlen am Joer 2013 an d’Regierung komm, obwuel d’5 Stäre Beweegung ( Movimento 5… Weiderliesen

Austrëtt vum Trump aus dem Atom-Ofkommen mam Iran

Em wat handelt et sech bei dësem Ofkommes? Ween ass involvéiert a wat huet dësen Austrëtt fir méiglech Konsequenzen? Virum Accord war den Iran bekannt fir säi kontroversen Atomprogramm dee permanent vu westlecher Säit aus hefteg kritiséiert gouf an och deementspriechend reegelméisseg mat Sanktioune beäntwert gouf. No 13 Joer laange Verhandlungen hunn dunn 2015 den Iran, déi 5 UN-Vetomuechten (Frankräich, Russland, China, Groussbritannien, USA), Däitschland an d’Europäesch Unioun schlussendlech een Ofkommes decidéiert. Am Kader dovu sollt den Iran op quasi all Méiglechkeet fir Atomwaffen ze baue verzichten a keen Uran méi ureegen. Des Weidere sollt den Iran a ville Punkte wat Uran, Plutonium an allgemeng méiglech Atomwaffen uginn ageschränkt ginn. Deemno gi si reegelméisseg vun der internationaler Atomenergieorganisatioun kontrolléiert a mussen an den… Weiderliesen

200 Joer Karl Marx

De leschte Freiden huet de Karl Marx seng 200 Joer geféiert. Zu Tréier gouf zu sengen Éieren eng ca. 6 Meter héich Statue als Kaddo vu China agewéiht. Dem Karl Marx säi bekanntste Wierk ass wuel „Das Kapital“, wou hien seng Kritik iwwert de Kapitalismus niddergeschriwwen huet. Engersäits huet hie vill Kritiker an anerersäits Supporter, mee wat  bedeit dem Karl Marx seng Theorie iwwerhaapt? Eng staark miniméiert Erklärung dës Woch an eisem Artikel. De Karl Marx senger Theorie no, ass de „einfachen Aarbechter“ (Proletarier) gezwongen, seng Aarbechtskraaft als Wuer ze verkafen. Well de Proletarier näischt vu Besëtz huet, muss hien schaffe goen, domat kann hien seng Existenz opriicht erhalen. Wann den Aarbechter eppes produzéiert, entsteet ee Produit mat engem… Weiderliesen

Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer. Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun… Weiderliesen

Wat ass den Eurogrupp?

D’Eurogrupp war déi lescht Deeg vill an den Noriichten, nodeems een néie President gewielt gouf – de Portugis Màrio Centeno. Mee wat mëscht d’Eurogrupp a wéi eng Roll huet si an der EU? Dat wëlle mir iech dës Woch méi genau erklären. D’Eurogrupp ass een informelle Gremium, wou d’Finanzminister aus allen Euro-Memberstaaten vertruede sinn. De President vun der Eurogrupp (deen och e Minister vun engem Land muss sinn), de Vize-President vun der Europäescher Kommissioun, den als Ressort Wirtschaft, Finanzen an den Euro huet, an och de President vun der Europäescher Zentralbank sinn an de Sëtzungen dobäi. Jee nom Sujet ginn och… Weiderliesen