Wat ass Glyphosat?

Kee Mëttel gëtt méi benotzt fir Onkraut vun de Felder z’eliminéieren, all Joer gëtt et weltwäit op eng Fläch sechs Mol sou grouss wéi Frankräich gesprëtzt, mee géint kaum ee Mëttel sinn Ëmweltorganisatiounen a sëllech Politiker sou Stuerm gelaf. No laangem Gestreits gouf dëse Méindeg decidéiert, dass d’Substanz an der EU em weider 5 Joer benotzt dierf ginn. Wat huet et mam Glyphosat op sech? Keen huet der Mollekül hiert Potenzial erkannt, wéi e Schwäizer Chemiker se 1950 fir d’éischt kënschtlech hiergestallt huet. Dat selwecht huet 20 Joer duerno déi amerikanesch Firma Monsanto gemaach, déi se awer als Onkrautmëttel patentéiert… Weiderliesen

Wisou gëtt Cattenom net zougemaach?

Feier, Accidenter, Sécherheetslücken… ëmmer nees beonrouegt dat franséischt Atomkraaftwierk zu Cattenom, just puer Kilometer fort vun Däitschland a Lëtzebuerg. Mee wisou gëtt d’Atomkraaftwierk eigentlech net ofgeschalt? Frankräich ass d’Atom-Land schlechthin: 2016 sinn iwwer 72% vum franséische Stroum aus Atomkraaftwierker komm. Een Undeel, un dee weltwäit keen anert grousst Land och nëmmen erukënnt. Däitschland huet z.B. dat selwecht Joer 13 % vum Stroum sou produzéiert, Groussbritannien 21%. Anescht wéi an dësen zwee Länner ass a Frankräich nämlech net vill Kuel oder Gas ze fannen. Energie war awer nom 2. Weltkrich néideg fir ëmmer méi Stroum ze produzéieren. Gläichzäiteg war d‘Faszinatioun fir Atomenergie… Weiderliesen

Wahlen an Éisträich

Leschte Sonnde waren eng ronn 6,4 Milliounen Éisträicher berechtegt en neien Nationalrot ze wielen. No dëse Wahle gesäit et ganz dono aus wei wann den nëmmen 31 Joer ale Sebastian Kurz vun der konservativer „Östereischische Volkspartei“ (ÖVP) neie Bundeskanzler a sengem Land gëtt. Seng Partei konnt sech nämlech mat 31,5 % vun de Stemme virun der sozialistescher SPÖ (26,9 %) an der rietser FPÖ (26%) duerchsetzen. Mee wei gesinn elo déi méiglech Regierungskoalitiounen aus ? An wisou gëtt souvill vun engem sougenannte „Rietsruck“ geschwat ? Nom Broch vun der sozialistesch-konservativer Koalitioun ënner dem Kanzler Kern  stoungen e Sonnde virgezunne Wahlen un. De Sebastian Kurz geet no dëse Wahlen als kloren Gewënner ervir. Mat 31 Joer wier hien am Fall vun enger Kanzlerschaft… Weiderliesen

Wei geet et weider no der Bundestagswahl?

Nom Resultat vun den däitsche Bundeswahle leschte Sonnden, de 24. September, steet d’Angela Merkel virun hirer véierter Amtszäit als Bundeskanzlerin. Dobäi huet hier politesch Partei – d’CDU an d’Schwësterpartei CSU – e bedeitende Verloscht erlidden: Et as dat schlechtst Wahlresultat fir d’Partei säit 1949. Eng vun deenen éischten Aufgaben déi dem Merkel no de Wahlen elo virleit as et, eng Regierung op Basis vun de Wahlresultater ze bilden. Me wei gesinn déi verschidde Koalitiounsmeichlegkeeten eigentlech aus? Dëst Joer sëtze fir déi éischt Kéier erëm säit den 1950er 6 Parteien am Bundestag. Dat heescht, dass den Total vun den 709 Sëtz deelweis op mei kleng Parteie verdeelt sinn. Am Verglach zu de Wahlresultater 2013, hun dëst Joer d’AfD an d’FDP… Weiderliesen

Polen- Um Wee zum autoritären Staat?

Dës Woch schreiwe mir iwwert déi nei Justiz-a Medienreforme vu Polen, déi säit Méint ëmmer erëm kuerz an de Noriichte sinn. Mee ët gëtt kritiséiert dass dës Reforme fir een EU-Memberstaat eng signifikant Verschlechterung vun der Demokratie an der Gewaltentrennung sinn. Dowéinst wëlle mir erkläre wat sech a Polen duerch d’Reforme verännert a wéi d’EU dorop reagéiert. Déi néi Justizreform a Polen gëtt dem Justizminister Zbigniew Ziobro d’Kompetenz fir all déi aktuell Riichter vum „Tribunal Supérieur“ z’entloossen an déi duerch Riichter ze ersetzen, déi der Regierung no stinn. De Justizminister kritt zudeem vill méi Afloss zougesprach fir Riichter kënnen Uweisungen… Weiderliesen

Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen

Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte Brexit offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem Referendum geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir  den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland? Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand  an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der EU verhandele mat der Gewëssheet dass d’Majoritéit vum Land kloer… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?

Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche President ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord  wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ? D’Zil vum Accord ass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill CO2 ausgestouss ginn, wei de Planéit selwer… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Macron?

D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische President. De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’Europäesch Unioun gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron? Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer positionéiert. Réischt wann hien seng Ministeren, dorënner och… Weiderliesen

Wat dierf en(g) franséisch(en) President(in)?

Den leschten Sonnden waren ons franséisch Noperen opgeruff een neien President ze wielen. Dobäi konnten eng ronn 47 Milliounen Fransousesn hier Stëmm vir hiren Favorit ofginn. Bei dësem éischten Tour vun den Presidentiellen goung et dorëms vir erauszefannen, wéi eng 2 Kandidaten am meeschten Stëmmen kruten. Do konnten sech d’Marine Le Pen vum rietspopulisteschen Front National an den onofhängegen Kandidat Emmanuel Macron duerchsetzen. Si trieden den 7. Mee an engem 2. Tour nach eng Kéier géinteneen un. De Gewënner gëtt dann zum(r) neien(r) President(in). Mee wat sinn iwwerhaapt d’Pouvoiren vun engem franséischen president? An wéi gesinn déi politesch Pläng vum… Weiderliesen

Wéi geet den Brexit weider?

Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten “Brexit” natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen. Am Juni 2016 ass an England an engem Referendum ofgestëmmt ginn fir aus der EU auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d’Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d’Resultat vun dësem Referendum an d’Réalitéit emzesetzen… Weiderliesen

Wat ass den “Schulz-Effekt”?

Elo ass et offiziell. Nodeems den 61-järege Politiker Martin Schulz a ganz Däitschland eng „Schulzmania“ ausgeléist huet, gouf hien de Sonden um ausseruerdentleche Parteidag vun der SPD zu hirem neie Parteichef gewielt – mat engem Resultat, dat an d’Geschicht ageet. 100% vun de 605 gültege Stëmmen huet hie kritt, just 3 Vote waren net gülteg. Domat stellt de Schulz en neie Rekord an der Nokrichszäit op. Mä wouhier kënnt dat Resultat? Den eemolege President vum EU-Parlament hat am November 2016 ugekënnegt, vun der Europapolitik zréck an d’Bundespolitik an Däitschland ze wiesselen. Den 29. Januar 2017 gouf hie vum SPD-Parteivirstand eestëmmeg zum Kanzlerkandidat ernannt – den Ufank vu sengem Rakéitenopstieg. Säit des Decisioun getraff gouf, huet d’SPD 13000… Weiderliesen

Wat sinn déi transatlantesch Bezéiungen?

Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en NATO  an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass. Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen. D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch de Marshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft… Weiderliesen