Turnup Tun – Wéi ass d’Meenungsfräiheet juristesch encadréiert

Auteure: Catherine Elvinger     Viru kuerzem ass de Kënschtler Turnup Tun fir säi Lidd “FCK LXB” an éischter Instanz fräigesprach ginn. D’Ursaach: säi Lidd fält ënnert d’Protektioun vun der Meenungsfräiheet. Wat genau ass d’Meenungsfräiheet? Ass dës Fräiheet onlimitéiert oder ginn et Grenzen? D’Meenungsfräiheet ass d’Recht fir seng Iwwerzeegungen, Gedanken a Meenungen auszedrécken. Et fënnt ee se a verschiddene legalen Texter erëm, ënner anerem och dem bekannten Artikel 10 vun der Europäescher Konventioun fir Mënscherechter. Déi hunn all EU-Länner ënnerschriwwen an enthält Rechter, déi a jidderengem vun deene Länner fir all Mënsch gëlle mussen. D’Meenungsfräiheet deckt all Forme vum Ausdrock,… Weiderliesen

Wéi ee Cannabis-Modell fir Lëtzebuerg?

Säit kuerzem ass zu Lëtzebuerg medezinesche Cannabis erlaabt, Doktere kënnen en hire Patienten ënnert Oplage fir Behandlunge verschreiwen. Fir Fräizäitzwecker ass d’Planz awer säit laangem verbueden, an dat wëll d’Regierung bis 2023 änneren. Wéi wäert de “lëtzebuergesche Modell” ausgesinn? Um Ufank vum leschte Joerhonnert goufen Droge no a no verbueden. Bis dohin hat een e relativ lockeren Ëmgang dermat, de Poopst huet z.B. mat engem Kokain-Wäin Reklamm gemaach an d’Pharma-Firma Bayer (haut nach eng vun deene ganz groussen) huet Heroin als Houscht-Mëttel verkaf. Wéi ee gemierkt huet, dass Droge seriö Problemer kënne mat sech bréngen, wéi z.B. Sucht an extrem… Weiderliesen

Een néit Wahlsystem fir Lëtzebuerg?

  Ëmmer nees gouf eise Wahlsystem geännert, an och elo gëtt et sëllech Virschléi fir Reformen. Ëm wat geet et? De Sonnde gouf eng nei Chamber gewielt, dofir konnten 256.698 Leit hir Stëmmen op Wahlziedelen androen. Déi gesi verschidden aus, jee nodeem wou ee wunnt: Am Bezierk Süden huet een 23 Stëmmen zegutt, am Zentrum 21, am Norden 9 an am Osten 7. Genee souvill Deputéierter komme no de Wahle pro Bezierk an d’Chamber. Dës Zuele gi sou gerechent, dass an all Bezierk d’Unzuel u Stëmmen pro Unzuel Awunner d’selwecht ass. Am Zentrum, wou vill Auslänner ouni Wahlrecht wunnen, ass… Weiderliesen

Wat ass den Index?

Wei den Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Densden via Twitter annoncéiert huet ass ab dem 1 August eng néi Indextranche fälleg. Dat bedeit konkret, dass ab dem Daach d’Salairen, d’Paien an d’Pensioun em 2,5% klammen wäerten. Et ass déi 1. Indextranche säit dem 1. Januar 2017. Mee em wat handelt sech lo genau beim Index an wat ass den Ausléiser vun der rezenter Erhéijung ? Wann vum Index geschwat gëtt, handelt et sech em d’Upassung vun den Léin, Paien an Pensiounen am Verglach zur globaler Präisentwécklung hei am Land. Fir des Entwécklung ze ermëttelen gouf sech op een Wuerekuerf geénegt. Dësen Wuerekuerf enthält Produiten vum dächlegen Gebrauch, wei zum Beispill Brout, Botter oder Béier. Doniewent sinn awer och Déngschtleeschtungen am Index… Weiderliesen

Lëtzebuerger Identitéit

Wéinst Nationalfeierdag schreiwe mir den Artikel vun dëser Woch iwwer Lëtzebuerg. Dofir presentéiere mir a 500 Wierder d’Geschicht vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an Debatt iwwert d’Roll vun der lëtzebuergescher Sprooch an eiser Gesellschaft. An der Geschicht huet de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ëmmer geännert. Traditionell gouf nämlech de Gebuertsdag vum jeeweilege Grand-Duc als nationale Feierdag zu Lëtzebuerg bestëmmt a gefeiert. Sou ass de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ënnert der Grand-Duchesse Charlotte iwwer 50 Joer op den 23. Januar gefall. Well et awer onangenehm war, den Nationalfeierdag am Wanter ze feieren, gouf 1961 beschloss, den nationale Feierdag op den 23. Juni ze leeën. Den Dag war also den nämmlechten, et gouf just en méi waarmen Mount gewielt. Déi Decisioun gouf dann… Weiderliesen

Déiereschutz

Virun zwee Joer gouf ee Projet de Loi am Zesummenhang fir ee besseren Déiereschutz vum Landwirtschaftsministère virgestallt. Dës Woch ass dann dat neit Déiereschutzgesetz an der Chamber eestëmmeg gestëmmt ginn. Mee wat heescht dat néit Gesetz fir Déieren a fir d’Besëtzer? Dat gitt dir dës Woch vun eisem Artikel gewuer. Dat néit Déiereschutzgesetz soll dat alt Gesetz vun 1983 ersetzen. D’Ëffentlechkeet huet an de leschte Joren sech ëmmer méi fir ee bessere Schutz fir Déieren a méi héich Strofen agesat. 2014 goufen am Parlament zwou Petitiounen an enger Sëtzung diskutéiert, déi Erfolleg hate mat iwwer 4500 Ënnerschrëften. Mat der Aféierung , dat Déieren eng Dignitéit hunn, bréngt dat eng ganz néi Perspektiv an den Déiereschutz.… Weiderliesen

EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis? De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.… Weiderliesen

Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer. Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun… Weiderliesen

Wat ass e Buergermeeschter?

Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den drëtten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Buergermeeschter. Dofir hu mir mam Manon Bei, LSAP, vun Dippech a mam Henri Kox, Déi Gréng, vu Réimech geschwat.   Wéi gesäit den Alldag vun engem Buergermeeschter aus ? Manon Bei-Roller: Ech ginn dat am Fong wéi eng “mère de famille” un. Ech soen ëmmer et ass e Betrib an dee muss guidéiert ginn – net geleet ginn, well ech mengen administrativ gesinn,… Weiderliesen

Wat ass e Schäffen?

  Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den zweeten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Schäffen. Dofir hu mir mam Simone Beissel, DP, aus der Stad a mam Fréd Ternes, CSV, vu Nidderaanwen geschwat. Wéi gesäit den Alldag vun engem Schäffen aus ? Fréd Ternes: „Hei an der Gemeng ass den Alldag esou, dass mir dräi mol d’Woch eng Sëtzung am Schäfferot hunn, wou sech déi zwee Schäffen an de Buergermeeschter an de Sekretär zesummesetzen. Do ginn… Weiderliesen

Wat ass d’Frisbee-Affär?

Eng Affär, déi zu Neiwahlen, enger neier Regierung gefouert huet a soss och fir vill Opreegung gesuergt huet, kennt elo esou lues, mat der Uklo vu fréiere Mataarbechter vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL, nees un d’Rullen. Mä em wat geet et eigentlech an där Affär? Wien ass dra verwéckelt a wie steet elo eigentlech viru Geriicht a wéinst wat mussen déi Leit sech veräntweren? Dat sinn déi Froen, op déi mer des Woch versichen, ze äntweren. D’‘Frisbee’-Affär, wéi se vun den deemolege Mataarbechter vum SREL, dem lëtzeboiesche Geheimdéngscht, intern genannt ginn ass (well et em eng CD geet, déi e bëssen ausgesäit wéi e… Weiderliesen

Wat ass en Nationalkongress?

Déi lescht Wochen hunn all Parteien zu Lëtzebuerg hir Nationalkongresser ofgehalen a sech op d’Gemengewalen am Oktober agestëmmt. Mä wat ass esou e Nationalkongress eigentlech? Iwwert wat gëtt do geschwat a decidéiert? Des Woch brénge mer iech dat méi no.  An der Basis ass e Nationalkongress vun enger politescher Partei e Rendez-Vous, deen normalerweis all Joer statt fënnt an op deem sech d´Memberen aus där Partei aus dem ganze Land treffen. Am normale Fall, ginn op engem Nationalkongress déi grondleeënd Ideologie an déi politesch Grondsätz vun der Partei presentéiert. Ausgeschafft ginn déi vun de Bezierker a vun den Ënnerorganisatioune (z.B. fir Senioren oder fir déi Jonk) vun enger Partei. Dacks gëtt doranner d´Vergaangenheet vun… Weiderliesen