Wahlen an Holland

De 15. Mäerz gëtt an Holland en neit Parlament gewielt. Dës Wahle suergen awer fir méi Opreegung am Rescht vun Europa, wéi normalerweis. Dowéinst geet et haut an eisem Blog dorëm, wie gutt Chancen huet, den nächste Premierminister ze ginn a firwat dës Wahlen esou wichteg fir Europa sinn. De momentane Premierminister Mark Rutte vun der VVD – enger liberaler Partei – geet och fir dës Wahlen erëm als Spëtzekandidat vu senger Partei an d’Rennen. An de meeschten Ëmfroe gesäit et awer esou aus, wéi wa seng Partei vill Stëmme wäert verléieren – verschiddenen Ëmfroen no souguer bal 50% vun den Sëtz,… Weiderliesen

Wie gëtt franséisch(en) President(in)?

Dës Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron  (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hu sech a Wahlen bannent hire Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an de franséische Wahlsystem ginn. Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do kee Kandidat méi wéi 50% vun de Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat.  Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un, déi am éischten Tuer déi meeschte Stëmme kruten. Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet, fir seng Beweegung „En Marche!“ ze grënnen. Hie… Weiderliesen

Wat ass de Muslim Ban?

Dës Woch huet den amerikanesche President mat sengem „Executive Order“ decidéiert, dass Mënschen aus Syrien, Iran, Sudan, Libyen, Somalien, Yemen an dem Irak während den nächsten 90 Deeg net méi an d´USA areesen dierfen. Dat huet weltwäit fir Opreegung a Protester gesuergt. Dofir wëlle mir dës Woch erklären ëm wat et beim „Muslim Ban“ geet a wat en „Executive Order“ iwwerhaapt ass. Generell ass en „Executive Order“ eng Veruerdnung vum amerikanesche President, déi de Verwaltunge virschreift, wéi si ze schaffen hunn. Den amerikanesche President steet un der Spëtzt vun den nationale Verwaltungen an dowéinst mussen all Ministérie sech un deenen Uweisungen orientéieren. Mä wat ass elo de „muslim… Weiderliesen

Wat sinn d’israelesch Siidlungen?

E Mëttwoch huet déi israelesch Regierung decidéiert, 2500 weider Wunnengen a sougenannte “Siidlungen” ze bauen. Dëst war déi zweet esou Decisioun zanter deem den Trump als amerikanesche President ageschwuer ginn ass. Mä wat sinn déi Siidlungen? Wat hu se mam Israeli-palestinensesche Konflikt ze dinn? A wat ass d’Verbindung mam Trump sengem Ufank als US-President? Fir ze verstoen, wat déi Siidlunge genau sinn a firwat se esou kontrovers sinn, muss een d’Geschicht vum Israeli-palestinensesche Konflikt kennen. Scho virum zweete Weltkrich, wéi England d’Gebitt vum haitegen Israel a Palestina kontrolléiert huet, hunn d’Judden an d’Araber sech bekämpft. Béid gesinn d’Land a virun allem Jerusalem als helleg un. Während dem Zweete Weltkrich si vill Judden, déi virum Holocaust fortgelaf… Weiderliesen

Wéi ongläich ass Lëtzebuerg?

Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hire Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hu si fonnt, dass déi 8 räichste Männer (nëmme Männer) zesummen esou räich sinn, wéi déi äermste 50% vun der ganzer Welt. Natierlech sinn ënnert den 8 räichste Leit zum Beispill de Bill Gates an de Warren Buffett, déi vill vun hire Suen spenden. Mä den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: d’Welt gëtt méi ongerecht. Mä wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech? Vill Leit – inner- an ausserhalb vun Lëtzebuerg – kennen déi berühmte Statistik, dass Lëtzebuerg zanter Joren ënnert de räichste Länner vun der Welt ass. Mä de Räichtum vun engem Land verréit… Weiderliesen