Déiereschutz

Virun zwee Joer gouf ee Projet de Loi am Zesummenhang fir ee besseren Déiereschutz vum Landwirtschaftsministère virgestallt. Dës Woch ass dann dat neit Déiereschutzgesetz an der Chamber eestëmmeg gestëmmt ginn. Mee wat heescht dat néit Gesetz fir Déieren a fir d’Besëtzer? Dat gitt dir dës Woch vun eisem Artikel gewuer. Dat néit Déiereschutzgesetz soll dat alt Gesetz vun 1983 ersetzen. D’Ëffentlechkeet huet an de leschte Joren sech ëmmer méi fir ee bessere Schutz fir Déieren a méi héich Strofen agesat. 2014 goufen am Parlament zwou Petitiounen an enger Sëtzung diskutéiert, déi Erfolleg hate mat iwwer 4500 Ënnerschrëften. Mat der Aféierung , dat Déieren eng Dignitéit hunn, bréngt dat eng ganz néi Perspektiv an den Déiereschutz.… Weiderliesen

EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis? De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.… Weiderliesen

Parlamentswahlen an Italien

Wat ass an Italien geschitt, wien huet Wahle gewonnen a wat kéint sech veränneren? Den 28ten Dezember 2017 huet den italienesche Staatspresident Sergio Mattarella per Dekret d’Chamber an de Senat opgeléist fir domadder nei Wahle ze lancéieren, déi doropshin de 4te Mäerz ofgehale goufen. Gewielt gouf e neit Parlament an e groussen Deel vum Senat.  Virun de Wahle gouf Italien vun enger Mëtt-Lenks-Koalitioun regéiert, mat der Demokratescher Partei (Partito Democratico) un der Spëtzt déi mam Matteo Renzi an dem Paolo Gentiloni déi zwee wichtegst Memberen vun der Regierung gestallt hunn. D’Demokratesch Partei war bei de leschte Wahlen am Joer 2013 an d’Regierung komm, obwuel d’5 Stäre Beweegung ( Movimento 5… Weiderliesen

Austrëtt vum Trump aus dem Atom-Ofkommen mam Iran

Em wat handelt et sech bei dësem Ofkommes? Ween ass involvéiert a wat huet dësen Austrëtt fir méiglech Konsequenzen? Virum Accord war den Iran bekannt fir säi kontroversen Atomprogramm dee permanent vu westlecher Säit aus hefteg kritiséiert gouf an och deementspriechend reegelméisseg mat Sanktioune beäntwert gouf. No 13 Joer laange Verhandlungen hunn dunn 2015 den Iran, déi 5 UN-Vetomuechten (Frankräich, Russland, China, Groussbritannien, USA), Däitschland an d’Europäesch Unioun schlussendlech een Ofkommes decidéiert. Am Kader dovu sollt den Iran op quasi all Méiglechkeet fir Atomwaffen ze baue verzichten a keen Uran méi ureegen. Des Weidere sollt den Iran a ville Punkte wat Uran, Plutonium an allgemeng méiglech Atomwaffen uginn ageschränkt ginn. Deemno gi si reegelméisseg vun der internationaler Atomenergieorganisatioun kontrolléiert a mussen an den… Weiderliesen

200 Joer Karl Marx

De leschte Freiden huet de Karl Marx seng 200 Joer geféiert. Zu Tréier gouf zu sengen Éieren eng ca. 6 Meter héich Statue als Kaddo vu China agewéiht. Dem Karl Marx säi bekanntste Wierk ass wuel „Das Kapital“, wou hien seng Kritik iwwert de Kapitalismus niddergeschriwwen huet. Engersäits huet hie vill Kritiker an anerersäits Supporter, mee wat  bedeit dem Karl Marx seng Theorie iwwerhaapt? Eng staark miniméiert Erklärung dës Woch an eisem Artikel. De Karl Marx senger Theorie no, ass de „einfachen Aarbechter“ (Proletarier) gezwongen, seng Aarbechtskraaft als Wuer ze verkafen. Well de Proletarier näischt vu Besëtz huet, muss hien schaffe goen, domat kann hien seng Existenz opriicht erhalen. Wann den Aarbechter eppes produzéiert, entsteet ee Produit mat engem… Weiderliesen

Historeschen Progrès a Korea

Virun en puer Deeg gouf vill an de Medie iwwer Nord- a Südkorea geschriwwen. De Kim Jong-Un, Diktator vun der nordkoreanescher Republik, an de Moon Jae-in, President vu Südkorea, hunn sech nämlech d’Hand gereecht fir iwwer Friddensverhandlungen ze diskutéieren. Wéi soll de Friddensaccord ausgesinn, an ass eng schnell Friddensléisung iwwerhaapt realistesch? En kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Aktualitéit vu Korea… Et war besonnesch, wéi sech déi zwee Staatscheffe leschte Freiden an der demilitariséierter Zone zu Panmunjom getraff hunn: Et ass nämlech déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass den nordkoreaneschen Diktator südkoreanescht Land betrëtt. Offiziell befannen sech déi zwee Länner nämlech nach am Krich, well et 1953 just zu engem Waffestëllstand komm ass, mee et gouf ni en Friddensvertrag ofgeschloss.… Weiderliesen

Wisou si grad Chemiewaffe verbueden – a ginn awer benotzt?

Dem syresche Regimm gouf viru Kuerzem virgeworf, Attacke mat chemesche Waffe gefouert ze hunn. Dat ass international geächt, dowéinst hunn Amerika, Frankräich a Groussbritannien Rakéiten op syresch Ariichtunge geschoss,  an deenen dës Waffen hiergestallt oder stockéiert solle ginn. Mee wisou si grad chemesch Waffe verbueden, wärend sou vill anerer an all Krich benotzt ginn? E Bléck op den éischte groussen Asaz vu chemesche Waffen erkläert villes. Dat war 1915 zu Ypres an der Belsch, hei hunn am éischte Weltkrich däitsch Zaldote géint franséischer an algerescher gekämpft. Béid Säite wollten de Géigner mat Gas vergëften, ervirgestach ass dunn awer notamment den däitsche Chemiker… Weiderliesen

Wourëms geet et am Handelskrich tëscht China an den USA?

Schonn Ufanks Mäerz huet den US-President Donald Trump vu 25% op Importer vu Stol an 10% op Importer vun Aluminium, fir all Länner, déi mat den USA handelen, anzeféieren. An deene leschte Woche gëtt mëttlerweil scho vun engem Handelskrich tëscht den USA a China geschwat. Wei huet sech dëst Situatioun entwéckelt? An wourëms geet et iwwerhaapt an engem Handelskrich? En Handelskrich kann ee verstoen als eng Aart Kettereaktioun vu politeschen Initiativen, déi doranner bestinn, dass bestëmmte Länner sech géigesäiteg ëmmer méi Handelsrestriktiounen imposéieren. Dëst Kettereaktioun fänkt domadder un, dass ee Land nei Reegele fir den Handel mat engem anere Land… Weiderliesen

Cambridge Analytica a Big Data

Déi lescht Woch ass vill iwwert Cambridge Analytica geschwat ginn. Déi sollen sech mat illegale Mëttelen Zougang zu zirka 50 Millioune Facebook-Konte verschaf hunn an déi Date geklaut hunn.  Wéi steet Facebook a co. iwwerhaapt zum Schutz vun äiser Privatsphär a wat huet „Big-Data“ domat ze dinn? Dat gitt dir dës Woch am Artikel gewuer. D’Entreprise Cambridge Analytica (CA) ass an der leschter Woch bekannt ginn, andeems d’Berodungsfirma duerch illegal Methoden Donnéeë vu Ronn 50 Millioune Facebook-Benotzer geklaut soll hunn. D’Firma ass mat Hëllef vun engem Dozente vun der Universitéit vu Camebridge un déi Donnéeë komm. Och Facebook huet him Zougang zu anonymiséierten Donnéeë vu Facebook-Notzer weiderginn, een Expert vun der Columbia Universitéit mengt och, dat Facebook… Weiderliesen

Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer. Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun… Weiderliesen

Wat ass de Schutdown an den USA?

Iwwert de Weekend konnt ee vill iwwert de sougenannten ,,Government Shutdown“ an Amerika héieren. Een Zoustand den et schonns puer mol an der Amerikanescher Geschicht ginn ass. Mee wei kennt et zu esou engem Shutdown ? An wat sinn d’Konsequenzen dovunner vir d’Land an seng Bierger ? Ausgerechent um Joresdag vum Donald Trump senger Vereedegung als amerikanesche President koum et zu engem Stëllstand vun der amerikanescher Regierung. Samschdes moies ab 0.00 a Méindes koum et zu engem finanziellen Ausgabestop de Groussdeeler vun de Ministèren an ëffentlechen Ariichtungen am Land lahm geluecht huet. Mee wei konnt et esou weit kommen ? Schold un dëser Situatioun sinn deels grouss Meenungsdifferenzen tëschent Demokraten a Republikaner wann et em de Budget vun der US Regierung geet. Den Trump well méi Ausgabe fir Militär… Weiderliesen

Wisou wëll den Donald Trump Jerusalem als israelesch Haaptstad unerkennen?

Fir den Donald Trump war et virun allem d’Ëmsetzung vun engem Wahlverspriechen, dat bei verschiddenen amerikanesche Wieler scho méi laang populär ass. Weltwäite Protest war awer d’Äntwert op seng Ukënnegung, Jerusalem offiziell als israelesch Haaptstad unzëerkennen. Fir déi meescht Staaten heescht déi nach ëmmer Tel Aviv – sou och fir Lëtzebuerg –  a besonnesch an der islamescher Welt ass dës Decisioun op méi wéi Kapprësele gestouss. Wisou féiert dës Stad säit Joerdausenden zu Doudegen? Hannert de politesche Grënn verstoppe sech Dausende Jore Geschicht: laut der  helleger jiddescher Schrëft, der Tora, wier d’Stad virun 3000 Joer Haaptstad vum israelesche Kinnekräich ginn.… Weiderliesen